Radioen

On air

Tockcity  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: Billerwelten iwwer d'Malaisen vun eiser Zäit

Reggae Film Star - Damien Jurado

Album vun der Woch: Billerwelten iwwer d'Malaisen vun eiser Zäit

Op Reggae Film Star, der neier Plack vum Damien Jurado, treffe sech fiktiv Personnagen, fir iwwer déi verstoppte Realitéite vum Show Business ze schwätzen. D'Malaise vun eiser Zäit sinn hei d'Inspiratioun vun engem gelongene Konzeptalbum.

auto_stories

3 min

Foto: Damien Jurado

25 Joer schonn, datt den Damien Jurado a senger Heemecht Seattle eng laang Geschicht erzielt. D'Geschicht vu sengem Liewen, an Anekdote verfaasst, a mat der Kraaft vun der Musek ausgedréckt.

Den Damien Jurado ass e produktive Kënschtler - Reggae Film Star ass seng 18. Studioplack. Den Album ass d'Bün fir fiktiv Personnagen, déi an a Vir-a Réckblenden entwéckelt ginn a vun de Malaise vun eiser Zäit zielen.

En Album mat filmeschem Timing

Anescht wéi dem Jurado seng lescht véier Placken daucht Reggae Film Star déif an déi verstoppte Realitéite vum Show Business an, an enger Era déi aus Vinylsplacken, Zigaretten a Filmbänner gemaach ass. De Jurado schätzt den Afloss vu verschidden Zorte Kino als méi staark op säin Temperament a seng narrativ Manéier, Lidder ze schreiwen, wéi dee vu musikalesche Virbiller.

Opgeholl gouf d'Plack mam Multi-Instrumentalist Josh Gordon, mat deem de Jurado scho laang Joren zesumme schafft an dee seng Texter versteet wéi keen Aneren. Dës Kéier kommen och e Sträichertrio, eng Handvoll Choristen an e Pianist dobäi.

Am éischte Lidd begéine mir mat filmeschem Timing dem Personnage "Roger," deen zudéifst beréiert ass wou hien e Lidd héiert. Den duebele Buedem vum Song, de Song am Song, weist ee Mann am mëttleren Alter, dee säi Liewe beurteelt am Liicht vun der Musek, déi hie gären huet.

Billerwelte vum groussen a klengen Ecran

De Personnage daucht spéider op der Plack an enger méi rosener, bal hoffnungsloser Stëmmung zeréck, a gëtt op "Roger's Audition" mat Rockgittar, Vintage-Uergel a verdréinten Effekter an Zeen gesat. Wärend d'Songs an der Zäit no vir an zeréck sprangen, duerch Scheedung, Aarbecht a Conversatioune féieren, erlaben akustesch Folk a soft Rockarrangementer dem Jurado, Landschafte mat Telefonskabinnen, Parkaueren an Zigarettenautomaten ze zeechnen, wéi op "Meeting Eddie Smith" oder dem Ouerwuerm "Whatever Happened to Paul Sand?" ("I don't know who I am anymore").

Aner Referenzen ziele méi direkt op d'Billerwelte vum groussen a klenge Ecran wéi "The Pain of No Return," wat bal wéi e Virspann vun enger Tëleesemissioun ophält. Reggae Film Star verléiert sech zum Schluss an dat melancholescht "Gork Meets the Desert Monster". D'Lidd féiert dem Album seng subtil Duebeldeitegkeeten zu engem oppene Schluss, deen d'Impressioun vun engem klengen Epos hannerléisst.

Reggae Film Star ass eng fantastesch Plack fir Leit, déi et gär schéin an déif hunn, mee och fir déi, déi sech am léifsten iwwer Erzielunge lackele loossen. Esoteresch ass dëse Konzeptalbum awer net - de Stunt, d'Zäiten iwwer Fiktiounen ze erliichten, geléngt.