Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "I have electric dreams" als beschte Film gekréint

Luxfilmfest

"I have electric dreams" als beschte Film gekréint

Déi international Jury huet de coming-of-age-Film vun der Costa Ricanerin Valentina Maurel mam Grand Prix vum Luxembourg City Filmfestival belount. An der Kompetitioun vun den Documentairë setzt sech "De Humani corporis fabrica" duerch.

auto_stories

1 min

De Jury-President Asghar Farhadi huet "I have electric dreams" ënner neng Filmer ervir gehuewen. An dësem Drama geet et ëm déi ambivalent Bezéiung tëschent enger Duechter an hirem Papp.

Ënner siwen Documentairen huet déi deementspriechend Jury sech fir "De Humani corporis fabrica" (Véréna Paravel & Lucien Castaing-Taylor) entscheet, eng faszinéierend a verstéierend Rees duerch de mënschleche Kierper. Mention spéciale fir "Nous, étudiants! (Rafiki Fariala) iwwer de ganz prekären Alldag vu Studenten an der République centrafricaine.

De FIPRESCI-Präis vun der internationaler Pressejury geet un déi iranesch Tragikomedie "World War III" vum Houman Seyyedi. Och dem Jury Jeunes huet dee Film am beschte gefall.

Weider Laureaten

De Präis fir déi bescht Virtual Reality-Produktioun ass fir "All that remains" vum Craig Quintero. Eng spezial Mention gëlt fir "Container".

Den "2030 Award by Luxembourg Aid & Developement": "Los Reyes del mundo" (Laura Mora Ortega).

An dem Publikum säi Favoritt ass "The Quiet Girl" (Colm Bairéad).

Den iranesche Cineast Asghar Farhadi gouf op der Präiszeremonie vum Luxfilmfest fir seng Karriär geéiert. De Farhadi huet sengersäits en Hommage un d'Jugend vu sengem Land ausgeschwat.

Den Iran ass schonn zënter Méint vu staarke sozio-politesche Spannunge gepräägt, mat Manifestatioune géint de Regime, déi bluddeg vun den Autoritéiten niddergeschloe ginn.