Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Fourth Wall

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bobby Bieles mixt mat Peanut Boy

Congés Annulés

Bobby Bieles mixt mat Peanut Boy

Bei de Congés Annulés kann een d'Museksredaktioun vum radio 100,7 vu ganz no erliewen. Dëse Méindeg ass eisen Hip-Hop-Expert Bobby Bieles un de Plackentelleren. Hien huet den talentéierte Peanut Boy invitéiert. E Méindeg den Owend um 6 Auer geet et lass.

auto_stories

2 min

De Peanut Boy ass den Initiateur vun den Axwai Beat Battles - eng Initiativ, déi Producer an d'Fënster stellt, erkläert de Bobby Bieles. "Hie war Producer a Rapper am Grupp 10lexic - ganz coolen Typ, null Ego, mee mega vill Potential."

Stilistesch hätte si decidéiert, zäitgenësseschen, danzbaren Hip-Hop ze spillen. "Am Stil vun Anderson .Paak oder sou funky Saachen, awer och original Samplen, bësse Funk a Soul aus de 70er." Awer si géifen och op de Publikum agoen, seet de Bobby Bieles.

All Samschdeg Owend huet een um radio 100,7 an der Emissioun Ligne 2 Rendez-vous mam Bobby Bieles. Am September geet d'Show an hir drëtt Saison, an de Bobby feiert seng honnertst Episod. "Fir d'Gebuertsdaagssendung hunn ech eppes Spezielles virbereet." Detailer dozou ginn et ganz geschwënn.

Niewent der Hip-Hop-Aktualitéit proposéiert de Bobby Bieles och ëmmer nees interessant thematesch Emissiounen. Hie fäert awer net, datt him d'Sujeten eng Kéier ausginn. "Et kann ee bal e Sujet aus allem maachen." Hip-Hop wier esou breet gefächert, an et géif esou vill Ënnergenrë ginn, datt hien och zwou Emissiounen an der Woch domat kéint fëllen.

Fir hie wier et wichteg, datt et Spaass mécht, an datt et sech net just un Nerds adresséiert.


De Bobby Bieles am Gespréich

Lauschterenplay_arrow