Radioen

On air

Notturno  |  Blake Mills - Skeleton Is Walking

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vum Jeeër zum Gejoten?

Een Thema, e Buch

Vum Jeeër zum Gejoten?

Dem Nobellaureat Peter Handke säin Don Juan entsprécht net an alle Punkten deem sengem eegene Mythos vum Fraeverféierer. Kann et sinn, datt vläicht dem Molière an dem Mozart hir Don Juanen déi falsch waren?

auto_stories

4 min

"durch das, was mein Don Juan mir von sich selber erzählte, habe ich erfahren: Das waren allesamt die falschen Don Juans - auch der von Molière; auch der von Mozart."

Mat sengem 2004 verëffentlechte Roman "Don Juan (erzählt von ihm selbst)" hat den Éisträicher Peter Handke also eng weider Interpretatioun vun engem Joerhonnerten ale literaresche Mythos virgeluecht.

D'Figur vum Fraeverféierer, dee géint déi ëffentlech Moral verstéisst an dofir bestrooft gëtt, war an der éischter Hallschent vum 17. Joerhonnert a Spuenien entstanen. Nom Theaterstéck vum Tirso de Molina vu 1630, wéi et schéngt inspiréiert un engem reelle Virbild, hat de Molière 1665 mat sengem "Dom Juan ou le Festin de Pierre" de Mythos mat engem éischte literaresche Meilesteen begrënnt. Dem Mozart seng Oper "Don Giovanni" vu 1787 gouf vum Lorenzo Da Ponte als Libretto vertext. De Romantizismus am 19. Joerhonnert dann hat de Personnage liicht ëmgedeit, nämlech als e Libertin, dee säi Behuele bereit huet.

Réckzuch aus der Welt?

Beim Handke ass een net wäit vun deem Don Juan ewech. Obwuel ... Kann ee wierklech wëssen, wien den Don Juan wierklech ass? Net vun ongeféier gëtt de Roman ageféiert mam dësem Zitat aus der Mozart-Oper: "Chi son'io tu non saprai", wien ech sinn wäerts du ni gewuer ginn ...

Jiddefalls daucht den Don Juan, op senger Flucht, am Gaart vum Erzieler - engem Kach respektiv Hotelier - op, deen an der Ëmgéigend vu Paräis bei de Ruine vu Port-Royal des Champs wunnt. Am 17. Joerhonnert war d'Abtei vu Port-Royal ee reliéis-politesche Widderstandszenter géint den Haff vum franséische Kinnek Louis XIV, eng intellektuell Héichbuerg, an där ënner anerem de Philosoph a Wëssenschaftler Blaise Pascal verkéiert war. An da war d'Abtei eng Plaz, an där sech Chrëschte konnten zeréckzéien, an aller Rou, wäit ewech vun de Versuchunge vun der Baussewelt, fir d'Erléisung an de Wee zu Gott ze fannen.

Rollentosch

Den Don Juan erzielt dem Kach, dee sech dem Lieser selwer als Lieser ze erkenne ginn huet, seng Erliefnesser aus de leschte siwen Deeg - siwe Statioune vun enger laanger Rees tëschent Georgien, Damaskus, iwwer dat nordafrikanescht Ceuta bis an Norwegen oder nach Holland, siwe Plazen, op deenen den Held all kéiers eng aner Fra kennegeléiert huet. Mee ...

"Don Juan war kein Verführer. Er hatte noch nie eine Frau verführt. (...) Er hatte eine Macht. Nur war seine Macht eine andere."

(...)

"Aber die Geschichte, wie er sie mir erzählte, hatte mit Sieg und Begehren, zumindest seinem, Don Juans, nichts zu schaffen. Es war umgekehrt eher so, dass er mit seinem Blick - und nicht mit seinem Anblick, der kein irgendwie auffälliger war - das Begehren der Frau freisetzte. (...) Jene Frau kam, durch das Auge Don Juans auf ihr und darüber hinaus auf den Raum um sie herum, zu dem Bewusstsein ihrer bisherigen Einsamkeit, und dass sie dieser nun aber auf der Stelle ein Ende setzen würde."

Een Don Juan, dee seng Rou nëmmen an der Flucht fënnt, an ufänkt onroueg ze ginn, wann e bis bei eng Fra kënnt, deen also net - wéi gemengt - de Jeeër ass, mee de Gejoten?

"Ihr Ziel, das war er."

Et huet een et hei net mat engem triumphéierenden Held ze dinn, deen d'Frae verféiert. De Géigendeel schéngt de Fall ze sinn: den Don Juan gëtt an de Bann vun de Frae gezunn, ëmmer erëm, an enger permanenter Widderhuelung vu Situatioune wéi déi heiten:

"Die Entscheidung war jedoch sofort gefallen. Es gab kein Zurück mehr. Ein Ausweichen kam für Don Juan nicht in Frage, er hatte sich der fremden Frau da zu stellen, es war seine Pflicht. (...) Sein Heraufbeschwören der Epoche hatte keine Wirkung mehr. Die andere Zeit, die Frauenzeit, war ihm in Haut und Haaren, ihr Gelten oder Wirken hatte eingesetzt mit dem Aufstehen Don Juans von seinem Winkeltisch und seinem Sichzurückziehen hinaus ins Freie. Und er war mit der anderen Zeit bald mehr als bloss einverstanden. Zwar hiess diese: Gefahr!, aber das machte ihn heiss, endlich wieder."

D'Zäit, dem Don Juan säi grousse Problem

Dem Peter Handke säin Don Juan ass ee melancholeschen Typ, dee sech méi duerch d'Welt schleeft, dee vun hir respektiv vun de Frae gedriwwe gëtt:

"Was sie dabei nicht wusste, und auch nicht zu wissen brauchte: dass die Verfügbarkeit wie die Sorglosigkeit, die Don Juan auf sie ausstrahlte, ihren Hauptquellgrund in seiner fortgesetzten Trauer hatte. Seine Trauerjahre waren nicht vorbei. In der Verknüpfung mit den Frauen jetzt wurde ihm der Jammer über den Verlust seines nächsten Menschen so gegenwärtig wie noch nie."

Meeschter vu senger Zäit ze ginn, dorop wier dem Handke säin Held aus. "die Zeit war für Don Juan ein Problem, das Problem", präziséiert den Erzieler. Eng Zort zäitlos Zäit, déi an der Widderhuelung vum ëmmer Selwechte besteet, oder an der Flucht no vir, oder awer an der Beweegung zeréck ... Eng Zäit, an där ee sech net sécher ass, ob et déi vun eiser Géigewaart ass, oder déi vum 17. Joerhonnert, der grousser Zäit vum Libertinage oder vu Port-Royal.