Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Crinan Wood - In Your Room

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Filmer fir de Filmfestival?

Luxembourg City Film Festival

Wéi eng Filmer fir de Filmfestival?

Virun e puer Méint hunn e puer Memberen de Comité artistique vum Luxembourg City Film Festival verlooss. Am Hannergrond wier ëmmer d'Fro, ob méi Filmer vu Lëtzebuerg solle selektionéiert ginn, seet den Nico Simon.

auto_stories

2 min

D'Ouverture vum Festival (Foto: CNA, Romain Girtgen)

Wéi gëtt d'Programmatioun vum Luxembourg City Filmfestival zesummegestallt? Den Alexis Juncosa ass zënter den aacht Joer, wou et de Filmfestival gëtt, derbäi. All Joers geet hien op d'Sich no neie Filmer. E Comité artistique soll entscheeden, wat fir eng Propositioune geholl ginn oder net. Dobäi stellt sech och all Joers d'Fro, ob Lëtzebuerger Produktiounen et an den offizielle Programm packen.

Eng Fënster fir Lëtzebuerg

"Mir sinn all der Meenung, datt mer dem Lëtzebuerger Film sollen eng Fënster bidden", esou déi fréier DP-Politikerin Colette Flesch, Presidentin vum Festival. Wéinst der Diskussioun iwwert d'Roll vum Lëtzebuerger Kino während dem Festival gouf d'Gouvernance vum Festival geännert: Et kann een net méi Member vum Verwaltungsrot a gläichzäiteg Member vum Selektiounscomité sinn. Den Nico Simon, deen dowéinst aus dem Selektiounscomité ausgetrueden an am Verwaltungsrot bliwwen ass, seet, d'Plaz vum Lëtzebuerger Kino um Festival wier eng lafend Diskussioun.

Interessekonflikt?

De Lëtzebuerger Filmfong hätt "e bëssen insistéiert" fir Lëtzebuerger Filmer um Festival ze weisen, esou den Nico Simon. Datt eng Vertriederin vum Filmfong am Selektiounscomité vum Festival vertrueden ass, kéint en Interessekonflikt sinn. Déi Persoun hätt en direkten Interêt fir d'Programmatioun vum Festival z'influenzéiere fir d'Choixe vum Filmfong ze rechtfertegen.

Aus dem Selektiounscomité ausgetruede sinn och d'Viviane Thill an de Joy Hoffmann. "Am Hannergrond bleift ëmmer déi Fro, ob een net soll oder muss méi Lëtzebuerger Filmer fir de Luxfilmfest eraussichen", seet den Nico Simon.

Onofhängegkeet

"D'Diskussioun ass elo ofgeschloss an de Filmfestival leeft gutt", esou d'Colette Flesch. D'Onofhängegkeet vum Selektiounscomité wier garantéiert. De Choix vun de Filmer géif vum Comité artistique an net vum Verwaltungsrot gemaach ginn. De Kulturminister Xavier Bettel (DP) hätt keen Afloss geholl. Et wier keng politesch Amëschung ginn, esou d'Presidentin vum Festival.

De Luxembourg City Filmfestival huet dësen Donneschdeg ugefaangen. Bis de véierte Mäerz gëtt probéiert méi wéi 30.000 Spectateuren unzezéien. De Festival ass mat 700.000 Euro hallef vun der Stad Lëtzebuerg an hallef vum Staat finanzéiert.