Radioen

On air

Notturno  |  Yoshika Colwell - It's Getting Late

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: E Wiesselspill vun den Emotiounen

Soccer Mommy - Sometimes, Forever

Album vun der Woch: E Wiesselspill vun den Emotiounen

"Sometimes, Forever" heescht deen drëtte Studioalbum vun der amerikanescher Indiekënschtlerin Soccer Mommy. Si presentéiert 90s-Rock mat poppegen Hooks an düsteren Texter.

auto_stories

3 min

Wéi eng Patroun an enger Schroutflënt, déi just drop waart lasszegoen, sou bezeechent sech d'Sophie Allison, besser bekannt als "Soccer Mommy", op hirem neien Album "Sometimes, Forever".

A genee sou explosiv kléngt dësen Album och. De Song "Shotgun" notamment mutéiert vun engem kantege Bassriff an en ekstatescht Indiepopstéck, an deem verzerrte Gittaren a kaleidoskopesch Synthies matenee verschmëlzen.

Bei enger Kënschtlerin, déi ënner anerem d'brittesch Shoegaze-Pionéier "Slowdive" an d'Pop-Punk-Prinzessin Avril Lavigne als grouss Inspiratiounen nennt, sollt dëse Mix aus Bubblegum an Distortion wuel net ganz iwwerraschen. An awer muss ee bei dësem Album staunen, wéi souverän "Soccer Mommy" dëse Spagat geléngt.

Eng Tour de Force vun den Emotiounen

Op "Sometimes, Forever" hëlt eis "Soccer Mommy" op eng Tour de Force vun den Emotioune mat. Lidder ewéi "Darkness Forever" ginn iwwer déi fir si üblech Melancholie eraus a féieren déif an d'depressiv Ofgrënn vun der Musekerin hirem Séileliewen.

Schounungslos séngt si hei iwwer Suizidgedanken an Erléisungsfantasien, wärend sech d'Gittaren am Hannergrond zu engem musikaleschen Donnerwieder zesummenzéien.

Schonn am nächste Stéck "Don't Ask Me" schéngt awer nees d'Sonn duerch déi donkel Wolleken. Zwar geet et och hei ëmmer nach ëm d'Depressioun, mee de Bléckwénkel huet sech verännert.

Hoffnung amplaz Fatalismus, well och déi däischter Gefiller mol Paus maachen. Den Albumtitel, sot "Soccer Mommy" an engem Interview, géif sech dorop bezéien, datt alles am Liewe kënnt a geet an näischt permanent ass - och net d'Depressioun.

Amplaz op naiv Universalwourechten, setzt d'Soccer Mommy awer vill méi op en dynamescht Wiesselspill vun den Emotiounen. D'Trauregkeet, déi dominéiert zwar, mee se presentéiert sech hei an all hire Facetten: vu pechschwaarz bis batterséiss

Lofi-Rick a Grunge-Aflëss

Och ob dësem Album bitt d'Soccer Mommy nees Lofi-90s-Rock a Grunge-Aflëss, bei deenen ee sech direkt d'Flanellhiem wëllt iwwerstrëppen. Mee et ass duerchaus och eng musikalesch Verännerung ze héieren, déi wuel op de Produzent vum Album zeréckzeféieren ass.

Hanner dem Mëschpult souz nämlech keen anere wéi den Daniel Lopatin, deen een als experimentelle Klangalchemist "Oneohtrix Point Never" kennt. Säin Afloss ass däitlech an den atmosphäresche Soundscapes ze héieren, déi sech dacks am Hannergrond halen awer den Album e Stéck wäit méi onberechenbar an ondefinéierbar maachen.

De Song "Unholy Affliction" zum Beispill erënnert un 90s Trip-Hop à la Portishead mat senger apokalyptescher Klangtapéit an den Drums, déi sou herrlech ausuferen, datt se bal alles anescht ënner sech begruewen.
"It's a tidal wave or nothing at all" séngt "Soccer Mommy" am leschte Song vum Album, dem rouegen "Still", a bréngt nach eemol d'Onméiglechkeet vun hirem emotionale Gläichgewiicht op de Punkt.

Alles oder näischt - sou radikal a kompromësslos presentéiert si sech op "Sometimes, Forever". Et ass eng Ode un d'Widderspréch, déi grad aus dësen hier Stäerkt zitt.