Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi funktionéiert gelieften Demokratie?

Ausstellung

Wéi funktionéiert gelieften Demokratie?

Mir liewen zu Lëtzebuerg an enger Demokratie, an dat ass gutt esou. Mee wat huet Demokratie eigentlech mat eis ze dinn? Wéi demokratesch sidd Dir an ech eigentlech? An der Abtei Neimënster am Gronn kann een zanter dësem Weekend an engem sougenannten Demokratie-Labo Äntwerten op dës Froe fannen.

auto_stories

3 min

Demokratie als Experiment, als quasi chemesch Verbindung vu ganz ënnerschiddlechen Elementer di sech zu engem Stoff zesummen doen, deen zugläich deen ass deen dat ëffentlecht Liewe reegelt un deem mer méi oder manner all Deel huelen. Gläich Uganks vun der aktueller Ausstellung gëtt de Visiteur op enger Borne vun enger Laborantin (gespillt vum Fabienne Hollwege) empfaangen an opgefuerdert säin eegent Verhältnis zur Demokratie z'erfuerschen an eng Iddi ze kréien iwwer dat grousst a Ganzt dat sech hannert dëser éierbarer Iddi verstoppt.

Erkläert d'Zil vu "Demokratie-Labo", esou nennt sech di interaktiv Ausstellung déi dëse Weekend op gaangen ass, ass et esouwuel Kleng wéi Grouss zum Nodenken iwwer gesellschaftlech Froen an d 'Zesummeliewen unzereegen an zugläich opzefuerderen sech mat aneren doriwwer auszetauschen. Dat innerhalb vu Schoulklassen awer och ënner Erwuessener oder an enger Koppel, deenen hei beispillsweis eng wëllkomme Méiglechkeet gebuede gëtt sech am Lockdown nach besser kennen ze léieren an och di klengst méiglechst Gesellschaft weiderhin ze festegen.

Den Demokratie-Labo besteet aus 16 Module mat insgesamt 61 Statiounen. Änlech wéi bei engem Experiment gëtt hei eng aktiv Haltung gefuerdert. Visiteuren drécken u Knäppercher, zéien un Hiewelen an dréien u Scheiwen. An engem Begleetheft dat een am Ufank vu der Ausstellung an d'Hand gedréckt kritt, kann ee mam Bläistëft di eegen Äntwerten androen. Opgegraff gi Froen net ronderëm de Fonctionnement vu Walen, den Zesummebau vun enger Regierung, mee Froen iwwer di eege Meenung, zu Situatioune wou mer eis net eens sinn a wéi een doropper reagéiert, iwwer de Grad zu deem mir selwer bereet sinn aner Meenungen zouzeloossen, iwwer wat Noriichte sinn, iwwer Diskriminatioun, iwwer Radikaliséierung oder Diktatur.

Wat ass eng fair Behandlung?

Ausgeschafft gouf dës Konzept vum hollännesche Sozialpedagog Jan Durk Tuinier vun der Stichting Vredesedukatie, der hollännescher Stëftung fir Friddenserzéihung.

"Hei geet et ëm Gläichheet", erkläert den Hollänner virun enger Plexiglas-Këscht an déi ee Jicken duerch verschidde Réier erawerfe kann, déi fir verschidde Positioune stinn zu deenen een da verschidde Kommentare kritt, deemno a wéi enger Këscht se ënnen erauskommen.

Zum Beispill zu "All Mënsche sollen ëmmer gläich behandelt ginn". "Wat denkt Dir, ass et jo oder neen?" freet mech de Jan Durk Tuinier. "Jo", soen ech an d'Bull leeft erof an d'Këscht wou drop steet : neen, Leit sollen net ëmmer gläich behandelt ginn. Zum Beispill sinn Handicapéierten-Parkplazen net fir all Leit do. Folglech musse mer feststellen, sou de Jan Durk Tuinier: "Vill soen, jo d'Leit mussen ëmmer gläich behandelt gi well et fair ass, wann et eigentlech nëmmen da fair ass wa mer Leit verschidde behandelen".

Um Enn kritt een dann eng Zort Rapport. Dee soll awer weder eng Bewäertung sinn nach eng politesch Ausriichtung festleeën, sou den Direkter Marc Schoentgen.

"... Et gëtt ganz bewosst keng Wäertung geholl. Et gëtt net gesot: Du bass e gudden Demokrat oder Du bass e schlechten oder e mëttelméissegen Demokrat. Wat géife mer eis umoosse fir elo anere Leit déi mer net kennen et Certificat ze ginn? E gudden oder e schlechten oder e mëttelméissegen Demokrat, dat ass net d'Zil dovunner an dat soll och net an deem Labo-Rapport erauskommen. Et ass méi di Selbstreflexioun, dat Sinn-ech-demokratesch-wou-sinn-ech-net-demokratesch. Et muss een sech mat sech selwer beschäftegen a mat der Demokratie natierlech. Et gëtt keng Wäertung virgeholl an et gëtt och kee politesche Positionnement domadder vehiculéiert. Et spigelt ee selwer erëm, et spigelt Gesellschaft erëm an et ass e Spigel vun der Demokratie ganz individuell."

D'Ausstellung ass dann och op Lëtzebuerg adaptéiert, dat heescht éischtens emol dräisproocheg ausgeriicht an och ronderëm Froe wéi "Wat ass e richtege Lëtzebuerger?"oder d'Thema Aarmut artikuléiert. Datt se vollkommen op Digitales verzicht, wier e bewosste Choix gewiescht mengt den Hollänner Jan Durk Tuinier, deen sech esou méi Déift versprécht an a senger Approche Wäert op manuell Manipulatioune leed.