Radioen

On air

De Weekend  |  Solange - Cranes In The Sky

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng mère-poule iwwer eng Natioun vun Hypochondere waacht

Literatur

Wéi eng mère-poule iwwer eng Natioun vun Hypochondere waacht

'Virons le virus ! Essai de journal (dé)confiné'' (Capybarabooks) ass ënnerhalend mee och déifgrënneg. Fir de Psychanalyst Paul Rauchs sinn d'Wuertspillereie kee Selbstzweck, mee droen zur Opklärung bäi.

auto_stories

4 min

Mat engem gewësse literareschen Usproch wëllen iwwer Corona ze schreiwe geet, wéi d'Erfarung weist, meeschtens net gutt aus. Am beschten aus der Affär gezunn huet sech an deene leschte Méint d'Tania Naskandy (alias Guy Rewenig) mat hire Statements an Haiku-Form. Anerer, déi et mat kuerzen essayisteschen Texter probéiert hunn, si leider net iwwer Banalitéiten erauskomm. Do gëtt et net besser, wann d'Sprooch och nach schwéierfälleg (Gaston Carré) oder mat pseudo-humoristeschen, eidele Wuertspillereien (Laurent Moyse) dohier kënnt.

Elo huet sech och de Psychiater a Psychanalyst Paul Rauchs mam Confinement an Deconfinement vum leschte Joer ausernee gesat. D'Lieser vun der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land kenne seng satiresch Chroniken, déi hie schonn zënter méi laangem do ënnert dem Titel ''Maux dits d'Yvan'' (maudit divan) verëffentlecht. Eng Rei vun dësen Texter huet de Paul Rauchs ausgebaut a se am Band ''Virons le virus ! Essai de journal (dé)confiné'' (Capybarabooks) versammelt.

''Des gros mots pour de grands maux''

Och hei hu mer et nees mat essayisteschen Texter voller Wuertspiller ze dinn. Mee dat Stilmëttel gëtt hei vill méi konsequent agesat wéi bei engem Laurent Moyse, dee just op en einfachen humoristeschen Effet aus war.

Beim Paul Rauchs ka sech zwar duerchaus eng Komik erginn. Méi wichteg sinn awer d'Erkenntnesser, déi een duerch déi associativ Method an dem Spill mat de Wierder an hire Bedeitunge gewënnt. ''Les mots révèlent toujours plus que ce qu'ils semblent vouloir dire'': Do schreift ëmmerhin e Psychanalyst, dee vu Beruff aus versicht ze verstoen, wat sech alles esou hannert engem Lapsus verstoppt ! Oder hanner enger Mask, well ''le masque sert autant à masquer qu'à démasquer''...

D'Wuertspiller sinn hei also vill méi wéi just en ''exercice de style'', wéi zum Beispill dee gelongene Passage, dee wéi eng Schlaang ronderëm d'Iddi vun den Hänn an dem Hännwäsche kreest, woubäi dee Gedanken, wéi eng Zitroun, bis op déi lescht Drëps (oder bal) ausgepresst gëtt.

Rush op d'Toilettëpabeier keen Thema

De Paul Rauchs setzt awer net nëmmen op dat Spill mat de Wierder, mat hire Kläng a Bedeitungen. Nieft de ville Referenzen, déi säi Buch enthält (Platon, Freud, Nietzsche, Camus, Kafka, fir nëmmen déi wichtegst ze nennen), liese mer och dat eent oder dat anert méi poetescht Kapitel. Den Auteur beschreift hei dat neit Zäitgefill wärend dem Confinement, oder wéi hien iwwerhaapt emol säi Gaart wierklech wouer geholl hat, sou wéi en am Fréijoer opgebléit war.

''Virons le virus !'' gräift zwar och dat Anekdotescht a Banaalt op, mee setzt déi Observatiounen an e méi groussen Zesummenhang. De Rush op den Toilettëpabeier, op dee sech (Pseudo)-Satiriker nëmmen all ze gär stierzen, gëtt net weider thematiséiert. Vläicht ass et e Virurteel ze mengen, datt e Psychanalyst eng déif Bedeitung an deem Kafakt misst erkennen...

Psychesch Viraussetzungen a Konsquenzen

Wat de Paul Rauchs allerdéngs ervir hieft, dat ass ënnert anerem déi grouss Bereetschaft, mat där d'Populatioun am Fong d'Fräiheetsaschränkungen acceptéiert huet. ''Le virus est tombé sur le fertile terreau de l'hygiénisme, déjà bien labouré avant l'hiver 2020'', erkläert de Psychanalyst.

Virum Hannergrond vun déiwen existenziellen Ängschten, déi duerch eng ganz Partie gesellschaftlech Entwécklunge verschäerft gi wieren, géif de Corona-Virus wéinstens als eng gräifbar Menace erschéngen. Tëschent den eegene véier Wänn agespaart ze ginn, géif eng gewësse Sécherheet bidden. Fir vill Mënsche wier dat eng Erliichterung gewiescht. Mee d'Distanzreegelen hunn, dem Paul Rauchs no, och hire Präiss :

''Le corps de l'autre, de plaisir se fait danger, l'ordre hygiéniste prépare le retour de l'ordre moral, et co-vid veut dire aussi : être vide ensemble.''

De Virus hätt eng Natioun vun Hypochondere geschaaft, iwwer déi d'Gesondheetsministesch Paulette Lehnert wéi eng ''mère-poule hyperprotectrice'' iwwer hir Jippelcher géif waachen. De Paul Rauchs bezitt sech op d'Lektioun vum Ödipus :

''En voulant éloigner le destin, bien souvent l'homme ne fait que le précipiter. En éloignant les hommes les uns des autres, on veut éloigner le virus qui a déjà tué le vivre-ensemble de la société.''