Radioen

On air

Notturno  |  The Beach Boys - God Only Knows

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat leeft op dengem Sonndeg, Daniel Migliosi?

Emissioun

Wat leeft op dengem Sonndeg, Daniel Migliosi?

Den Jazz-Trompettist wunnt a studéiert zu Köln. Weekends spillt hien dacks emol Concerten oder kënnt seng Frënn a Famill op Lëtzebuerg besichen.

auto_stories

1 min

Hien huet grad emol 18 Joer an ass scho virun zwee Joer op Köln geplënnert. Seng Première mécht hien iwwer den EBac. Donieft ass den Daniel Migliosi Jungstudent op der Universitéit zu Köln. Hie kann un all de Coursen deelhuelen a kritt och d'Punkten dofir ugerechent. Den Ënnerscheed zu Bachelorstudenten ass, datt seng Coursen net obligatoresch sinn.

Lescht Joer koum säin éischten Album "Left on Scene" vu senger Band Daniel Migliosi Sextet eraus.

Den Daniel Migliosi huet eng eege Sonndesplaylëscht vu Musek, "do ass och Musek dobäi, déi een net onbedéngt géif vun engem Jazz-Museker erwaarden". Dorënner Indie, R'n'B, och e bësse Rap.

Dem Trompettist säi Lidd, dat hie matbruecht huet kënnt vun Dayglow an heescht "Can I call you tonight".