Wéi kann et sinn, datt e Kënschtler, deen sech zanter méi wéi zwanzeg Joer komplett aus der Ëffentlechkeet zeréck gezunn huet, nach ëmmer vun där Ëffentlechkeet plebiscitéiert gëtt? Dat ass déi Fro, déi am Zentrum vum Historiker Ivan Jablonka sengem Essay "Goldman" steet. 2001 koum fir d'lescht nei Musek vum Jean-Jacques Goldman eraus, trotzdeem gëtt hien nach ëmmer reegelméisseg all Joer zur "personnalité préférée des français" gewielt.
Keng klassesch Autobiographie
Vun Ufank un betount de Jablonka kloer, datt hie keng Autobiografie am klassesche Sënn wollt schreiwen. Säi Buch versteet hien als "archéologie d'une époque". Mat der Epoch sinn d'1980er gemengt, och nach "années Goldman" genannt, dat Joerzéngt an deem dem Jean-Jacques Goldman seng Musek quasi omnipresent war.
Fir seng Recherche baséiert de Jablonka sech op dem Artist sengem Repertoire. Seng Texter notamment, Zeitungsartikelen, Interviewen aus der Zäit, a Gespréicher, déi hie mat Fans vum Museker gefouert huet. De Goldman selwer wollt net mam Auteur schwätzen an huet him och den Accès zu sengen Archive refuséiert.
Duerch Iwwerschneidunge verbonnen
Eng beschwéierlech Aarbecht muss et also gewiescht sinn, mee eng déi dem Jablonka perséinlech wichteg war. Hie beschreift sech selwer als Fan a fillt sech mam Objet vu senger Recherche duerch biografesch Iwwerschneidunge verbonnen. Béid sinn se d'Bouwe vu jiddeschen Immigranten an net wäit ewech vun eneen an enger Paräisser Banlieue opgewuess.
Biografesches iwwer de Goldman gëtt een an dësem Essay dann natierlech awer gewuer. Well een d'Geschicht vum Personnage muss kennen, fir ze verstoen, firwat grad hien dee war, an deelweis nach ass, deen dem franséische Public am beschten aus der Séil schwätze konnt. Méi wéi e Georges Brassens, e Michel Berger, e France Gall oder e Mylène Farmer.
Ni géint d'Autoritéit rebelléiert
De Jean-Jacques Goldman koum 1951 zu Paräis op d'Welt. Säi Papp war an den 1930er aus Pole geflücht a wärend dem Krich an der kommunistescher Resistenz engagéiert. Dono huet hie sech vun der Partei distanzéiert , wann och net vun hire Wäerter.
An der Virstad Montrouge hat hien e klengt Sportsgeschäft, dat de Jean-Jacques Goldman no senge Marketing-Studien iwwerholl huet. 1968 entdeckt hie seng Begeeschterung fir Rock'n'Roll, Soul an de Rhythm'n'Blues, déi gesellschaftlech Entwécklunge vu "Mai 68" awer kuckt hie mat Skepsis. Hie selwer rebelléiert ni géint d'Autoritéit: "Je suis passé de 14 à 40 ans. Direct", sot hien an engem Interview.
Schwieregkeete mat der lénksorientéierter Musekspress
De Jean-Jacques Goldman sympathiséiert an den 1980er mat der Politik vum Rocard, mat der Gauche vum Mitterrand konnt hien awer wéineg ufänken, an och mat der lénksorientéierter Musekspress hat hie seng Schwieregkeeten. An si mat him.
Eng Erklärung dofir fënnt sech wuel an der Geschicht vum Pierre Goldman, dem Jean-Jacques Goldman sengem eelste Stéifbrudder aus engem fréiere Bestietnes vu sengem Papp mat enger polnescher Resistenzlerin. Dee geréit fir d'éischt a lénks extrem Kreesser, ass u verschiddenen Iwwerfäll bedeelegt, a kënnt e puer Joer an de Prisong, well hien ënner Verdacht steet, 1969 bei engem Iwwerfall zwou Apdikteschen erschoss ze hunn.
Am Prisong schreift hien seng Autobiografie, "Souvenirs obscurs d'un juif polonais né en France", déi zum Bestseller gëtt. Intellektuell Kreesser, notamment d'Simone Signoret, engagéiere sech fir seng Fräiloossung, mee Zweiwel u senger Onschold bleiwen. 1979 gëtt hie vun Onbekannter op oppener Strooss erschoss.
De "français moyen"
De Jean-Jacques Goldman ass an all Hisiicht d'Géigendeel vu sengem Stéifbrudder. Hien ass ni wéi e klassesche Popstar opgetrueden. Exzesser oder gréisser Ausfäll sinn net bekannt, hien huet fréi eng Famill gegrënnt an drop gehalen, seng Steieren ëmmer a Frankräich ze bezuelen.
Seng Texter haten, wann och munch mol ze vill simplistesch, dacks e soziale Message. Wéi zum Beispill "Comme toi" an deem hien d'Geschicht vun engem jiddesche Meedchen erzielt, dat vun den Nationalsozialisten ëmbruecht gëtt. De Goldman ass de "français moyen", e bëssen "terne" wéi et beim Jablonka heescht, e bësse langweileg, mat deem sech en Deel vu sengem Public gär identifizéiert huet, well et rassurant war. Wärend anerer duerch hie villäicht ze vill un hir eege Mëttelméissegkeet erënnert goufen.
Mat Sujeten ausernee setzen, déi net erfuerscht welle ginn
De Jean-Jacques Goldman huet sech iwweregens, ganz ontypesch fir hien, dee sech komplett aus der Ëffentlechkeet zeréck gezunn huet, déi lescht Woch am Canard enchaîné zu Wuert gemellt an zimmlech ongehalen op dem Jablonka säi Buch reagéiert. "Je n'ai jamais rencontré cet auteur", heescht et hei, "mes amis non plus, et je suis triste pour tous les gens qui se font duper en achetant ces livres qui parlent de moi".
Datt de Kënschtler net frou ass, a senger Rou gestéiert ze ginn, ass ze verstoen, mee vu "dupéieren" kann u sech keng Ried sinn. Den Ivan Jablonka huet zu all Moment kloer gestallt, datt säi Buch keng Autobiografie wier, an ënner wéi engen Ëmstänn hien et geschriwwen huet. An d'geschichtlech Fuerschung däerf sech och mat deene Sujeten auserneen ze setzen, déi sech dogéint wieren, erfuerscht ze ginn.
Mat der Ambiguitéit gespillt
Anerersäits spillt den Ivan Jablonka, dee keen Onbekannten ass, an 2016 ëmmerhi mam Prix Médicis ausgezeechent gouf, och e bësse mat der Ambiguitéit. Um Cover vu sengem Buch ass eng grouss Foto vum Jean-Jacques Goldman ze gesinn, de Begrëff Essay fënnt een hei op den éischte Bléck net.
Den Ënnerscheed gëtt eréischt ersiichtlech wann een ufänkt ze bliederen. Et ass allerdéngs och net verbueden, sech iwwer e Buch ze informéieren, ier een et keeft.
Méi Fan wéi Historiker
Déi gréisste Schwächt vum Buch ass dobäi emol net, datt de Jean-Jacques Goldman net selwer Ried an Äntwert stoung, mee éischter, datt den Ivan Jablonka hei méi Fan wéi Historiker ass. Zu kengem Moment trëtt hie sengem Idol ze no, verdeedegt de Jean-Jacques Goldman esouguer op Punkten, wou en u sech roueg hätt kéinte méi kritesch sinn.
Seng Analyse bleiwen dacks eng Grëtz iwwerflächlech an déi Distanz, déi de Goldman tëscht sech a sengem Publikum wollt behalen, gëtt och hei spierbar. Um Enn bréngt "Goldman" d'Konschtstéck fäerdeg, datt engem de Museker no 400 Säiten net méi no ass, mee tatsächlech méi wäit ewech erschéngt.