Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vu komesche Vëloen a Polizisten

Buchkritik

Vu komesche Vëloen a Polizisten

Sidd Dir e bëssen an der Konfusioun virun de Walen? Mir hunn hei eng Buchkritik iwwer dem Flann O'Brien säi 'The Third Policeman'. D'Buch ass well méi wéi 80 Joer al, mee nach ëmmer staark genuch fir mol de Kapp duerch ze rëselen an ze lëften.

auto_stories

6 min

De Flann O'Brien ass een ireschen Auteur, deen am Joer 1940 een nawell komesche mee nennenswäerte Roman geschriwwen huet. D'Geschicht fänkt souzesoe wéi "normale" Krimi un. Den Erzieler an Haaptcharakter- et gëtt een den Numm ni gewuer - ass ee Weesekand a wunnt op engem ofgeleeëne Bauerenhaff an Irland. Hien huet ee Kniecht, den Divney, deen sech ëm de Betrib këmmert. Well se Allenzwee Sue brauchen, entscheeden se sech dozou hiren Noper, de Marthers, iwwerfalen ze goen.

Et kënnt dozou, datt den Erzieler den Noper op eng brutal Aart a Weis ëmbréngt, an datt den Divney d'Suen verstoppt. Et vergi Jore bis den Divney dem Erzieler verréit, datt d'Suen am Haus vum doudege Mathers leien. Firwat genee do? A firwat dauert dat esou laang, bis den Divney et dem Erzieler verréit? Dat sinn déi éischt komesch Momenter am Buch, wou sech dat Absurd a Mysteriéist richteg bemierkbar mécht. Méi spéit mécht sech den Haaptcharakter op de Wee fir d'Këscht mat de Sue sichen ze goen - a fënnt se och.

Dee Moment wou hien se opmécht, geschitt awer eppes Eenzegaarteges.

"I cannot hope to describe what it was but it had frightened me very much long before I had understood it even slightly. It was some change which came upon me or upon the room, indescribably subtle, yet momentous, ineffable. It was as if the daylight had changed with unnatural suddenness, as if the temperature of the evening had altered greatly in an instant or as if the air had become twice as rare or twice as dense as it had been in the winking of an eye; perhaps all of these and other things happened together for all my senses were bewildered all at once and could give me no explanation. The fingers of my right hand, thrust into the opening in the floor, had closed mechanically, found nothing at all and came up again empty. The box was gone!"

Vun dësem Moment un ass alles, wat dem Erzieler am Flann O'Brien sengem Buch geschitt, bis op de leschte Stëppel surreal an onerklärlech. D'Sich no der Këscht mat de Sue bréngt hie fir d'éischt emol aus dem Haus, an op d'Strooss.

"The road was narrow white, old, hard and scarred with shadow. It ran away westwards in the mist of the early morning, running cunningly through the little hills and going to some trouble to visit tiny towns which were not, strictly speaking, on its way. It was possibly one of the oldest roads in the world. I found it hard to think of a time when there was no road there because the trees and the tall hills and the fine views of bogland had been arranged by wise hands for the pleasing Picture they made when looked at from the road. Without a road to have them looked at from, they would have somewhat aimless if not a futile aspect."

Ënnerwee fënnt den Erzieler eng zweedimensional Policestatioun, an där dräi Poliziste schaffen. Déi sollen dem Protagonist hëllefen, d'Këscht mat de Suen ze fannen. Suen déi hie selwer geklaut huet. Genee esou absurd wéi dës Iddi kléngt, sinn och Dialogen, déi tëschent den eenzele Charakteren entstinn. Am ganze Buch schwätzen d'Poliziste gréisstendeels vu Vëloen, Suedelen, Pompelen, a Vëlos-Luuchten. Hir Aktivitéiten an Ermëttlunge ginn enger Logik no, déi net vun dëser Welt ass, an éischter aus aneren Dimensioune schéngt ze kommen. All Remark an Äntwert kreéiert hei just nach méi Mysterien a Konfusioun.

Et geléngt dem Auteur ze weisen, a wéi enger bosseger Relatioun de Protagonist sech mat sengem Ëmfeld befënnt. Et ass eng Welt déi engem vertraut, mee gläichzäiteg nei ass. Dat kënnt zum Deel dohir, well eng onbekannt Natur beschriwwe gëtt.

"There are four winds and eight sub-winds each with its own colour. The wind from the east is a deep purple, from the south a fine shining silver. The north wind is a hard black and the west is amber. People in the old days had the power of perceiving these colours and could spend a day sitting quietly on a hillside watching the beauty of the winds, their fall and rise and changing hues, the magic of neighbouring winds when they are inter-weaved like ribbons at a wedding. It was a better occupation than gazing at newspapers. The sub-winds had colours of indescribable delicacy, a reddish-yellow half-way between silver and purple, a greyish-green which was related equally to black and brown. What could be more exquisite than a countryside swept lightly by cool rain reddened by the south-west breeze."

Dobäi hunn d'Personnage och ganz bizarre Theorien.

"The gross and net result [...] is that people who spent most of their natural lives riding iron bicycles over the rocky roadsteads of this parish get their personalities mixed up with the personalities of their bicycle as a result of the interchanging of the atoms of each of them and you would be surprised at the number of people in these parts who nearly are half people and half bicycles.' I let go a gasp of astonishment that made a sound in the air like a bad puncture. 'And you would be flabbergasted at the number of bicycles that are half-human almost half-man, half-partaking of humanity."

An der Geschicht ginn et ëmmer nees Referenzen un ee sougenannten "De Selby". Et ass ee fiktive Philosoph, Psycholog a Physiker, an den Erzieler ass vu senge wëllen Theorien ageholl. Dowéinst kommen esou gelungen Theesen iwwer Atomen eraus. Oder Behaaptungen, datt d'Nuecht am Fong just eng Halluzinatioun ass, déi duerch schwaarz Loft verursaacht gëtt.

Déi Referenzen un deen erfonnte Philosoph bréngen ee gewëssene Geescht a Witz mat sech. Souzesoe rationaliséieren se d'Absurditéit, déi iwwerall am Roman virkënnt. Et ass genee wat d'Buch schlussendlech erreecht. Dat "Komescht" gëtt als dat "Normaalt" wierke gelooss, wat engem erméiglecht, dat "Normaalt" aus engem anere Bléckwénkel ze gesinn. Dowéinst ass et esou angeneem dem Flann O'Brien säi Roman "The Third Policeman" ze liesen - den Onsënn mécht all d'Synapsen eng Kéier wakereg.

Schlussendlech gëtt et op de leschte Säite vum Buch eng Iwwerraschung. Et mierkt een, dat eisen Erzieler an Haaptcharakter déi ganzen Zäit dout war. Alles spillt sech an enger Zort Hell of, an där sech de Protagonist befënnt, well hie jo am Ufank ee Mord begaangen huet. Zum Schluss kënnt hien nees beim Ufank vun der Geschicht un, a muss all déi droleg Aventuren nach eemol duerchliewen. Et ass eng Sysyphus-Änlech Bestrofung, déi sech bis an d'Onendlecht zitt.

D'Buch ass an de spéide 60er Joren erauskomm, a passt och gutt an déi postmodernistesch Literatur mat eran. Den Auteur huet eng Landschaft geschaaft, déi nach méi offensichtlech absurd wéi déi vum Franz Kafka oder, dem zäitgenësseschen Albert Camus ass. Intressant ass, datt de Flann O'Brien well d'Buch 1940 fäerdeg hat, mee kee Verlag fanne konnt, deen et erausbrénge wollt. Fir d'éischt gouf et vun engem ireschen, an duerno vun engem Amerikanesche Verlag ofgeleent. Well hien sech ni getraut huet, a senger Stad zouzeginn, datt d'Buch keen Erfolleg hätt, huet hie behaapt, datt hien den eenzege Manuskript verluer hätt. De Flann O'Brien hat just engem Kolleeg d'Wouerecht verroden. Sou koum et dann dozou, datt réischt 27 Joer méi spéit, ee Joer nodeems de Flann O'Brien dout war, d'Buch 1967 awer erauskomm war.

Flann O'Brien ass iwweregens ee Pseudonym - dem Auteur säi richtegen Numm ass Brian O'Nolan, a Mëttlerweil zielt hien zu de wichtegste Figuren aus der irescher Literatur vum 20. Joerhonnert.