Kultur um 5 De Mann hanner der Stëmm

De Barry Alldis war eng vun de bekannteste Stëmme vu Radio Luxembourg. "Under the Covers" ass e Lidd, wat d'Liewe vun dëser Radioslegend wierdegt.

Claudine Muno / tt

Barry Alldis
De Barry Alldis.

De Barry Alldis war eng vun de bekannteste Stëmme vum englesche Programm vu Radio Luxembourg, vun 1956 bis zu sengem fréien Dout 1982, mat nëmmen 51 Joer. Schonn als Kand entdeckt de gebiertegen Australier seng Begeeschterung fir de Medium Radio. Hie kënnt fir d'éischt op London, dann op Lëtzebuerg, wou hien net nëmme seng spéider Fra, Fernande Stoffels, kenne léiert, mee och als Presentateur vun der populärer Top Twenty Emissioun bis zu 12 Milliounen Nolauschterinnen an Nolauschterer erreecht.

Ufank vun dësem Joer koum mat "Under the Covers" e Lidd eraus, an deem d'Liewe vun der Radioslegend gewierdegt gëtt. Matgeschriwwen um Text huet dem Barry Alldis seng Duechter, Janet Alldis. Den Titel vum Stéck bezitt sech dann och dorop, datt besonnesch Kanner a Jonker d'Top Twenty-Emissioun heemlech ënner der Bettdecke gelauschtert hunn, well se ganz spéit owes koum.

D'Janet Alldis war de Freiden Invitée an der Emissioun "Kultur um 5" an huet verzielt, wéi dës Single zustane koum.

Lauschteren

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen