Radioen

On air

Notturno  |  Friendship - Ugly Little Victory

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi aacht Acts um Screaming Fields 2019

Musikaleschen Nowuess

Déi aacht Acts um Screaming Fields 2019

E Samschdeg den 13. Juli trieden Newcomer aus der Lëtzebuerger Pop- a Rockzeen an der Rockhal op. Wie verstoppt sech hanner den aacht Nimm? Mir stelle se vir.

auto_stories

4 min

Francis of Delirium

"Meng éischt EP hunn ech selwer a mengem Schlofzëmmer opgeholl". Déi 17 Joer al Musekerin setzt op eng DIY Ästhetik. "Et ass nëtzlech autonom ze si punkto Produktioun. An deem Beräich wëll ech mech an Zukunft definitiv méi eraschaffen". Am Moment wier si nach am Gaangen hiren eegene Sound ze entdecken, Rock orientéiert, awer sécherlech net dorop limitéiert.

Lauschterenplay_arrow


Epicure.

"Mir hunn an der Lescht e grousse Sprong no vir gemaach". D'Band ass elo zu sechs an de fréiere Batteur ass op Synthi gewiesselt. Elo wiere méi Klang-Méiglechkeeten do. "All Prouf hu mir quasi en neit Lidd oder eng nei Iddi". Jiddwereen hätt seng eegen Aflëss, déi an de Projet fléissen. An Zukunft freeë si sech elektronesch Sounds nach méi anzebannen.

Lauschterenplay_arrow


Hannah Ida

"Ech schreiwen haaptsächlech iwwer dat, wat mech ëmgëtt a mengem alldeegleche Liewen". De Prozess vum Lidderschreiwe wier fir d'Musekerin zimlech natierlech gewiescht. "Musek war déi Konschtform, déi ech ëmmer gesicht hunn". Mat hirer akustescher Musek wéilt si d'Leit zum Nodenke bréngen. "Zur Rou kommen an enger chaotescher Welt, dat fannen ech schéin."

Lauschterenplay_arrow


Parity

"Mir maache moderne Metal, eng Mëschung vu ville Metalzorten". D'Band aus dem Süden ass op der Sich no hirem eegene Sound. "Dat Raut aus dem Süde kéint en Afloss duerstellen". D'Formatioun ass vun enger Sängerin déi screamt gefront. Domat géif sech eppes Neies hei am Land etabléieren. "Beim Opriichte gëtt ee vläicht als Fra, déi screamt, e bësse belächelt". Nom Soundcheck géifen awer déi ganz haart Männer dann awer och op eemol grouss kucken.

Lauschterenplay_arrow


Christina Kalyss

"Et war zimlech natierlech fir mech meng Musek mat aneren ze deelen". Déi 22 Joer al Sängerin huet kierzlech hir éischt EP erausbruecht. "Ech wëll och esou séier wéi méiglech meng Musek am Ausland presentéieren". Si wier ganz oppe fir mat anere Museker ze collaboréieren an als R'n'B Sängerin zu Lëtzebuerg géif si all jonk Meedercher, déi dat hei och wëlle maachen, absolut encouragéieren.

Lauschterenplay_arrow


Drife

"Britesch Rockmusek vun Enn den 80er bis an d'2000er si fir eis eng staark Referenz". D'Band aus dem Norde steet zu siwen op der Bühn an ass vum Alter hir breetgefächert. Ufanks stounge Coveren um Programm, mee déi lescht 12 Méint hätt sech de Grupp vum Songwriting hir staark entwéckelt. "D'Prioritéit ass Spaass un der Musek an d'Passioun, déi mir deelen".

Lauschterenplay_arrow


ÆM

D'ÆM ass am elektroneschen Dream-Pop doheem. D'lescht Joer huet d'Musekerin de Song Contest um Screaming Fields Festival gewonnen. "Dëst Joer hunn ech geduecht ech kéint um Festival meng Live-Performance verbesseren." Ze gewanne wier fir si keng direkt Prioritéit. "Den Event erlaabt mir an éischter Linn ze léieren a mech weiderzëentwéckelen." An hirem Liewe wéilt si einfach nëmme Musek maachen.

Lauschterenplay_arrow


Lara Grogan

"Zanter véier Joer schreiwen ech Popmusek". Am Ufank wier d'Musek éischter en Hobby gewiescht. Mat 13 war d'Musekerin am Screaming Fields Song Contest an den Top 5. "Dunn hunn ech geduecht, wann ech schonn esouwäit komm sinn, da kéint ech dat e bësse méi seriö maachen". D'Beatles wieren de Grond, firwat si ugefaangen huet Lidder ze schreiwen.

Lauschterenplay_arrow