Konscht Wéi Kënschtler rassistesch Stereotyppe geschaf hunn

De Schwaarzen, de Judd: dat sinn zwou Figure vum Aneren. Hir Duerstellung an der Konschtgeschicht huet zur Schafung vu Stereotyppe bäigedroen, sou wéi mer se hautdesdaags nach kennen. D'Anne Beyaert-Geslin, Spezialistin fir Semiotik, huet viru Kuerzem verschidden Duerstellungsstrategien op enger Videokonferenz vum Konscht-Casino analyséiert.

Michel Delage

Jesus unter den Ärzten
"Jesus unter den Ärzten" vum Albrecht Dürer (Detail, 1506)

Giotto, Dürer, Titian, Brueghel. Dës grouss Nimm aus der Konschtgeschicht hunn - jiddereen op seng Manéier - devaloriséiert Duerstellunge vu Mënsche produzéiert, déi och haut nach de Bléck op verschidde Minoritéite bestëmmen. Dat läit um Prestige vum Kënschtler, um gesellschaftleche Statut vum Konschtwierk. Mee och wa se wéi eng Evidenz wierken: Biller sinn ni d'Wourecht, se sinn ëmmer eng Konstruktioun, erkläert d'Anne Beyaert-Geslin:

"Ce qui donne aux images une efficacité particulière, c'est aussi de représenter, à travers des propriétés figuratives, des contenus moraux, de représenter l'intelligible par du sensible. L'image prétend ainsi révéler des vices cachés. Toutes les vilenies s'incarnent dans un faciès. C'est ainsi que la monstruosité morale de la sorcière va se confondre avec sa laideur, se dira par sa laideur. Elle est moche parce qu'elle est méchante.

L'image invente donc une apparence, et l'effet d'évidence imposant la certitude, elle fait croire à cet autre inventé. Elle détermine ainsi le regard porté sur lui et, à l'échelle de la société, la considération de telle ou telle catégorie construite sur le trait commun prétendu.''

Wéi deen Aneren erfonnt gouf

Well d'Biller verallgemengere kënnen, erlaben se eis, d'Welt ze verstoen. Verallgemengerung, datt heescht awer och d'Schafe vu Virurteeler, vu Stereotyppen. Et ass d'Zesummespill vun engem mentale Bild an enger materieller Duerstellung.

D'Semiotikerin vun der Uni Bordeaux Montaigne ënnersicht déi spezifesch Strategien, mat deenen d'Kënschtler am Laf vun der Zäit deen Aneren - zum Beispill de Judd, de Schwaarzen - duergestallt, an eigentlech erfonnt hunn:

"Pour chacun d'eux, une stratégie énonciative spécifique est mise en jeu. Elle peut recourir à la déformation, à l'amputation du visage - c'est ce qui se produit souvent pour les figures noires -, à la collectivisation. Mais elle emprunte toujours une définition structurale qui, par de simples contrastes, par la juxtaposition, décrit le beau et le laid, le bon et le méchant, le supérieur et l'inférieur, relativement, et impose cette évidence. L'image construit une altérité de comparaison, où l'observateur s'identifie au protagoniste de la scène en se mettant au centre du système et du côté du bon, bien sûr s'il le peut."

Analys vu Positioun, Volume an Orientatioun

D'Anne Beyaert-Geslin proposéiert dräi Krittären, fir Tabloen z'analyséieren, an déi et erlaben ze verstoen, wéi déi eng Personnagë valoriséiert an anerer devaloriséiert ginn. Dës dräi Krittäre sinn d'Positioun, de Volume an d'Orientatioun:

"La position obéit à une polarité centre-périphérie qui, suivant l'attraction centripède du tableau, place les figures qui 'importent' le plus au centre de la composition. Le volume résulte en fait de la localisation dans la profondeur qui permet de contrôler leur hauteur et leur largeur. Il y a donc une double tension, où pour valoriser l'autre il faudra le mettre le plus au centre possible et au premier plan. Et pour le dévaloriser, le mettre à la périphérie et dans la profondeur."

Um Titian sengem Bild "Diane et Actéon", aus der Mëtt vum 16. Joerhonnert, erkennt ee ganz riets um Bord eng schwaarz Fra: d'Positioun vum Déngschtmeedchen, dat déi wäiss plakeg Fra, eng Gëttin, en Valeur soll setzen. Schwaarz Personnagen goufen och dacks, kaum erkennbar, op däischterem Hannergrond gemoolt, eng weider Strategie fir se ze marginaliséiere géigeniwwer anere Personnagen, déi am Mëttelpunkt stoungen.

Nieft der Positioun an dem Volume ass en drëtte Krittär fir d'Analys dee vun der Orientatioun vun enger Figur, déi entweder vu vir oder vu Profil duergestallt gëtt:

"Quelle que soit la règle culturelle, la face endosse toujours la valeur la plus haute et le profil la valeur la plus basse. Il y a bien sûr beaucoup d'exceptions, à commencer par le portrait de Jean II Le Bon (1360) du Musée du Louvre, l'un des premiers portraits connus, qui représente le roi de profil - ce n'est pas, bien sûr, péjoratif.

Si cette négativité du profil n'est pas une règle generale, le profil se prête tout de même à la caricature. En raison de son asymmétrie, de son irrégularité, le profil permet de changer les proportions: je peux faire un grand nez, un petit menton, un petit front, etc. Et ces transformations seront plus visibles que dans la face."

De Stereotyp vum Judd

Am Albrecht Dürer sengem Tableau "Jesus unter den Ärzten'' vu 1506 gëtt en alen, blatzege Judd vu Profil gewisen, woumat seng Hokennues ënnerstrach gëtt. Zwee Joerhonnerte méi fréi hat den Giotto a sengem "Baiser de Judas" de Judas mat enger Partie vun den ofwäertenden Zich duergestallt, déi sech mat der Zäit sollten halen an och de Stereotyp vum Judd prägen. Sou war de Judas zënter dem 9. Joerhonnert mat rouden Hoer gewise ginn:

"Et à partir du XIIIe siècle par des traits très variables: la petite taille, le front bas, la peau sombre, le nez crochu (toujours), le masque bestial et convulsé, la bouche épaisse et les lèvres noires (à cause du baiser accusateur), la robe jaune, une gestualité désordonnée, la main qui tient la bourse, le chien placé à ses côtés, le crapaud qui sort de sa bouche, etc."

Radikale Wiessel vun der Portraitskonscht

Am 20. Joerhonnert huet sech d'Konscht vum Portrait radikal verännert, hin zu enger ethescher Approche, seet d'Anne Beyaert-Geslin. Duergestallt gouf net méi en erkennbaren Individuum, mee en defiguréierte Mënsch, een dee fir se all sollt stoen. D'Molerei vun engem Arnulf Rainer, engem Georg Baselitz oder Francis Bacon, oder och dem Giacometti seng Skulpturen hätten dee Wiessel verdäitlecht. Mir sinn hei wäit ewech vun der fréierer Glorifikatiounsfonctioun vun de Portraiten, sou d'Anne Beyaert-Geslin:

"La glorification ne se fonde pas ici sur quelques hauts faits. Elle renie au contraire tout éloge par l'ironie, l'absurde, la dérision, la péjoration. Cette glorification antithétique induit une redéfinition de l'individu. L'être célébré dans sa singularité se trouve réduit à son statut d'homme, de simple mortel. Plus exactement, la célébration, la glorification consistent à tourner les mesquines gloires individuelles en dérision pour ne conserver que celle, plus grande ou petite, d'être un être humain. Et finalement de se tenir debout, ce qui est déjà essentiel."


D'Anne Beyaert-Geslin huet viru Kuerzem fir de Casino Luxembourg-Forum d'Art contemporain eng Videokonferenz gehale mam Titel: "Art et racisme. Comment les chefs-d'oeuvre inventent l'autre".

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Protester a Frankräich am November
Kommunikatioun

Biller sinn net onschëlleg a kënne Gewalt ausléisen. Och Karikaturisten hunn eng Verantwortung, seet d'Marie-Josée Mondzain. D'Philosophin warnt awer virun enger Confiscatioun vun de Biller duerch de Pouvoir.

Grafkulturen

D'Aart a Weis, wéi mir mat eisen Doudegen ëmginn, verréit eppes iwwer eis Gesellschaft. An enger rezenter Videokonferenz vum Institut Pierre Werner goung et ëm d'Entwécklung vun de Grafkulturen.

Georges Floyd
Medien

Zanter datt se vill a séier op soziale Medie gedeelt kënne ginn, si Biller méi visibel, seet den André Gunthert. Fir de Spezialist fir d'Geschicht vum Visuelle kënnt dat och Minoritéiten zegutt.

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Journaliste-présentateur/trice

    radio 100,7

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche Un/e Journaliste-présentateur/trice sous contrat à durée indéterminée et à tâche complète (40h/semaine).

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Sot emol vun 10 bis 11

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat enger Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen