Radioen

On air

Al Schanken  |  Vaughan, Stevie Ray - Pride And Joy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi den David seng Stëmm verluer huet

Graphic Novel

Wéi den David seng Stëmm verluer huet

Gutt zéng Joer sinn et hier, datt déi flamännesch Illustratrice Judith Vanistendael, Joergang 1974, hiren Duerchbroch erlieft huet. An zwar mat der Graphic Novel "La jeune fille et le nègre". Eng Reaktioun op eng Publikatioun vun hirem Papp, de bekannte belschen Auteur Geert Vanistendael, deen, an hiren Aen, hir Relatioun mat engem Refugié aus dem Togo, net ganz korrekt erëmginn huet. Véier interessant Bicher sinn nokomm. D'Kerstin Thalau huet "David les femmes et la mort" besonnesch beandrockt.

auto_stories

3 min

Ost-Berlin am Joer 2000. D'Fotografin Miriam bréngt, eleng doheem an der Buedbidden, hir Duechter Louise op d'Welt. Quasi zäitgläich gëtt hire Papp, de Libraire David, gewuer, datt hien eng Tumeur um Keelkapp huet. Seng Ex-Fra, der Miriam hir Mamm, hat sech virum Fall vun der Mauer an de Westen ofgesat. Den David ass entretemps mat der 17 Joer méi jonker Textildesignerin Paula zesummen, hiert gemeinsaamt Meedchen Tamar ass eréischt knapps néng Joer al. Obschonn de Medezinner, en ale Kolleeg vum David, gutt Chancë fir eng Heelung prognostizéiert, spiert ee vun Ufank un: dat do geet schif.

D'Illustratrice Judith Vanistendael taascht sech mat Aquarell a Pinsel un d'Schicksal erun, an zwar chronologesch, mee si widmet an engems all hiren Helden en Eenzelkapitel, haaptsächlech de Protagonistinnen an hirer Aart a Weis mat der Krankheet ëmzegoen, iwwerdeems den David sech ëmmer méi a sech zeréckzitt.

Gedeelte Verzweiwlung

Do ass eben d'Miriam, déi als Krichsfotografin am Kosovo materlieft huet, wéi e Kand virun hirer Lëns erschoss gouf. Dat wëllt si um Jakobswee verschaffen, léiert do de Schräiner Louis kennen, dee säin Holz net méi fille kann; déi Zwee deelen hir Verzweiwlung um Feldbett mateneen, mee um Enn flücht hien heem a seng Bezéiung. D'Miriam stellt seng Schwangerschaft fest an decidéiert, datt dëst Kand net sënnlos stierwen dierf.

D'Tamar, der Miriam hir 16 Joer méi jonk Hallefschwëster, freet et, datt hatt onverhofft Tata gëtt. Dat klengt Louise ass gräifbar, d'Lous vu sengem Papp net. A wann den David an d'Tamar och an dësem Joer nees hiren traditionelle Segelausfluch maachen, da schéngt dach alles normal ze sinn, oder net? Déi kleng Mierjongfra, déi d'Tamar beim Schwammen am Séi iwwerrascht, kann zum Theema "endlech" och näischt bäidroen: fir si gëtt et just "onendlech". Gutt, datt dem Tamar säi beschte Frënd, de Max, sech Gedanke mécht, déi zu Pabeier bréngt a se per Loftballon bei d'Segelboot schéckt: hie proposéiert, den David duerch Mumifizéieren ze retten, wat déi zwee kuerz drop mat Petzien trainéieren.

"Bal all Aquarell e Konschtwierk fir sech"

Dem David seng Fra Paula weess hirer kreativer Hänn kee Rot méi. Si sicht hir zweet Hallschent, wëllt sech oppen iwwer Gefiller austauschen, mee dee Mann un hirer Säit richt op eemol anescht a fir mental staark ze bleiwen, musshi en esou maachen, wéi wann näischt wier. D'Paula huet d'Gefill ganz eleng an enger schwaarzer Këscht agespaart ze sinn, an dat eenzegt, wat do mat hir kommunizéiert, sinn dem David seng Metastasen, a Fluo op de Rëntgen un de Maueren. D'Paula versicht, den David ze sculptéieren, quasi Gëttin ze spillen, him duerch d'Konscht en neit Liewen ze ginn: mee dobäi kënnt just eng Zort camoufléierte Skelett-Hampelmann eraus. An der Paula hirem Kapitel ass zeechneresch am meeschte lass, heiansdo zitt hir Illustratrice hir Casë mat engem roude Stréch no, wéi wa se der Paula eng Stäip wéilt ginn.

D'Judith Vanistendael weess, wouvunner si zeechent. Si huet de Stierfprozess bei hirem Stéifpapp materlieft. Engem hëllefen, engem no si wëllen, deen net kommunizéiert, ass quasi onméiglech. En Doudkranken schléisst domat déi, déi him am wichtegste sinn, aus. Mee fir d'Judith Vanistendael huet hien a sengem Kampf all Rechter. Op knapps 300 Säiten ass et dës Iwwerzeegung, déi iwwerlieft. A Comic-Fans-Foren um Internet ass "David les femmes et la mort" mëttelméisseg bis gutt ewechkomm. D'Geschicht wier fir eng BD ze realistesch, d'Zeechnungen net prezis genuch. Mee grad doduerch huet d'Buch mech am Fong zimmlech matgeholl. Well bal all Aquarell e Konschtwierk fir sech ass, a Stëmmungen op eng ganz aner Manéier wéi Wierder illustréiert.

D'Judith Vanistendael huet zwee Joer laang fir hir Graphic Novel, ënner anerem a Spideeler, recherchéiert, a gezeechent. Hiren Ëmgang mam Sujet sëtzt. Wat net prezis genuch ass, ass zimmlech sécher gewollt net prezis genuch. Sou, präzis genuch?