Eng Schauspillerin wärend engem Casting, eleng op der Bün, den Agent ass just eng Stëmm. Hei gi mir Zeie vun enger Instanz vu Bloussstellung, duerch een extrem onsensibelen, sexuell chargéierte Commentaire, deen net méi deplacéiert kéint sinn.
D'Zeen setzt den Tenor fir weider Renconteren, déi duerch Sucht, feelend Selbstvertrauen a Selbstgoler gepräägt sinn. Wat fir eng Suitten hunn Humiliatiounen, Gefiller vu Schimmt a Muechtloosegkeet géigeniwwer sënnlosen Aggressiounen, op d'Liewe vun deenen, déi se erdroe mussen, ass d'Fro, déi d'Stéck wëllt stellen.
Keng Zäit fir Abstraktiounen
"Lovefool" ass awer, genee wéi dee Song vun de Cardigans, dee verschiddener villäicht am Titel erëmerkennen, kee Stéck, dat eng Afferroll wëllt schafen an dokumentéieren, kee schwéiere Kascht an och keen Trauerspill.
D'Stéck probéiert net ze vill, seng deklaréiert Intentiounen a Sujeten - toxesch Maskulinitéit zum Beispill - pauschal oder allgemenggëlteg ze behandelen. Mir bleiwe ganz kloer beim Schicksal vun enger Fra, där hir Erliefnesser der Autorin no déi vun enger ganzer Rei Fraen aus där hirem Ëmfeld erëmspigelen.
Et ass dem Stéck héich unzerechnen, datt et net op engem héije moraleschen oder intellektuelle Päerd dohierkënnt - mee a ganz einfacher Sprooch a mat ganz novollzéibare Mëttelen operéiert. Momentweis huet ee schonn den Androck, datt d'Männer e bëssen déi Béis an der Geschicht sinn, mee dat ass nuancéiert.
Wat d'Stéck wierklech fäerdegbréngt ze maachen, ouni elo wëlle genee ze verrode wéi, ass wierklech jiddwer Eenzelen am Public dorop unzeschwätzen, wéi et sech ugefillt, muechtlos, humiliéiert. geläämt ze sinn vun enger Verletzung, déi ee vun enger anerer Persoun zougefüügt krut.
Drop hinzeleeden, wéi dës Humiliatiounen zu Verkorksungen a séilescher Selbstverstümmelung féieren, wéi se de Courage dämmen, Angscht ervirruffen a Liewen zeréckhalen dovunner, sech esou gutt wéi méiglech ze verwierklechen. Wéi mangelnd Selbstvertrauen, Sucht oder Bezéiungsproblemer sech aus esou Erfarungen entwéckelen, a wéi schwéier et ass deene bäizekommen.
Wann een trotzdeem laacht
Sech selwer heelen, iwwer graff Ongerechtegkeete wéi Mësshandlung oder am schlëmmste Fall Viol ewechzekommen, dat erschéngt schwéier, an engem Theaterstéck hinzekréien. Wéi mécht d'Gintare Parulyte dat?
Mat Humor. Den Text zielt op direkt Empathie, net literaresch Symbolik. D'Stéck ass terre à terre, perséinlech, interesséiert sech wéineg fir political correctness oder feministesch Theorie, an ëmsou méi fir Erfarunge vu Fraen, déi genee esou gutt fir Männer wäertvoll sinn.
Datt och de männleche Stolz, an dat männlecht Selbstwäertgefill schnell lädéiert sinn, a grad dat och villen Iwwergrëff zugronn läit, léisst den Text duerchschéngen. D'Kette vum Leiden, vum Weidergi vun Trauma, kritt an dësem Stéck ee klore Broch gesat, an dat duerch Uschwätze vu Saachen, déi onausschwätzbar schéngen. Dobäi bitt d'Stéck och eng Geleeënheet fir den Zuschauer, den Tabu ze briechen, ouni sech ze exposéieren.
Am Nachhinein kann ee sech awer d'Fro stellen, ob de formale Choix, d'Stéck als Monodrama unzeleeën, den eenzeg méiglechen oder beschte Choix war. Op där enger Säit gëtt en den Erfarunge vun der Protagonistin eng gewësse Kraaft, an hält d'Stéck kuerz a knackeg.
Op där anerer Säit wier déi Iddi vum Trauma, deen do d'Hänn wiesselt, an aus aus den Opfer Täter mécht, villäicht nach besser duerchkomm wann déi Personnagen, mat deenen d'Protagonistin interagéiert, méi present gewiescht wieren. Net, dass dës Drëttpersonnagen in absentia schwaarzgemolt oder vereinfacht géifen duergestallt ginn, mee et wier einfach schéi gewiescht, déi Interaktioun ze weisen, déi d'Stéck esou intensiv behandelt.
D'Selbstreflektioun vun der Protagonistin ass schéin duergestallt. Mee een Androck, deen een hei jo net wëllt erschafen, ass datt dës Iwwergrëff an Humiliatioune just an enger eenzeger Conscience reell sinn. Vill Fraen, déi ee sexuellen oder séileschen Trauma erliewen, gi monddout gemaach mam Argument, si hätten d'Ëmstänn verzerrt oder ze subjektiv duergestallt, oder fanne sech duerch d'Kraaft vum Tabu gefesselt a geknebelt.
Mee d'Stéck kompenséiert deels heifir. Deen Tabu, deen iwwer d'Dauer vum Stéck sécherlech tëscht dem Haaptpersonnage an dem Public gebrach gëtt - ee public "complice" souzesoen - gëtt am Zesummenhang mat deenen anere Personnagen am Stéck, déi onsensibel, gewaltsam, oder indifferent handelen, awer net opgeléist. Villäicht schued, och well et dem Stéck d'Geleeënheet gebueden hätt, säi beweegenden Usaz och bünentechnesch nach ee Stéck méi wäit ze dreiwen.
"There is so much absurdity and ridiculousness in painful moments", esou d'Gintare Parulyte, an dat resuméiert et schéin. "Lovefool" ass kee Moment, dee wéi deet, mee een, dee beräichert.
Den 30. November an de 7. an 8. Dezember gëtt "Lovefool" mat der englescher Schauspillerin Kristin Winters nach am Théâtre National gespillt, ass allerdéngs schonns ausverkaaft. U weideren Datume gëtt geschafft, mir behalen eis Aen also op.