Radioen

On air

Notturno  |  Claire Rousay & Helena Deland - Deceiver

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Dir ass erëm op, wann's du dech gebessert hues

Kulturmagasinn

D'Dir ass erëm op, wann's du dech gebessert hues

Dem Edsun seng nei Single "Just Text" ass dat éischt Stéck vun engem Kierper neier Musek, deen am Moment an de Unison Studios entsteet. Mam Sergio Manique huet den Edsun een neie Produzent, deen international als Batteur a Produzent brilléiert a fréier eemol dem Edsun säin éischte Batteur war.

auto_stories

1 min

Foto: Isaihah Wilson

Edsun am Gespréich iwwer "Just Text"play_arrow

Dat lescht Joer war wichteg fir den Edsun, deen eng erfollegräich Live-Show international vertriede konnt a beim Label Beast ënnerschriwwen huet. "Just Text" beschreift den Ëmgang mat toxesche Leit iwwer een zackege Beat, a laut en neit Kapitel fir de lëtzebuergesche R&B Sänger an. Wat bestoe bleift, sinn d'Referenzen op d'90er Joren an Texter iwwer "Empowerment". Den Edsun wäert 2023 och op der Bün stoen an nei Musek ass an der Maach, mat neien Inspiratiounen.