Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Yoshiharu Tsuge - Rote Blüten

Gezeechent

Yoshiharu Tsuge - Rote Blüten

De Yoshiharu Tsuge gëllt a Japan als Klassiker vum alternative Manga, am Westen ass hien awer bis haut kaum bekannt. Mat Rote Blüten, enger Sammlung vu Kuerzgeschichten aus de 1960er, kann een dat elo nohuelen.

auto_stories

1 min

Dem Yoshiharu Tsuge seng Mangae spille meeschtens um Land, an engem traditionelle Japan, duerch dat verluere jonk Männer op der Sich no hirer Plaz an der Gesellschaft reesen. Den Zeechner verschafft hei eegen Erliefnisser an erzielt vu Mënschen, déi sech am neien, moderne Japan nom zweete Weltkrich net erëmfannen.

Et sinn awer keng duerch an duerch realistesch Mangaen, well vill mat Metaphere geschafft gëtt an een ëmmer erëm op surreal Iddie stéisst - wéi zum Beispill e Jong, deem seng blesséiert Oder um Aarm wéi eng Waasserleitung "zougeschrauft" gëtt.

Och den Zeechestil vermëscht quasi-naturalistesch Landschaftsbiller mat Symboler esou wéi staark typiséierte Cartoonfiguren. Sou entstinn atmosphäresch immens dicht, ëmmer e bëssi düster a mysteriéis Mangaen.

Heiansdo sinn se vläicht e bëssen ze rätselhaft an einfach onverständlech, mee am grousse Ganze lount et sech, mam Yoshiharu Tsuge e wichtege Mangaka vun der Nokrichszäit nei oder erëm ze entdecken.