Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Palmarès, eng Aschätzung

#Venezia76

De Palmarès, eng Aschätzung

De Weekend ass déi 76. Editioun vun der Filmbiennale um Lido zu Venedeg op en Enn gaangen. An zwar mat engem Palmarès, dee sech op d'mannst an enger Hisiicht gewäsch huet. Den Tom Dockal weess méi.

auto_stories

3 min

Dagsiwwer beim Palazzo del cinema hu Klimaaktiviste sech versammelt an hu vu moies siwen Auer bis an den Nomëtteg de rouden Teppech besat. Eng Première an der Geschicht vun der Filmbiennale um Lido. Et sollt net déi eenzeg Première deen Dag op der Mostra bleiwen.

Et ass geschitt. E soi disant Superheldefilm krut ee vun deene wichtegsten dräi europäesche Filmpräisser. Net "Dark Knight", net "Black Panther", mee den "Joker". Realiséiert vum Todd Phillips, dem Mann hanner "Old School", "Roadtrip" an dräi Hangover-Filmer. D'Jury, mat der Lucrecia Martel als Presidentin, huet domadder eng Première gefeiert, déi an engem Coup alles vergiessen deet, wat soss zéng Deeg iwwer soss nach um Ecran ze gesi war. Esou unanime d'Kritikerechoen no baussen hi geschéngt hunn, ware se a Wierklechkeet net.

Politescht Klein-Klein ënner Jury-Memberen

D'Decisioune vun dësem Jury fille sech zu engem groussen Deel u wéi en - no Joker-pun intended - schlechte Witz. Virum Festival huet d'Martel d'Legitimitéit vum Polanski Film an der Kompetitioun a Fro gestallt an dunn hunn d'Kritiker - virun allem déi kontinentaleuropäesch - de Film an den Himmel gelueft an d'Martel domadder bewosst an den Eck gedréckt. Just fir datt si mat hirem Jury dann dem Polanski - oder der Emanuelle Seigner, hie war net do - de grousse Jurypräis iwwerreecht an dann zeréckschléit. Dem Polanski säi Film schlussendlech reng kënschtleresch ze beuerteelen ass héich unzerechnen, mee de Gëllene Léiw un "Joker" ass gläichzesetzen mat Internettrolling op engem "bling-bling Niveau".

De Präis ass ongewollt de gréisste Marketingcoup, deen dem Film geschéie konnt. Egal wat dëst Joer nach am Kino ulafe wäert, Joker wäert vum nächste Mount un déi komplett Diskursplage opfëllen an alles anescht ewechdrécken.

Wéineg konsensfäeg Präisser

Wat déi grouss Präisser ugeet, si bis op dräi Stéck keng weider nei Impulser gesat ginn. Ariane Ascaride fir seng Groussmammroll am richteg schlechte Robert Guédigian Film "Gloria Mundi" e Präis, de Roy Andersson - dee mat sengem viregte Film de Gëllene Léiw gewonnen huet - huet de Präis vun der beschter Regie mat Heem geholl. Rumeure si ronderëm gaangen, datt säi Gesondheetszoustand net dee beschte wier, an datt säin elegeschen "About Endlessness" eventuell säi leschte Film wier. Den Italiener Luca Marinelli fir "Martin Eden" an den Toby Wallace fir "Babyteeth" kruten Interpretatiouns- an Newcomerpräis, déi als quasi eenzeg Decisiounen tatsächlech op alle Borden acceptéiert goufen.

D'Biennale mécht neien Talenter Plaz, laacht deenen dann an d'Gesiicht a feiert den etabléierte Kino

Am grousse Ganzen ass d'Enttäuschung awer grouss. Näischt fir "Ema" vum Pablo Larrain, deen nees e Film ofgeliwwert huet, wéi keen a sengem CV, näischt fir den Ovni-Film vum Joer an Zweete-Weltkrich-Drama "The Painted Bird" vum Vaclav Marhoul - näischt fir Netflix, Zwinkerzwinker - a virun allem näischt Grousses fir d'Tragikomedie "Babyteeth" vum Shannon Murphy.

D'Biennale huet eng eklektesch Programmatioun - virun allem an der Orrizonti Niewe-Selektioun, - och wann ee sech do iwwer déi priméiert Filmer zerstreide kann - mécht neien a frëschen Talenter Plaz, laacht awer deenen dann an d'Gesiicht a feiert e Kino, dee scho virun 10, 15, 20 a 25 Joer etabléiert war. Et bleift awer leider spannend, wat fir e Wee "Joker" mécht a virun allem, wéi Venezia77 an déi Jury nächst Joer wäert reagéieren.