Rap aus Lëtzebuerg All Aen Op Eis: Kee politesche Sprengstoff

Mat hirem Debutalbum hu si virun zwee Joer "Frësche Wand" an der Lëtzebuerger Rapzeen annoncéiert. Effektiv waren den Turnup Tun, de Skinny J an hire Kollektiv Stayfou déi éischt Lëtzebuerger Museker, déi konsequent op Trap an Autotune gesat hunn, an domat och Uklang beim Après-Ski Publikum fonnt hunn. E Gespréich iwwer Succès, Akzeptanz an de FCK LXB-Prozess.

Yves Stephany

Turnup Tun & Skinny J

"Mir hunn eng gewësse Miesslat gesat, wat Tountechnik ubelaangt, awer och war d'Modernitéit ubelaangt", seet den Jim Thill, alias Skinny J. "Mir probéiere kee Schrott erauszebréngen", seet den Tun Tonnar alias Turnup Tun. Trotz hirer Do it yourself-Approch wier d'Qualitéit hinne wichteg, wat d'Beats an d'Texter ubelaangt, mee och bei de Videoen.


Dat ganzt Gespréich mam Turnup Tun a Skinny J

Lauschteren


Gutt Erfarungen op Baler

Virun zwee Joer wiere si net eescht geholl ginn. Dat hätt sech awer geännert, seet den Turnup Tun. De Public wier och en anere ginn, an hir Lidder géifen an de Clubben an op Baler gespillt ginn. Och wann ee sech net just domat wéilt identifizéieren, hätte si ganz gutt Erfarunge bei hiren Optrëtter op Baler gemaach.

D'Akzeptanz wier méi grouss ginn, seet den Turnup Tun. "Virun zwee bis dräi Joer (...) do goufe mir ausgebuht. A soubal dann erëm Après-Ski gelaf ass, waren d'Leit erëm um Grölen." Déi zwee Rapper begréissen, datt kriteschen Hip-Hop op Lëtzebuergesch och bei engem Publikum "aus der Mëtt vun der Gesellschaft" géif Uklang fannen.

"Politesch Messagen all gesot"

Op "All Aen Op Eis" alternéiere sech Diss-Tracks, an deenen aner Rapper et lafe gelooss kréien, romantesch Libeslidder an autobiographesch Geschichten. Politesche Sprengstoff fënnt ee wéineg. Dovun hätt een a leschter Zäit genuch gehat, seet den Turnup Tun.

Turnup Tun a Skinny J am Video Chat

"Meng politesch Messagen hunn ech am Moment all gesot. Ech wëll och net ze vill laang drop ronderëm reiden, an ech wëll och net ze vill alleguerten deene Leit eng Plattform bidden an Opmierksamkeet ginn. Et ginn och ganz vill aner Theemen iwwer déi ee ka rappen."

De Prozess

Aus dem FCK LXB-Prozess hätt hie vill geléiert, seet den Turnup Tun. "Et war immens surreal fir mech. Ech hat net domat gerechent, datt et sou wäit géif kommen." Am Ufank wier hie rosen an enttäuscht gewiescht, a wou et eescht gi wier, hätt hien och keng Loscht méi gehat fir Witzer driwwer ze maachen. "Wéi ech du fräigeschwat gouf, du war ech op engem Punkt, wou ech einfach wollt weidermaachen."

Hien hätt ganz vill Haass kritt, mee och ganz vill Léift. Hie wier just enttäuscht, datt et an der Konschtzeen keng grouss Ënnerstëtzung fir hie gi wier. Zu Lëtzebuerg wier alles glat, an net vill Leit géife sech traue fir eppes ze maachen oder ze soen, seet den Turnup Tun. Hie wier frou, datt hien et gepackt hätt "dozou ze stoen, wat ech do gesot hunn. A ech stinn nach ëmmer dohannert." Hie géif och mat engem Fräisproch rechnen.

An der Mediathéik:

Backstage / / Yves Stephany
Lauschteren

Méi zum Thema

TUYS
Tuys sinn (endlech) nees do

"A Curtain Call for Dreamers" heescht den EP vun Tuys, deen a fënnef Deeler erauskënnt. Déi éischt Single "Papaya" versprécht eng opreegend Rees. E Gespréich iwwer Inkoherenz a Selbstkritik.

Hirsto
RadioAktivitéit

E Samschdeg an der Nuecht ass den Hirsto fir eis um Radio aktiv. De Lëtzebuerger DJ wäert en eklektesche Mix vun House, Ambient an New Beat zesummestellen. Mir hu mam Discogs Aficionado geschwat.

Schlofardi
Schlofardi

Wéinst dem Coronavirus gëtt a modesten Home Studios geknéchelt, live-gestreamt an online collaboréiert. Dorënner och e verschlofene Pol Belardi, deen elo am Fréijoer als verjazzte Beatmaker opblitt.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen