D'Vergänglechkeet vun allem, d'Bewosstsinn, datt een esou lues um Enn ukomm ass, oder nach net grad, mee datt den Horizont, deen ee gebuede kritt, dat awer ass. Den Doud ass de grousse Sujet vum Serge Basso de March sengem Gedichtband ''Triptyque d'un horizon aperçu. Oratorio. Avec la mort, un vieux chat et quelques personnages égarés.''
Esou al ass den Auteur, Joergang 1960, jo nach guer net. Mee als jonke Pensionéierten - de Serge Basso de March huet viru Kuerzem d'Direktioun vun der Kufa opginn - wiesselt d'Perspektiv.
Sekonnen, Minutten, Joerhonnerten ...
D'Zäit gëtt dann op eemol eppes, mat wat ee sech intensiv beschäftegt. D'Zäit, déi engem nach bleift, natierlech; d'Zäit, déi ee schonn hannert sech huet, mat deem, wat een erlieft huet oder gären erlieft hätt; an dann och d'Wiese vun der Zäit, esou wéi se vergeet, a fir déi den Auteur all méiglech Biller, Metapheren an Allegorië fënnt.
D'Zäit als renge Mechanismus, dee sech a Sekonnen, Minutten, Joerhonnerten ausdréckt:
"Sur l'horloge
les dieux du temps
n'ont qu'un pas de trotteuse
Ils se laissent corrompre au croisé des aiguilles".
D'Zäit als Oflaf vun den Joreszäiten, déi den zweeten Deel vun am ganzen dräi vum Gedichtband rhythméieren. D'Mier als Metapher vun der Zäit:
"La mer est récurrente
Elle laisse ses grains de sable
aux sabliers des marées".
Da sinn et d'Zeechen, déi d'Mënschen am Laf vun der Zäit hannerlooss hunn, wéi d'Freske vun der Grott vu Lascaux, d'Kierchen oder d'Ruine vun der Stolindustrie. Et ass och eng Wäschléngt, déi plakeg do hänkt wéi e Skelett:
"Elle trace au ciel qui pleut une ligne où se meurt
l'appel des jours passés Elle se souvient d'hier
quand le linge orgueilleux arborait ses couleurs".
Kampf géint d'Zäit
D'Zäit vergeet also. Mee do ass jo nach en Dichter, dee sech dogéint wiert, deen de flüchtege Wierder eng Soliditéit gëtt, andeem hie se op d'Pabeier bréngt, quitt, datt hie mat deene Wierder spillt a se net ëmmer op eng eenzeg Bedeitung festsetzt:
" J'ai le j'ai qui me tu j'ai le tu qui me nous
et des fleurs qui me poussent au jardin des rencontres".
D'Soliditéit vum éischten Deel vum ''Triptyque'' (zwielef Gedichter zesummegesat aus all Kéier zwielef Versen à zwielef Silben, oder ''Douze Poèmes au carré''), léist sech am zweeten Deel op zugonschte vun enger méi fräier Versform, éier d'Matière am drëtten a leschten Deel zu enger neier Soliditéit koaguléiert a Form vu Prosatexter.
Al an nei Formen
Interessant ass am Gedichtband d'Kombinatioun tëschent Al an Nei. Engersäits hu mer d'Form vum Oratorio, mat sengem Chouer a senge reliéisen a mythologesche Motiver, a, wéi gesot, déi klassesch streng Versform vum Alexandrin (zwielef Silben).
Anerersäits dann zwou modern Formen, de fräie Vers an déi poetesch Prosa, déi duerch d'Evokatioun vun Jazzgréissten wéi Miles Davis a Louis Armstrong, respektiv der Elektromusek vun der Zukunft, eng deementspriechend Soundkuliss kréien. Et ass wéi wann den Auteur d'Zäit wéilt ophiewen an eng zäitlos Dimensioun schafen:
"Tout penche vers l'infini
la suite est avant nous
la fin n'en finit plus".
Kontinuitéit, Onendlechkeet
D'Zäit soll just nach eng Zort Kontinuum ginn, si soll einfach esou viru sech hi fléissen. Dat kënnt duerch d'Konjunktioun "et" zum Ausdrock, sou wéi se sech leitmotivesch duerch den zweeten Deel vum Buch zitt, eng Accumulatioun suggeréiert, e permanente Floss, deen am beschten iwwerhaapt net ophält:
"Enfin la fin ET ensuite".
Déi selwecht Iddi vu Kontinuitéit fënnt een an den zwielef Prosatexter vum drëtten a leschten Deel erëm, Texter, déi duerch Kommae rhythméiert ginn, un Tempo gewannen an ni e Schlusspunkt hunn, woubäi deen nächsten Text ëmmer erëm mat de leschte Wierder vum viregten ufänkt. An och de Schluss vun deem drëtten Deel ass kee richtege Schluss: den Erzieler léisst sech vum Chouer mat enger Dosis Hoffnung impfen:
" (...) la vie est amère, mais tu es père et les sourires voulus de tes filles sont de bons antidotes, tu te bats pour un autre ici, tu te torches le cul avec la partition des cieux, la vie sans paradis c'est d'enfer, c'est d'en faire le maximum afin que tu puisses dire enfin, et tu veux dire enfin... ".
Dem Serge Basso de March säin ''Triptyque d'un horizon aperçu'' bleift trotz allem e melancholescht Wierk, formell ganz räich, fir dat ee sech schonn e bëssen Zäit muss huele fir déi deelweis zimmlech verschachtelt Passagen ze dekodéieren an och ze appreciéieren.