Radioen

On air

Notturno  |  Surprise Chef - Rosemary Hemphill

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Vergewaltegung dierf keen Tabu sinn"

Cineast

"Vergewaltegung dierf keen Tabu sinn"

D'Vergewaltegung dierf keen Tabu méi sinn. Dat sot déi jonk Realisatrice Tereza Nvotová am 100,7-Interview. Am Kader vum CinEast Filmfestival huet déi slowakesch Cineastin hiren éischte Long Métrage presentéiert. "Filthy" erzielt d'Geschicht vun engem jonke Vergewaltegungsaffer an hirem d'Liewen duerno. Et geet ëm Vertrauen a Mësstrauen.

auto_stories

2 min

Als éischte Long Métrage huet déi jonk Realisatrice Tereza Nvotová sech e couragéierte Sujet erausgesicht. "Filthy" erzielt d'Geschicht vun engem jonke Meedchen, dat vergewaltegt gëtt a wéi säi Liewe sech duerno verännert. Fir déi slowakesch Realisatrice war et vun Ufank kloer, datt si ee Film iwwert en Tabuthema wéilt maachen.

"Ech hu vill Kollegen, déi eng ähnlech Geschicht erlieft hu wéi déi vum Meedchen am Film. Ech wëll Filmer maachen, fir mat de Leit a mat der Welt ze kommunizéieren. Ech wëll a menge Filmer also net iwwer näischt schwätzen, mä iwwert wichteg Sujeten. A mengem Land ass Thema vun der Vergewaltegung nach ee vun de leschten Tabuen. Mat dësem Film wollt ech op d'Thema opmierksam maachen."

Iwwer-verweiblechung?

An der Slowakei wier de Film kritesch opgeholl ginn. Verschidde Kritiker géife vun enger Iwwer-Verweiblechung an der Filmindustrie schwätzen an d'Männer géifen ze schlecht am Film ewech kommen. Eng Kritik, déi net berechtegt wier.

"Bei eis am Land ginn et sechs weiblech Realisatricen. Mä de Film huet eng Debatt iwwert d'Fraen an d'Vergewaltegung an der Slowakei ausgeléist. An engem rezente Sondage heescht et, datt iwwer d'Halschent vun de Slowake sexuell Belästegung ok fannen, a bestëmmte Situatiounen".

Gesondheetssystem vernoléissegt

"Filthy" ass dann och eng staark Kritik um slowakesche Gesondheetssystem. Virun allem un de psychiatreschen Zenteren. De Staat géif net genuch Suen an eng uerdentlech medezinesch Versuergung investéieren.

"Et ginn net genuch Suen a psychiatresch Kliniken, an dorënner leiden als éischt natierlech d'Patienten. Mä dat ass Politik. D'Psychiatrië probéieren eng Debatt doriwwer ze féieren, mä et ass keen, deen hinne wierklech nolauschtert".

Vertrauen a Mësstrauen

Dem Tereza Nvotová säin éischte Long Métrage ass awer och e Film iwwert Vertrauen a Mësstrauen. D'Leit géifen ëmmer mengen, datt ee just an engem donkele Keller kéint vergewaltegt ginn, mä dacks wier dat guer net Fall, esou déi slowakesch Realisatrice.

"Oder datt ee muss eng kuerz Jupe un hunn a bedronk sinn. Mä dat geschitt ganz seelen. An natierlech traue sech d'Affer vu Vergewaltegungen dann net ze soen, datt si vun engem Bekannte vergewaltegt goufen. Dat ass immens haart. Datheescht, d'Diskussioun muss an de Famillen, an de Psychiatrië sinn, ier et geschitt".

No hirem éischte Long Métrage schafft Tereza Nvotová den Ament un engem Documentaire iwwert dee fréiere slowakesche Premier Vladimír Mečiar.