Radioen

On air

Notturno  |  De La Soul - Pain Feat. Snoop Dogg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brick - Dazz

Sample vun der Woch

Brick - Dazz

"Good High" ass deen éischten Album vun der Grupp Brick, 1976 bei Bang Records erauskomm. Hei schwätze mer vun engem Lidd vun dësem Album, an zwar "Dazz".

auto_stories

2 min

Dazz ass d'Zesummesetzung vun zwee Wierder, an zwar Jazz an Disco, wat och am Fong de Stil vu Brick ganz gutt beschreift. Effektiv ware si an de 70er bekannt fir hir Mëschung vu Funk, Jazz, Soul an Disco.

Zu Atlanta Georgia ware si déi éischt, déi déi Mëschung probéiert hunn. Si waren e gudden Mount laang Nummer eent an den R'n'B Charts an deem Joer a goufen och e puer Dose Mol am Hip-Hop gesampelt.

1991 wollt den Ice Cube sengen alen Partner vun der Grupp NWA op hiren Disstrack äntweren an huet d'Lidd "No Vaseline" erausbruecht. Mat dësem Lidd vu sengem Album "Death Certificate" wëllt hie virunallem den Eazy-E an dem Dr. Dre provozéieren.

NWA huet u sech ni op den Diss reagéiert, mee wéi de Film iwwer NWA 2015 erauskoum, gouf et nees eng kleng Kontrovers an dësem ongekläerte Sträit, wéi wa verschidden Leit vun NWA sech nach ëmmer net vum Ice Cube sengem Lidd erholl hätten.

Young Soldierz hunn dee selwechten Titel och gesampelt fir hiren "Eastside-Westside". Den Titel ass um Soundtrack vum Film "Murder Was The Case" verfügbar. Young Soldierz war eng Ënnergrupp vun der Bloods & Crips Ekipp an huet just dësen een Titel fir den deemolege Boss vun Death Row Suge Knigth opgeholl.

De Sample gouf komescherweis méi vu Westcoast Gruppe gesampelt, bis datt Das EFX koum. Op hirem Album "Generation EFX" war d'Lidd "Rap Scholar Feat. Redman" ze héieren. Si hunn och den "Dazz" vu Brick benotzt a mixen deen hei mat hirem übleche Reim-Stil, dee si esou bekannt gemaach huet.