Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Pressyes - Purpose

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wien ass den Tomas Bjørnstad?

Literatur

Wien ass den Tomas Bjørnstad?

Mam Wierk "Von der schönen Erde" publizéiert den Tomas Bjørnstad säin drëtt Buch bei Éditions Guy Binsfeld. Et ass ee Pseudonym, vum Auteur selwer ass net vill gewosst. Den Owend liest den Tomas Bjørnstad am Nationale Literaturarchiv zu Miersch a schwätzt mam Tim Reuter iwwer seng Literatur.

auto_stories

3 min

Marlène Clement: Valerija, den Tomas Bjørnstad bréngt säin drëtt Buch eraus: "Von der schönen Erde". Mee wien ass den Tomas Björnstad?

Valerija Berdi: Dat ass eng gutt Fro, an déi wäerte mer dann hoffentlech am Nationale Literaturarchiv beäntwert kréien.

Wat ass offiziell gewosst iwwer den Tomas Bjørnstad: hie soll 1984 ze Trondheim, also an Norwege gebuer sinn, hien huet 2018 säin éischt Gedichtsband mam Titel "Fjorde" bei Editions Binsfeld erausbruecht an huet dann 2019 e Roman mam Titel "Die Tanzenden" publizéiert.

An elo ebe soll et sech beim "Von der schönen Erde" ëm säin Opus magnum handelen, also säi bedeitendst Wierk. Wéi s de gesäis, gëtt dem Rätsel ëm dëse Pseudonym weider mat vill Humor begéint.

Firwat dann e Pseudonym?

Firwat den Tomas Bjørnstad bis elo ënner engem Preudonym geschriwwen huet, dat wäerte mer dann och hoffentlech gewuer ginn.

Interessant ass op alle Fall, datt hien och a senge Bicher inhaltlech domat spillt. Virun allem am Roman "Die Tanzenden" gëtt déi ganz Lëtzebuerger Kulturzeen zimmlech ausernee geholl.

Vläicht ass dat méi einfach, wann een net den eegenen Numm drënner setzt. Well d'Zuel vun de Lëtzebuerger Autor:innen ass awer net esou grouss an et kennt ee sech, mee bon, dat ass elo just eng Vermuddung vu mir.

Wann een an d'Literaturgeschicht kucke geet hu ganz vill Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen ënner Pseudonymme publizéiert, sief et fir en anere Genre auszeprobéieren, sief et fir iwwerhaapt ze publizéieren, zum Beispill déi dräi Schwëstere Brontë hunn ënner Männernimm publizéiert, grad esou wéi d'Jane Austen am Ufank, well et sech einfach am 19. Joerhonnert net fir eng Fra gehéiert huet, Literatur ze schreiwen.

Ech mengen de leschte ganz bekannte Fall ass d'Elena Ferrante. Mat hirem Roman "L'amica geniale" an den dräi Fortsetzungen ass si weltberüümt ginn. Dohannert soll sech déi italienesch Literaturiwwersetzerin Anita Raja verstoppen, mee dat sinn, menges Wëssens awer och just Spekulatiounen.

Ginn et da Spekulatiounen, wie sech hanner dem Tomas Bjørnstad verstoppt?

Absolut, an do ass dem Auteur oder Autorin an dem Verlag sécher e Coup gelongen, et ass méi iwwer de Pseudonym wéi iwwer seng Literatur geschwat ginn.

Spekulatioune gi vun Nico Helminger bei de Guy Helminger, oder déi zwee zesummen, dann awer och de Samuel Hamen, e ganz jonken Auteur, dann ass op den Thomas Schoos, de fréiere Mataarbechter am Verlag Binsfeld, getippt ginn, awer och op de Jeff Schinker.

Op alle Fall ass mengen ech ni e Fraennumm gefall.

Dat gëtt jo da richteg spannend am Nationale Literaturarchiv.

Absolut, mee ech sinn och op d'Buch gespaant, well "Von der schönen Erde" kléngt villverspriechend.

An elo um Enn proposéieren ech awer nach e kuerzt Gedicht mam Numm "Aufforderung" aus dem Wierk "Fjorde" vum Tomas Bjørnstad:

"Jetzt knall dich in die Blumen

und wachse, werde Beet oder Hecke,

Höcker einer Maulwurfsiedlung, späte Forsythie,

schwammblüte eines länsgt verblühten Meeres,

Seerose, Tang, kappe das Tau

und gib endlich dich zu erkennen!


Um Donneschdeg Owend gouf et dann och wéi erwaart d'Opléisung: Hannert dem Pseudonym verstoppt sech keen anere wéi de bekannte Lëtzebuerger Auteur Nico Helminger.