Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wann d'Konscht net méi däerf stattfannen

Kultur

Wann d'Konscht net méi däerf stattfannen

Den Olivier Garofalo ass Dramaturg an Dramatiker um Rheinisches Landestheater Neuss. Et ass ëmmer eng kritesch Ausenanersetzung mat der Gesellschaft, déi am Fokus vu senge Wierker steet. D'Valerija Berdi huet mam Lëtzebuerger geschwat, deen elo, wéi déi meescht Theaterleit, sech Suergen ëm déi eegen Existenz an déi vum Theater mécht.

auto_stories

5 min

Den Olivier Garofalo ass zanter Hierscht 2019 Dramatiker an Dramaturg um Rheinländisches Theater Neuss. E Mënsch, vun deem ee mat ganz rouegem Gewësse ka soen, datt den Theater seng Welt ass, Scho wärend dem Studium huet hien als Dramaturg geschafft. No Tréier war hie vun 2015 bis 2019 um E.T.A.-Hoffmann-Theater zu Bamberg, eng sëlleg Stécker vun him sinn och zu Lëtzebuerg opgeféiert ginn.

De Rheinländeschen Theater huet, wéi all Theateren, seng Dieren elo missen zoumaachen. E Moment och fir den Olivier Garofalo méi lues ze maachen, vläicht d'Situatioun ouni Hetz ze genéissen? Hien ass fest agestallt an dësem Theaterhaus an am Moment kritt hie jo nach eng Pai.

"Op der anerer Säit weess een awer och, datt de finanziellen Drock iergendwou do ass, och wann ech en net direkt spieren, iergendwann kënnt en nach. An dann ass een och net komplett entspaant fir déi Zäit ze genéissen. Insgesamt hoffen ech awer, datt mer och gesellschaftlech feststellen, datt mer vläicht wéi mer an de leschte Joren, Joerzéngte funktionéiert hunn, net onbedéngt de beschte Modell war, déi Hetz, déi mer haten, déi krass Orientéierung no Gewënn maachen, also 'Geld regiert die Welt', dat ass wuertwiertlech ze gesinn an et mierkt een och elo, zemools hei an Däitschland, datt erëm diskutéiert gëtt, datt d'Leit déi gesond sinn, erëm kéinte schaffe goen, datt d'Wirtschaft guer net kann esou laang brooch leien, d'Solidaritéit an deem Sënn erëm ophält, verschäerft duerch d'Ausso, datt déi Leit, déi krank sinn, déi al sinn, doheem an isoléiert solle bleiwen. Do mierkt een, datt guer net iwwer d'Würd vum Mënsch nogeduecht gëtt, well dat heescht jo souvill, wéi déi al Leit an déi krank Leit, déi sinn net wierklech wichteg fir d'Gesellschaft, si wiere souguer en Hindernis, well si d'Wirtschaft verhënneren an dat si wierklech Punkten iwwer déi een elo kann nodenken, soll nodenken, wéi gesot, aus enger privilegéierter Situatioun eraus kann ech dat grad maachen. Ech mengen, et ass wichteg sech Gedanken doriwwer ze maachen, wéi d'Gesellschaft no Corona kann ausgesinn."

D'Gesellschaft no Corona, sécher e Sujet, deen an der Literatur, am Film an och am Theater eng wichteg Plaz wäert kréien, e Sujet, deen dem Olivier Garofalo vill Suerge mécht. A sengem Schreiwen als Essayist, Theaterauteur oder Verfaasser vu Kuerzgeschichten, ass eis Gesellschaft ëmmer d'Theema. Den Ëmgang mat Minoritéiten, d'Gewalt, déi sozial Verännerungen, déi tëschemënschlech Relatiounen an enger Societéit, déi vun Egoismus an Individualismus gepräägt ass.

Vill kleng Theatere wäerten net iwwerliewen

"Ech fannen jo och nach am deen Ganzen eng kleng Chance, et däerf een net vergiessen, wärend ech hei setzen a schwätzen, nach ëmmer e Privilegéierte sinn, et sinn aner Leit, déi setzen a Camps, wou de Coronavirus och en Theema ass, déi vergiess ginn, déi genee esou Angscht ëm hiert Liewen hunn, a wou keng Solidaritéit stattfënnt, vläicht mierke mir elo och, wéi et ass, wann s du just en Handy hues fir mat denger Famill ze telefonéieren, vläicht kënne mer Saachen elo mol novollzéien. Och wéi et ass, wann s de aarbechtslos bass, oder wann s du eleng doheem bass, an du weess net wat de Sënn vum Liewe fir dech individuell ass. Vläicht wäerte mer no Corona méi op d'Leit duergoen, méi d'Leit an d'Ae kucken an net nëmmen dat individuellt Wohlergehen am Kapp hunn a mierken, datt et och mat manner am Fong geet. Mee et ass eng Utopie, et kann och an déi aner Richtung goen, an dat mécht mir grouss Suergen."

Vill kleng Theatere wäerten dës Kris net iwwerliewen, et si Fongen do, fir der d'Konschtzeen finanziell ënner d'Äerm ze gräifen, mee et handelt sech hei ëm begrenzte Ressourcen, déi net vill wäerte retten. Trotzdeem, muss a wäert den Theater weiderliewen, weidergoen, an déi aktuell Aarbecht beaflossen. D'Stëmmung ass natierlech bedréckt an och wann offiziell gesot gëtt, datt mol bis den 19. Abrëll net gespillt gëtt, ass virun allem d'Fro, wéini a wéi geet et duerno weider.

"Theater ass net gemaach gi fir gefilmt ze ginn"

"Dat kléngt dann esou, wéi wann den 20. Abrëll alles an der Rei wier, eng Wunderheilung gi wier, an dann ass d'Welt erëm, wéi se war. D'Welt wäert souwisou net ginn, wéi se war. Ech wënschen mer méi grouss Decisiounen, sech domadder ofzefannen, datt mer dës Saison net méi spille wäerten. An et traut sech keen dës Decisioun ze huelen, wat ech och kann novollzéien, da kënnt natierlech och do déi finanziell Suerg op."

Den 23. Mäerz war den internationalen Dag vum Theater, dëst Joer ass de Rideau zoubliwwen op den europäeschen Theaterbünen, den Olivier Garofalo huet op senger Homepage op d'Bedeitung vum Theater, vun der Konscht higewisen an och d'Wichtegkeet vun der Plaz Theater ervirgehuewen. Dofir ass fir hien d'Iwwerdroen vun Theaterstécker iwwer déi digital Medien keng wëllkomm Opportunitéit:

"Et muss een ëmmer e bëssen oppassen, ech gesinn dann och esou Saachen zu Lëtzebuerg, wéi 'Live aus der Stuff', dat ass e Format, dat gelongen ass. Et muss ee sech Gedanke maachen, eng Form ze fannen, déi wierklech mat den digitale Medien ëmgeet. Eng Theatervirstellung ze streamen, oder eppes, wat gefilmt gouf, ze weisen, dat ass komplett falsch. Den Theater lieft dovun, datt mer eis alleguer zesummen an engem Raum treffen, géigewäerteg wouerhuelen, an déi Plaz Theater, wou mer eis doriwwer verstännegen, wéi mer gesellschaftlech wëllen zesummeliewen. An elo dat ëffentlecht Liewen einfach an déi digitaliséiert Welt ze verleeën an ze soen, et kann do stattfannen, dat fannen ech héichgradeg geféierlech, en plus ass de Risiko grouss, datt Leit aschalten, si gesinn eng schlecht Videosopnam, an denke sech, den Theater - dat brauch ech guer net, wéi gesot, den Theater ass net erfonnt gi fir gefilmt ze ginn, wann ech wëll, datt d'Leit op e Bildschierm kucken, da ginn ech bei de Film. Dat ass jo eng ganz aner Konschtform an da kann do och d'Gefor bestoen, datt de Präis vun deem Ganze komplett verluer geet."