Mat sengem virleschte Roman "Wootleche Krich" (2018, Editions Guy Binsfeld) hat de Jhemp Hoscheit zimmlech spéit d'Thematik vun der Pedophilie an der kathoulescher Kierch Mëtt den 1960er Joren opgegraff. Ass et ëmgedréint net vläicht ze fréi, wann hien elo schonn a sengem neie Buch "Tëschent den Zeilen" (Kremart Edition) d'Period vum Confinement wéinst dem Corona-Virus verschafft ? Déi Fro stellt sech jiddefalls och säin erfonnte Schrëftsteller Laurent Gelser :
"Wéi vill Jore musse generell vergoen, fir d'Belles-lettres am Zesummenhang mat ellene Krisenzäiten op déi richteg Manéier an och mat der néideger Dosis genéissen ze kënnen ?"
D'Lieserin an de Lieser vun der Zukunft dierft et interesséieren, wéi et war, als dräi-käppeg Famill (Papp, Mamm an Duechter mat Handy) gréisstendeels tëschent den eegene véier Maueren (ëmmerhin en Haus mat Gaart) mussen ze verbréngen. Wéi een sech dobäi gespuert hat a mat wéi enge praktesche Contrainten dat verbonne war.
Déi grëndlech Ausernanersetzung mat den diverse Verschwörungstheorië ronderëm de Virus, aus der Siicht vun engem ganz verstännege Vertrieder vun der gehuewener Mëttelklass, dee sech op laang Gespréicher mat engem Besserwësser aléisst, géif ee sech am léifste fir vill méi spéit spueren. Wann de Roman da bis als "en Zäitdokument oder eng Zort Chronik " kann ugesi ginn, "an där déi onsécher Zäit erëmgespigelt gëtt".
D'Vertrauen ass net grad dat bescht
Aus haiteger Perspektiv méi interessant ass d'Relatioun tëschent dem Laurent, fräie Schrëftsteller, a senger Fra Manon, déi - den Ëmstänn entspriechend am Teleetravail - fir eng Assurancëgesellschaft aktiv ass. Mam lästege Corona-Kontext verflecht de Jhemp Hoscheit eng Bezéiung ouni dramatesch Héichten an Déiften, mee gepräägt vu "klenge Geheimniskréimereien", déi d'Kommunikatioun bannent der Koppel belaaschten. De Mann verstoppt seng reegelméisseg Rendez-vouse mam Verschwörungstheoretiker a léisst seng Fra net a seng Manuskripter eraluussen; an d'Fra hat viru kuerzem ratzfatz eng Affär mat engem däitsche Versécherer zu München.
Ofwiesselend kréie mer d'Gedankewelt vum Laurent a vum Manon presentéiert. Wärend d'Fra sech permanent freet, ob de Laurent eppes vun hirer eemoleger Eskapad kéint spatz kritt hunn, a sech wonnert, firwat en - trotz Corona - no baussen hi sou roueg wierkt, schéngt hire Mann indirekt ze spieren, datt eppes net stëmmt. Am Roman, un deem e schreift, geet et grad ëm Vertrauensbroch an enger Koppel...
D'Kraaft vun der Literatur
Et ass, wéi wann den Dichter mat sengen empfindlechen Antennen eng Stëmmung kéint opfänken, déi en awer eréischt da versteet, wann e se op d'Pabeier bruecht, se ausformuléiert huet. Datt hie seng Fra trotz allem ëmmer nach gären huet, kënnt an de sëllege Libesgedichter, déi tëschent de Kapitele placéiert sinn, zum Ausdrock.
Ouni Zweiwel ass dem Jhemp Hoscheit säi männleche Schrëftsteller-Personnage méi komplex geroden ewéi d'Manon. Dem Laurent säi literarescht Schafen zitt sech als Metapher duerch de ganze Roman. Bezeechnenderweis och dann, wa seng Fra hiert "eegent geheimt Kapitel mat deem anere Mann" schreift.
Sou wéi en dat a sengem viregte Roman mam Camus sengem "Mythe de Sisyphe" an dem Shakespeare-Drama "Julius Cesar" gemaach hat, wieft de Jhemp Hoscheit des Kéier d'Madame Bovary mat an d'Geschicht an. Wann et iwwer zwee Gedichter heescht, et wier "wéi wann de Laurent am Manon senger Haut géif stiechen", héiert een de Flaubert säi vermeintlechen Hiwäis "Madame Bovary, c'est moi" brëllen.
Realitéit vs. Fiktioun
Ëm de Schrëftsteller, an dee sech den Hoscheit sécherlech am beschte kann eraversetzen, dréint eng villschichteg Reflexioun iwwer d'Verhältnis tëschent Realitéit a Fiktioun. Zwee Niveauen, tëschent deenen een als Auteur hin an hier sprange kann. Engersäits als Mëttel fir d'Realitéit besser ze verstoen oder op d'mannst e Sënn dran z'erkennen - gewëssermoossen och eng Funktioun vu Verschwörungs-Discoursen. Anerersäits awer och fir eng Realitéit, déi een net verdréit, kamoud kënnen ze verdrängen :
"ass hien net och deen Auteur, dee sech beim Schreiwe freet, wéi en tëschent der erzielter an der erliefter Welt jongléiere kann ? Wéi en dat Autobiografescht mat der Fiktioun vermësche kann ? Oder ass et net esou, datt hie sech d'Fro stellt, wéi een dat éischt mat deem zweete besser verwësche kann ?"
Fir de Laurent huet d'Literatur eng therapeutesch Wierkung :
"Poesie als Heelmëttel. Lyresch Sprooch als Schutzhaut ".
Eigentlech verweist dem Jhemp Hoscheit säi Lueflidd op déi literaresch Verfriemung als Befreiung vläicht ongewollt och op en traurege Constat. D'Koppel a sengem Roman ass op "kleng Geheimniskréimereien" ugewisen als d'Salz an enger soss fader Existenz. E Liewen ouni Relief an Exzesser, dat dann och besser esou bleiwe soll wéi et ass. Sou wéi de Baart virum ze rare Sex op alle Fall ewech raséiert muss ginn:
"D'Manon huet net gär, wann et ze vill kraazt. Dann huet hatt duerno vill ze rout Baken. Déi kritt et scho vläicht souwisou, awer ze vill ass ze vill."
Et ass e wotlecht Liewen, iergendwou "tëschent den Zeilen", an deem déi geréngsten Ecarten - zemools an der anxiogener Corona-Atmosphär - praktesch als Drama erlieft ginn, Ecarten iwwer déi een awer séier muss ewech kucken, fir net aus der Bunn ze geroden. Well :
"Et muss ee schwéier Momenter fir sech behalen, se versuergen, och wa se ee belaaschten. Si hënneren am Kapp, awer net am Häerz."
Et kéint ee bäifügen: tëschent zwee Buchdeckelen hënneren se och net.