Radioen

On air

De Moien  |  Gilles Baum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi een Auswee no enger Vergewaltegung?

CinEast

Wéi een Auswee no enger Vergewaltegung?

"Filthy", vun der jonker slowakescher Realisatrice Tereza Nvotová, ass een däischtere Film iwwer Vergewaltegung an den Zoustand vun der Psychiatrie an der Slowakei. Ouni Kompromësser an der Schwäerzt, mä filmesch gutt ëmgesat. Ee Film aus der offizieller Competitioun vum CinEast.

auto_stories

3 min

Dat 17-Joer aalt Lena stellt sech vir, wéi et esou ass mat de Jongen. Am Géigesaz zu senger beschter Frëndin, mat deem et sech ënnert anerem iwwer Sexualitéit austauscht, ass d'Meedche besonnesch introvertéiert. Seng ongewollten éischt an traumatesch Erfarung kann d'Lena awer mat kengem deelen, sou datt et fir sech nëmmen een Auswee gesäit ...

Déi jonk slowakesch Regisseurin Tereza Nvotová behandelt an hirem éischte Long métrage "Filthy" (Špina) déi schwéier Sujete Vergewaltegung a Suicide. D'Perspektiv ass déi vum Affer vu Vergewaltegung. D'Fro, wéi et mat där traumatescher Experienz ëmgeet a sech vun der Schan, dem "Dreck" (filth) versicht ze rengegen, beherrscht de ganze Film.

Filmesch Ëmsetzung vun der Isolatioun

D'Lena sicht net de Kontakt mat der Famill oder de Kollegen, et kapselt sech vu sengem Ëmfeld of. Filmesch iwwersat gëtt dem Meedche seng sozial Isolatioun duerch d'Kamera-Aarbecht (Gros planen, déi säin apathescht Gesiicht festhalen, während alles ronderëm onschaarf bleift) a Sound-Teppecher, déi d'Geräischer am Bild erstécken.

D'Actrice Dominika Morávková-Zeleníková verkierpert de Personnage vum Lena op eng ganz zréckhalend Aart a Weis, de Gesiichtsausdrock ass meeschtens traureg, rosen oder eidel, d'Beweegunge ginn op e Minimum begrenzt, d'Laascht vum Trauma liest een ëm reegelrecht of.

Problematesch Dräiecksbezéiung

D'Elteren, déi net verstinn, wat hiert Meedchen huet, bleiwen als Personnagen och deementspriechend bleech. Scho méi Konture kritt de behënnerte Brudder, fir deen d'Meedche sech schummt - eng weider Belaaschtung. Méi wichteg ass am Film allerdéngs dem Lena seng Relatioun mat zwee anere Meedercher am selwechten Alter. Dat eent - eng Leidensgenossin - léiert et an enger psychiatrescher Institutioun kennen.

An dann ass et d'Bezéiung zur beschter Frëndin, déi gläichzäiteg och Deel ass vun enger problematescher Dräiecksbezéiung ... mam Vergewalteger! Dat ass de Knuet, deen de Film versicht opzeléisen. Ee Knuet, deen eng Parallel an der sentimentaler Entwécklung vun engem jonke Meedche schaaft: engersäits eng duerch Vergewaltegung zerstéiert Sexualitéit, anerersäits een "normaalt" Verlaangen.

Ze vill däischter?

"Filthy" ass ee ganz däischtere Film, dee keng Plaz léisst fir méi labber Momenter. Zousätzlech belaascht gëtt d'Atmosphär vum Film duerch eng Denonciatioun vun der Psychiatrie an der Slowakei. Dem Spectateur bleift näischt aneschters iwwreg, wéi mat der Haaptprotagonistin mat ze leiden an op den eventuelle Moment vun der Befreiung ze hoffen ...

Déi kompromësslos Schwäerzt, virum Hannergrond vun enger trister urbaner Landschaft, ass vläicht dee gréisste Schwaachpunkt vum Film. Fir een éischte Fiktiounsfilm (déi jonk Tereza Nvotová huet schonn een Documentaire gemaach) ass "Filthy" jiddefalls villverspriechend.


"Filthy" (Špina) ass ee vun aacht Filmer an der offizieller Kompetitioun vum CinEast-Festival. Ze gesinn ass de Film nach eng Kéier de Mëttwoch 11. Oktober um 18:30 an der Cinemathéik.