Radioen

On air

Notturno  |  Stephen Steinbrink - Pony

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: Kleng Geschichten iwwer grouss Emotiounen

Stella Donnelly - Flood

Album vun der Woch: Kleng Geschichten iwwer grouss Emotiounen

"Flood" heescht den zweeten Album vun der australescher Singer-Songwriterin Stella Donnelly. Op dësem verléiert si zwar net de Bléck no baussen, verschäerft awer de Bléck no bannen.

auto_stories

3 min

D'Stella Donnelly huet 2017 eng éischter Kéier op sech opmierksam gemaach mat hirer Debutsingle "Boys will be boys", an där si déi gesellschaftlech Verharmlosung vu sexualiséierter Gewalt an Victim-Blaming kritiséiert.

Dëse Song koum grad eraus, wéi d'#Metoo-Beweegung lass goung a gouf dann och séier zu engem feministeschen Protestsong

Eng Warnung un d'Patriarchat

Zwee Joer méi spéit, also 2019, koum dunn hiren Debutalbum eraus mam Titel "Beware of the Dogs". Dës Warnung am Albumtitel war awer manner op eis pelzeg Frënn ausgeriicht, mee villméi op d'Patriarchat an seng Auswierkungen.

Männer, déi keng Grenzen respektéieren oder korrupt Politiker, déi d'Ëmwelt zerstéieren - wéi de Vice Magazine deemools festgehalen hat: Beware of the Dogs ass eng "musikalesch Enzyklopedie vu männlechen Aarschlächer."

Gesellschaftlech Mëssstänn

"Flood" ass elo en Album, op deem zwar och nees vill politesch Sujeten ze fannen sinn, mee et ass keng politesch Protestplak. Och hei geet et nees ëm gesellschaftlech Mëssstänn, zum Beispill direkt am éischten Lidd "Lungs" an deem d'Stella Donnelly d'Perspektiv vun engem Kand iwwerhëlt, dat mat sengen Elteren an ganz prekären Verhältnisser lieft an gesäit, wéi de Proprietär vum Haus oder der Wunneng si exploitéiert.

Textlech benotzt si hei, wéi och um Recht vum Album, immens staark an detailléiert Biller a Personnagen - et erënnert duerchaus un eng aner australesch Musekerin, nämlech d'Courtney Barnett.

Béid Kënschtlerinne benotzen dacks kleng Detailer a Geschichten fir déi ganz grouss Emotiounen a Sujeten unzegoen.

Dat kann natierlech och eng gewëss Schutzfunktioun hunn, datt een d'Opmierksamkeet doduerch net sou staark op déi eegen Perséinlechkeet riicht. Mee dat ass op "Flood" definit net de Fall, well d'Stella Donnelly sech hei intensiv mat sech selwer beschäftegt.

Al Hobbyen

Et ass, wéi vill Alben dëser Deeg, och eng Pandemie- oder Lockdownplack, op där d'Stella Donnelly zwar net de Bléck no bausse verléiert, an awer de Bléck no bannen verschäerft an zum Beispill den Dout vun hirer Groussmamm oder gewëss perséinlech Onsécherheeten thematiséiert.

Et verwonnert dofir och net, datt den Album am Verglach zum Virgänger op méi roueg Lidder setzt. Op "Flood" huet d'Stella Donnelly hier Gittar géint de Piano getosch, deen hei op ville Lidder dominéiert.

Si hat zanter hirer Kandheet net méi wierklech mat dësem Instrument musizéiert, mee am Lockdown hu mir eis jo all mat gewëssen alen Hobbye nees beschäftegt, an et war villäicht och de Versuch eben sech e Stéck wäit vum éischten Album ofzegrenzen an eng nei Säit vun sech ze presentéieren - an dat ass hir absolut gelongen.