Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Reyna Tropical - Cartagena

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwou Kënschtlerresidenzen zu New York

Edward Steichen-Award

Zwou Kënschtlerresidenzen zu New York

Am Mudam sinn déi zwou Laureatinne vum Edward-Steichen-Award 2019 geéiert ginn. Den Haaptpräis geet un d'Textilkënschtlerin Mary-Audrey Ramirez. Dat bedeit, datt si sechs Méint op eng Kënschtlerresidenz op New York dierf; Laureatin vum Edward Steichen Luxembourg Resident in New York-Award ass d'Multimediakënschtlerin Nora Wagner, déi sech op eng Residenz vu véier Méint am Big Apple freeën dierf.

auto_stories

2 min

2004, also fir den 125. Anniversaire vum Edward Steichen, huet de fréiere Lëtzebuerger Ambassadeur zu New York, den Hubert Wurth, dee selwer och Kënschtler ass, fir dat anert Joer en Edward Steichen Award annoncéiert. De Steichen war zwee Joer al, wéi hie mat sengen Elteren an d'USA ausgewandert ass; hien huet dohanne säi Match als Fotograf an als Curateur gemaach, huet et ënner anerem bis op den Direkterposte vum Fotodepartement vum Moma gepackt.

Mee hien huet awer och ëmmer jonk Talenter gefërdert, och där vum ale Kontinent: hien huet Brécken tëschent Europa an Amerika geschloen. Dovunner huet den Hubert Wurth sech inspiréiere gelooss a mat der Famill Steichen zesummen de Präis lancéiert. Jonk Talenter sollten deemno wäit eraus an d'Welt geschéckt ginn.

23 Nominatiounen

Fir béid Präisser hu sechs national an international Nominateuren 23 Kënschtler proposéiert; en internationale Jury huet doraus déi zwou Laureatinnen determinéiert. Fir d'Mary-Audrey Ramirez koum d'Nouvelle dëse Summer komplett iwwerraschend.

Si ass 1990 zu Lëtzebuerg gebuer a kombinéiert déi traditionell Broderie mat zäitgenëssesche Motiver, zum Deel sinn hir Aarbechten zimmlech hefteg, jo bluddeg. Dat selwecht gëllt fir hir sougenannt "Soft sculptures", gebutt Déiereskulpturen, zu deene si Computerspiller inspiréieren. "Soft sculptures" schéngen zu New York grad zimmlech en vogue ze sinn.


D'Laureatinne am Interview mam Kerstin Thalauplay_arrow


D'Nora Wagner, 1988 zu Lëtzebuerg gebuer, versicht mat participative Konschtprojeten an -installatiounen hire Matmënschen ze vermëttelen, datt si duerch d'Konscht de Wee zu hirem banneschte Kand, zu hirer Imaginatioun, fräileeë kënnen. Si war an de leschte Joren a ville Kënschtlerresidenzen tëschent Lëtzebuerg a Lettland. New York stoung nach net op hirem Wonschziedel.

Januar 2021 schléissen d'Kënschtlerinnen hir respektiv Residenzen am International Studio and Curatorial Program, kuerz ISCP, zu New York, of.