Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Rui Gabriel - Target Feat. Kate Teague

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun de sozio-ekonomesche Verhältnisser gedriwwen

CinEast

Vun de sozio-ekonomesche Verhältnisser gedriwwen

"Daybreak" beschreift den Alldagskampf vun enger elengerzéiender Mamm an Albanien. Dem albanesche Realisateur Gentian Koçi ass ee minimalistescht Sozialdrama mat grousser Wierkung gelongen. Aus der offizieller Competitioun vum CinEast-Festival.

auto_stories

3 min

D'Leta, elengerzéiend Mamm vun engem klenge Kand, hält sech mat Jobben iwwer Waasser. Fir de Loyer geet et awer net méi duer, si muss aus der Wunneng eraus. Bleift just nach d'Appartement vum Sophie, enger eelerer Damm, déi doheem um Stierwe läit an ëm déi sech d'Leta Hallefdaags bekëmmert.

Onbaarmhäerzeg sozial Logik

Den albanesche Regisseur Gentian Koçi (1979 gebuer) beschreift unhand vun deem Fraeportrait déi sozio-ekonomesch Realitéit an Albanien, eent vun den äermste Länner an Europa. "Daybreak" (Dita zë fill) weist, wéi ee sech un der Aarmutsgrenz duerch den Alldag kämpfe muss.

Solidaritéit ass keng Optioun, ënnen op der sozialer Leeder ass een deem anere säi Konkurrent: wéi an där Zeen vu Gedrécks op engem Bus-Arrêt, oder wann d'Leta eng jonk Fra uschmiert, fir seng Plaz ze kréien. Wie sech bei enger Verwaltung oder engem Spidol e Virdeel wëll verschafen oder nëmmen een - eigentlech selbstverständlechen - Zerwiss wëll an Usproch huelen, kënnt net laanscht e Prozentsaz u Schmiergeld.

Déi wichtegst Reegel schéngt ze sinn: sech upassen. D'Leta entscheet sech an all Situatioun fir deen nächste Schrëtt, deen him am logeschsten erschéngt. D'Erzielung zitt dës Logik konsequent duerch, fir d'Absurditéiten ze verdäitlechen, zu deenen d'Verhältnisser d'Mënsche kënnen zwéngen.

Minimalistesche Stil

Den Gentian Koçi setzt op ee ganz minimalistesche Stil. D'Erzielung ass elliptesch (net alles gëtt gewisen, de Spektateur muss sech denken, wat geschitt ass). Anescht wéi bei de Frères Dardenne an hire villen Imitateuren am Beräich vum Sozialdrama, beweegt sech d'Kamera net nervös hin an hier. Dat brauch se och net: d'Leta (iwwerzeegend gespillt vum Ornela Kapetani) bleift stoesch: nëmmen eemol verléiert et d'Nerven, wéi et ënnert der Dusch kräische muss.

Musek gëtt et an "Daybreak" keng. Och d'Dialoge sinn op dat Wiesentlecht reduzéiert. Déi intensiivst Bezéiung - obwuel nëmme wéineg Wierder ausgetosch ginn - entwéckelt sech tëschent dem Leta an der dout-kranker Sophie (Suzana Prifti). Déi eeler Fra ka sech praktesch net beweegen a läit permanent am Bett. Wéi si hir Otemmask ofdeet fir ze stierwen, gëtt si entgéint hirem Wëlle vum Leta gerett. Béid Frae stelle fest, datt d'Thema Euthanasie si matenee verbënnt ...

Suzana Prifti (Foto: CinEast-Festival)

Dem Gentian Koçi ass een impressionnante Film gelongen, dee mat ganz wéinege Mëttelen ee Maximum u Wierkung erreecht. "Daybreak" ass ee gutt Beispill fir e Kino, deen aus der - finanzieller - Nout eraus eng Dugend mécht.


"Daybreak" vum Gentian Koçi leeft an der offizieller Competitioun vum CinEast-Festival. Ze gesinn ass en nach eng Kéier dëse Mëttwoch 11. Oktober um 21:00 am Utopia.