Kino You're an addict, so be addicted

Dës Woch fänkt de Lëtzebuerger Filmfestival un. Am reguläre Kinosprogramm ass et dofir bësse méi roueg. Trotzdem ass mam neien Trainspotting ee potentielle Publikumsmagnéit dobäi. Den Iwwerbléck.

Tom Dockal / ys

T2 Trainspotting
© 2016 Metro-Goldwyn-Mayer Studios Inc. and CTMG. All rights reserved.

T2 Trainspotting vum Danny Boyle

Eppes iwwer 20 Joer sinn et hier, zënter de moderne Klassiker Trainspotting op den Ecran koum. E Wierk aus der Fieder vum Irvine Welsh. Et geet et ëm véier schottesch Toxicomanen, déi versichen iergendeppes aus hirem Liewen ze maachen. An zwar net nëmme mat Hëllef vun Drogen.

20 Joer dono ass villes anescht, mee net alles. Dem Ewan McGregor säi Personnage kënnt no nees zeréck Heem an trëfft do op seng al Kollegen, mat deenen hien duerch déck an dënn gaangen ass. De Sickboy, den Spud, deen an den 90er hänke bliwwen ass, an natierlech de Begbie, dee wéinst dem Renton am Prisong vermuuscht ass. Verloscht, verpasste Chancen, Frëndschaft an natierlech haart Drogen. Ëm dat alles geet et am Danny Boyle sengem Sequel no 20 Joer, an deem all Mënsch nees dobäi ass, an fir deen wierklech all Mënsch 20 Joer méi al ginn ass. Den Ewan McGregor, den Ewen Bremner, den Johnny Lee Miller an de Robert Carlyle.


20th Century Women vum Mike Mills

Apropos 20. 20th Century Women leeft am Utopia. Eng vun de leider ze wéinege Méiglechkeeten, fir d'Annette Bening an enger Haptroll ze gesinn. Enn de 70er spillt si an dësem Film eng elengerzéiend Mamm. Déi wëll mat Hëllef vun zwou Fraen dem Fils dobäi ze hëllefen, seng Vue op d'Welt eng Grëtz ze erweideren. Dem Jong seng nei Virbiller: d'Greta Gerwig, d'Elle Fanning an och de Billy Crudup mat engem Almost Famous Schnutz. Realiséiert a geschriwwe vum Mike Mills, dem Kreativkapp hannert Beginners an dem wonnerbare Thumbsucker.


Logan vum James Mangold

Den éischter Superheldefilm vum Joer dréint ronderëm e Marvel Held, ouni am Marvel Cinematic Universe ugeluecht ze sinn. Logan vum James Mangold handel vum Mann mat de Krallenhänn Wolverine, deen hei eng leschte Kéier vum Hugh Jackman interpretéiert gëtt. Zanter dem Ufank vun der Franchise ronderëm d’Mutanten incarnéiert den Australier dëse Rôle. Elo also fir d’aacht an déi leschte Kéier.

Baséierend op den Old Man Logan Comic vum Mark Millar gëtt et an dësem Film quasi keng Mutante méi. De Logan an den Charles Xavier hausen un der mexikanescher Grenz a versichen, dat bescht doraus ze maachen. Bis dat enges Daags eng Fra virun der Dier steet, an de Logan bied, e Kand opzehuelen, an no him ze huelen.Dat dat Misère mat sech bréngt, läit op der Hand. D'Wolverine-Solo Filmer si bis ewell nach net duerch hir Qualitéit opgefall. De Kritiken no wier dat hei net nëmmen e gudden Abschid vum Hugh Jackman als Logan, mä e gudde Film tout court.


L'ora legale vu Picarra e Picone

An zum Schluss nach dat heiten. Programméiert Kinepolis zu Belval alt ëmmer nees e Bollywood Film, sou weise si elo eng vläicht drëtte Kéier en italienesche Film, deen ënner normalen Distributiounsëmstänn de Wee op Lëtzebuerg net géif fannen. D'Komedie L'ora legale vu Picarra e Picone, en italienesche Komikerduo, deen zënter bal 30 Joer zesummeschafft. A Sizilien geet et ëm Gemengewahlen. A méi genee ëm zwee Buergermeeschterkandidaten, déi versichen dee Posten ze kréien. Mat méi oder manner legale Methoden.

An der Mediathéik:

Kultur / / Tom Dockal
Lauschteren

Méi zum Thema

De Sunny Pawar a LION
Nei am Kino

Am Kino kann een dës Woch déi lescht Filmer gesinn, déi fir d'Oscaren nominéiert sinn. Donieft eng Koppel Filmer fir d'Gehir auszeschalten. An eppes fir d'Kanner an der Fuesvakanz roueg ze stellen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen