Radioen

On air

Notturno  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat huet de Pierre Soulages esou besonnesch gemaach?

Abstrakt Konscht

Wat huet de Pierre Soulages esou besonnesch gemaach?

De Pierre Soulages war bekannt fir seng schwaarz, balkenhaft Wierker. De Moler, deen d'Faarf Schwaarz mat der Luucht zesummebruecht huet, gëllt als ee vun de gréisste franséische Kënschtler vum 20. Joerhonnert. Wat mécht seng Wierker esou besonnesch?

auto_stories

1 min

Vill franséisch Medie bezeechnen de Moler, deen d'Faarf Schwaarz mat der Luucht zesummebruecht huet, als ee vun de gréisste franséische Kënschtler vum 20. Joerhonnert.

Vu villen Experte gouf hie scho fréi als dat europäescht Géigegewiicht zu den amerikanesche "abstrakten Expressionisten" ugesinn. Seng schwaarz, kalligraphiehaft Formen si schnell zu sengem Markenzeeche ginn. Seng Reflexioune vun der Faarf Schwaarz huet hien "outrenoir" genannt.

Lauschterenplay_arrow

Wierker, déi fir sech selwer stinn

Scho vu klengem un huet hien ugefaangen all Dag ze molen. Virun allem wollt de Pierre Soulages Wierker schafen, déi näischt representéieren, mee nëmme fir sech selwer stinn. Hien huet eng abstrakt Konscht ugestrieft, an et war d'Aufgab vum Observateur, seng eegen Interpretatioun mat eran ze bréngen.

2019 ass eent vu senge Wierker am Louvre zu Paräis fir 9,6 Milliounen Euro verkaaft gi - ee Weltrekord. De fréiere Weltrekord louch hei bei 9,2 Milliounen Euro fir eng Leinwand, déi 2018 zu New York verkaaft ginn ass.

Am Mee 2014, deemools am Alter vu 94 Joer, hat de Pierre Soulages déi grouss Éier, zu Rodez, senger Heemechtsstad, un der Aweiung vun engem Musée deelzehuelen, dee ganz sengem Wierk gewidmet ass.