Radioen

On air

Resonanzen  |  Clarence Cameron White

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zesummen, iwwer den Doud ewech

CinEast-Festival

Zesummen, iwwer den Doud ewech

Wéi erliewe Jugendlecher hautdesdaags de Suicide an den Deuil? De sensibele rumäneschen Drama ''Otto the Barbarian'' léisst bewosst vill Froen onbeäntwert. Kompetitioun CinEast-Festival.

auto_stories

3 min

Déi rumänesch Realisatrice Ruxandra Ghitescu huet sech mam Suicide vu Jugendleche keen einfache Sujet fir hiren éischte Long-métrage erausgesicht. Ofgesinn dovun, datt et sech ëm eng héich emotional Thematik handelt, ass et virun allem eng komplex.

Wat motivéiert e Jugendlechen dozou, sech d'Liewen ze huelen? Dat ass déi zentral Fro, déi d'Famill an de Frëndeskrees vu jonke Suizidäre jorelaang beschäftegt. Eng komplett zefriddestellend Äntwert fënnt ee bal ni. Deementspriechend léisst de Schluss vum Drama ''Otto the Barbarian'' de Spectateur virun engem praktesch ongeléiste Rätsel stoen, quitt datt e Stoff fir Interpretatioune liwwert.

Jugendleche Mutismus

Et ass dem Haaptprotagonist, dem 17-Joer jonken Octavian seng Frëndin, déi sech d'Liewe geholl huet. D'Meedchen huet sech a senger Kummer opgehaangen. Den Octavian, dee sech selwer Otto nennt, misst eigentlech méi iwwer d'Beweeggrënn hanner deem Akt vu Verzweiwlung wëssen. Allerdéngs refuséiert de Jong och nëmmen déi geréngsten Informatioun vu sech ze ginn.

Fir Erwuessener ass et bekanntlech schwiereg, an d'Welt vu Jugendleche virzedrängen. Am Film gëtt déi intergenerationell Barrière doduerch verstäerkt, datt de Personnage vum Octavian Gittarist an enger Grupp vu Punkrocker ass an och soss an alle Liewenssituatiounen eng Punk-Attitüd anhëlt: systematescht Mësstraue géigeniwwer der Autoritéit, wat sech a Form vu verbale Provokatiounen, Gewaltbereetschaft oder ebe stuere Mutismus ausdréckt.

Punk-Attitüd als Schutz

Mee dës Haltung täuscht, si ass nëmmen e Schutz, déi en déiwe Malaise verstoppt. Ënner dem Otto senger Perfecto-Liederjackett a sengem meeschtens neutral bis geloossene Gesiichtsausdrock, senger Coolness, stécht eng duerch an duerch sensibel Perséinlechkeet.

D'Kamera ass praktesch de ganze Film iwwer um Otto drun, begleet de Jong, deem säi richtegt Wiesen no an no reveléiert gëtt. Erkläert gëtt näischt, et muss ee sech unhand vum Gewisene selwer e Bild maachen.

Esou erlieft een, wéi den Otto sech reegelméisseg ëm säi senille Grousspapp bekëmmert. Zum gedëllege Sozialaarbechter, deen hien ufanks ofgewisen hat, sicht hien iergendwa selwer de Kontakt. Oder hie geet eng Fra heem besichen. Méi spéit versteet een: et ass d'Mamm vu senger verstuerwener Frëndin.

Virtualitéit vs Realitéit

Déi Frëndin existéiert fir de Spectateur just iwwer d'Video-Opnamen, déi den Otto op sengem Computer a senger Kummer lafe léisst, ëmmer an ëmmer erëm, Biller, an deenen d'Meedchen an d'Kamera kuckt, sech un hien adresséiert, woubäi hien och äntwert. Esou wéi e groussen Deel vun der tëschemënschlecher Kommunikatioun hautdesdaags souwisou funktionéiert, a wéi se méiglecherweis tëschent dësen zwee Jugendleche funktionéiert hat, virtuell an dach reell, reell an dach virtuell.

Och elo nach ass et een Zesummesinn, iwwer den Doud ewech, wéi wann de Suicide net wierklech geschitt wier. A vläicht ass sech den Otto der Realitéit vun deem Akt, bei deem et keen zeréck méi gëtt, net bewosst. Oder nach net ...

D'Ruxandra Ghitescu zeechent mat ''Otto the Barbarian'' e sensibele Portrait vun engem Jugendlechen, deen ënner de Bedéngunge vun haut mam Doud konfrontéiert ass. De jonken Acteur Marc Titieni spillt den Otto mat der néideger Zréckhalung, et huet ee kee Problem fir him dee Personnage ofzekafen. De Marc Titieni ass iwweregens de Fils vum bekannte rumäneschen Acteur Adrian Titieni, deen hei am Film och säi Papp verkierpert.


''Otto the Barbarian'' leeft nach eng Kéier dësen Donneschdeg 22. Oktober um 20:45 am Utopia, respektiv ass online um Site vum CinEast-Festival ze gesinn.