Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sample vun der Woch

One Way - Cutie Pie

Sample vun der Woch

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

2 min

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson. Den Detroit Sänger Al Hudson, de Gittarist Dave Roberson a de Bassist Kevin McCord hunn an der Mëtt vun de 70er Al Hudson and the Soul Partners gegrënnt. Si hunn e puer Singele fir Atco Records opgeholl, éier si bei ABC Records ënnerschriwwen hunn. Si hunn do hiren Debut mat der LP "Especially for You" am Joer 1977 gemaach an dat selwecht Joer hiren zweeten Album "Cherish" opgeholl. Hiren drëtten Album "Spreading Love" koum 1978 eraus.

D'Lidd "Spread Love" gouf e groussen Hit an de Clubs. Kuerz drop koum d'Sängerin Alicia Myers an d'Grupp. Zesummen hu si den Album "Happy Feet" als Al Hudson and the Partners 1979 erausbruecht an dunn hiren Numm op One Way featuring Al Hudson geännert. 1981 huet d'Frontwoman Alicia Myers d'Band verlooss fir eng Solokarriär ze starten. Si gouf vun der Candyce Edwards ersat, déi weiblech Leadsängerin vun der Grupp vun 1981 bis 1985. An dëser Period huet si mat der d'Band hir gréisst Erfolleger erausbruecht. Si si vun 1979 bis 1988 beim Label MCA bliwwen, hu fënnef Top Ten Hits geschoss, woubäi dee gréisste "Cutie Pie" ass, deen op hirem "Who's Foolin Who" Album ass, an deen 1982 d'Nummer 4 erreecht huet. Et gouf en absolutten Eighties Funk Klassiker, dee bal 100 Mol iwwerholl a gesampelt gouf.

De Westcoast Veteran Daz Dillinger rappt 2014 iwwer de "Cutie Pie" Sample op senger "Bacc 2 Tha Old School" Mixtape.
Lil Jon mëscht 2015 och eng witzeg Reprise vu "Cutie Pie", zesumme mam Snoop Dogg, Problem a virun allem T-Pain, deen hei alles gëtt.