Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ''We want to go Disney!''

Luxfilmfest

''We want to go Disney!''

De mexikanesche Film ''Los Lobos'' (The Wolves) vum Samuel Kishi weist op eng flott Manéier, wéi Kanner en objektiv schwieregt Immigranteliewe mat Hëllef vun der Fantasie kënnen iwwerspillen.

auto_stories

2 min

Eng jonk mexikanesch Mamm (Martha Reyes Arias) an hir zwee kleng Bouwe sichen hiert Gléck déisäits der Grenz, beim groussen amerikaneschen Noper. An der Grenzstad Albuquerque musse se awer ganz ënnen ufänken: d'Sue ginn de Moment just duer fir eng Wunneng, déi grad esou butzeg ewéi dreckeg ass. A wärend d'Mamm daagsiwwer mat zwee Jobben d'Famill muss iwwer Waasser halen, bleiwen d'Jongen doheem a beschäftege sech wéi se kënnen.

Eng kämpferesch Band

''Los Lobos'' (The Wolves) vum Mexikaner Samuel Kishi behandelt d'Problematik vun der Immigratioun aus der Perspektiv vu Kanner, an dat ouni Miserabilismus. D'Situatioun vun där klenger Famill ass zwar schwiereg, virun allem fir d'Mamm, där hire Liewensinhalt aus net vill méi ewéi schaffen a schlofe besteet.

Mee d'Fra ass kämpferesch. Net fir näischt nennt sech déi kleng Band ''d'Wëllef'', well ''Wëllef kräischen net, si weisen d'Zänn''. Wärend si aus dem Haus ass erwaart si vun hire Bouwen eng strikt Disziplin (een op engem ale Kassetterekorder enregistréierten Dekalog vu Reegelen). Mat der Aussiicht op e Besuch an den Disney-Park, wat hei fir Kanner e Symbol vum amerikaneschen Dram soll duerstellen, ginn d'Jonge motivéiert.

D'Fantasie iwwerspillt déi schwiereg Realitéit

''Los Lobos'' ass virun allem och e Film iwwer d'Kandheet, enger onbeschwéierter Zäit, an där alles méiglech erschéngt. Kanner hunn d'Fäegkeet, fir objektiv schwéier Liewensbedingungen einfach auszeblennen a se mat hirer Fantasie ze iwwerspillen.

Dat klengt Zëmmer, an deem se quasi agespaart sinn, ass fir si en Abenteuerpark, an deem si spillen, rolzen, experimentéieren, Grenzen austesten, op d'Mauere mole kënnen. D'Sequenzen, an deenen déi Zeechnunge sech op eemol animéieren, gehéieren zu de Reussitte vum Film.

A wann dës kleng Welt ze enk gëtt, da wot een sech an déi grouss eraus - entgéint dem ausdréckleche Wëlle vun der Mamm. Dobausse fannen se dann aner Spillméiglechkeeten mee och déi eng oder aner Geforequell. A si léieren, datt Mënsche gläichzäiteg béis a gutt kënne sinn: dat alles muss ee selwer erausfannen.