Radioen

On air

Notturno  |  Kae Tempest - I Saw Light Feat. Grian Chatten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: Musek déi direkt an de Kierper geet

Foals - Life Is Yours

Album vun der Woch: Musek déi direkt an de Kierper geet

Op "Life Is Yours" reconnectéiere Foals mat hirer originaler Visioun a maache Musek, déi direkt an de Kierper geet. Och wann et iergendwou nach ëmmer deselwechte Cocktail ass, dee fir d'Foals esou gutt funktionéiert - et ass am Gewierz, wou den Ënnerscheed läit. Hire Wonsch, d'Leit mat hirer Musek zesummenzebréngen ass op jiddwer Fall ongebrach a kënnt an dësen Zäite wéi eng frëndlech ausgestreckten Hand.

auto_stories

4 min

Foals sinn een Trio vun Oxford, deen zanter mëttlerweil 14 Joer Musek erausbréngt. D'Grënnungsmembere Jack Bevan, Lia Simon a Frontmann Yannis Philippakis ware virdrun zesummen an enger kulteger Math-Rock Band mam Numm The Edmund Fitzgerald. 2005 haten si es all e bësse sat dovunner, wéi seriö hire Projet gi war. Wéi akademesch et sech ugefillt huet, ëmmer nei komplex Rhythmen a Linne sichen ze goen, fir herno dann de Public villäicht ze vill am Kapp, an net genuch am Häerz ze treffen.

Mat hirem Debut Antidotes hu si sech dann, wéi et sech fir mathematesch Rocker gehéiert, kloer Reegele ginn. Déi danzbar an dach modulabel Rhythme vum Techno sollte mat afléissen, awer an hiren originalen, krautrockege Formen. Weiderhi sollten all d'Rhythme Stakkato sinn an d'Gittare ferm héich gespillt sinn, fir ee Gefill vun héijer Energie opkommen ze loossen.

Eng Band déi live an op der Plack ofrappt

Et ass kloer datt alles, wat Foals maachen, eng grouss Léift fir d'Live-Spille verréit. An hir Verbindung mam Public deet oft eng Aart Masseneuphorie eropkachen, déi hiren Erfolleg och deels erkläert. Mee och op der Opnam hu Foals schonn ëmmer ofgerappt.

Fir hir zweet Plack "Total Life Forever" hunn si eng Aart tropesche Prog-Rock bäigemëscht a goufe fir de Mercury Prize nominéiert - kee Wonner bei Produzente wéi dem legendäre Post-Rock Zauberer Flood an dem Alan Molder vun Depeche Mode.

Bei der drëtter Plack "What Went Down" hat een du gemengt, et hätt ee villäicht de Gros héieren, deen dës Band ka produzéieren, an Iwwerraschunge géifen an hirem stadiumtauglechen, rhythmesch ustiechende Rock elo net méi opdauchen.

Dass Foals sech op "Everything not Saved Will be Lost", enger duebeler Plack där hiren zweeten Deel riicht an de Covid-Lockdown gefall ass, widderholl hätte kann een net soen. Wuel awer hu si hire Moment erkannt. D'Band ass ideal placéiert, schwéier Zäiten unzeschwätzen a "Life Is Yours", hir neiste Scheif vum leschte Freiden, geet ee Schrëtt méi wäit am Zerschmettere vu Pessimismus an deplacéierter Nostalgie.

Wie gemengt hat, déi evolutiv Lafbunn vun der Band géif hinnen iergendwann zum Verhängnes ginn, an se wéi verschidde Virgänger - d'Samba-Postpunker vu Friendly Fires zum Beispill - an d'Vergiessenheet katapultéieren, deen iert sech. Den zweeten Deel vum Dyptich war Foals hiren éischten Nummer eent Album - vun ausgelutscht also keng Spuer.

Selbstsécher Hoffnung a Léift fir d'Liewen um neien Album

Op "Life Is Yours" reconnectéieren sech Foals zu hirer originaler Visioun a maache Musek, déi direkt an de Kierper geet. Wake Me Up, eng Single, déi scho Méint dobaussen ass, huet d'Erwaardung op dësen Album geschürt wéi eng gutt Glous den Appetit op eng Grillparty. Kee Wonner, well de Song huet alles, wat ee brauch fir um Radio top ze kléngen: Energie, Accessibilitéit, een universelle Message.

Alles dat, wat soss bei radiophoner Musek de Spaass um Lauschtere verdierwe ka feelt wéi duerch ee Wonner: Trivialitéit, Consensualitéit, Faarflosegkeet. Eng selbstsécher Hoffnung ouni Selbstiwwerschätzung bestëmmt d'Opnam, eng visceral Léift fir d'Liewen, mee ouni Hedonismus - an Zäite wou Verschiddener sech am léifsten an engem spartanesch ageriichtene Motzeck géinge verkrauche fir sech fir de Rescht vun der Mënschheet schëlleg ze fillen ass dës Musek wéi e mageschen Tonic.

Mam selwechten treie Päerd duerch ëmmer nei Landschaften

Och wann et iergendwou nach ëmmer dee selwechte Cocktail ass, duerch deen d'Foals esou gutt funktionéieren, ass et am Gewierz, wou den Ënnerscheed läit. Op "Flutter" geet d'Band dem Philippakis senger Léift fir Gittaristen aus dem Mali an dem Senegal no, op "Under The Radar" kënnt eng onerwaarten New Wave Säit zum Virschäin.

Libellen an Aisvillecher ginn um Album-Closer "Wild Green" gefeiert, mee ouni moraliséierend dat Gutt Liewe fir d'Mënschen an den Naturschutz als inkompatibel duerzestellen. Et sinn hei grad zwou Saachen, déi sech eng aus der anerer schléissen.

Musikalesch ass dës Plack wéi aus engem Goss: tight geschriwwen, tight gespillt, op de Punkt an effikass wéi Aspirin oder e schwäizer Tirebouchon, an dobäi net manner konschtvoll a kompetent zesummegesat. Trotzdeem ass näischt hei kal oder zweckméisseg gemaach: Léift, Liewensfreed, an d'Erfarung vum Zesummesinn dominéieren d'Stëmmungen op der Plack. Esou eng Plack ze maachen ouni a bëlleg Effekt-Hascherei ze verfalen ass eng Leeschtung fir sech.

A wou verschidde Leit Foals an hir Nei Plack als One Trick Pony géifen offäerdegen, fënnt de Marc Clement et méi wéi opreegend, mat deem ëmmer selwechten treie Päerd duerch ëmmer nei Landschaften ze reiden.