Radioen

On air

Kultur um 5  |  Ausbléck op den TalentLab 2024

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Un film dramatique" vum Eric Baudelaire

Filmkritik

"Un film dramatique" vum Eric Baudelaire

Aus Sécherheetsgrënn war de Luxembourg City Film Festival viru sengem Ofschlossweekend ofgebrach ginn. Ee vun de leschte Filmer, dee gewise gouf, war "Un film dramatique" vum Franco-Amerikaner Eric Baudelaire. Eng eemoleg Projektioun. Mee vu datt Interesséierter um Internet eng ganz Partie Clippe vum oder iwwer den Eric Baudelaire fannen, wollt d'Kerstin Thalau Iech de Filmemaacher awer virstellen.

auto_stories

3 min

Den Eric Baudelaire ass 1973 zu Salt Lake City am US-Staat Utah op d'Welt komm. Duerno huet en ofwiesselend déi Säit vum grousse Pull - an Amerika - an dës Säit vum grousse Pull - a Frankräich - gelieft, huet sech 1991 fir e Sciences-politiques-Studium zu Providence a Rhode Island installéiert.

Nom Ofschloss ass et mat Fuerschung weidergaangen. Am Joer 2000 huet den Eric Baudelaire den Dr. phil Dov Lynch, Spezialist fir Russland an Auteur, an dräi net unerkannte Staaten an de Kaukasus begleet. No dëser Rees ass hie mat senger Sciences-po-Praxis net méi richteg virukomm an huet am Beräich vun den Arts visuels en neit Doheem fonnt.

D'Adachi-Technik

Knapps zéng Joer no de Kaukasus-Expeditioune war den Eric Baudelaire op Kënschtlerresidenz a Japan. Hien huet dunn d'Geschicht vun der rouder japanescher Arméi entdeckt, e klenge terroristesche Grupp, deem seng Memberen an den 1970er op Beyrouth emigréiert waren, fir 2000 zeréck op Tokyo ze kommen.

Een dovunner ass den experimentelle Realisateur Masao Adachi, deen den Eric Baudelaire an engem Film portraitéiert huet, an zwar mat Hëllef vun der Adachi-Technik. Déi besteet doranner, datt ee sech mat der Kamera op déi Landschaft, an där eng Persoun opgewuess ass, fokusséiert, well déi e Charakter forméiert.

Den Eric Baudelaire gräift méi dacks op Techniken oder Philosophien, déi hie markéiert hunn, fir seng eegen Aarbechten zeréck. Natierlech bréngt hien och nach eng perséinlech Nout an d'Spill. Huet hien d'Gefill, datt mëttlerweil schonn alles gemaach gouf, datt schonn elauter gutt Techniken entwéckelt goufen, datt een déi méi en Valeur setze misst, wann et sech ubitt?

Zwee fréier Projeten

2015 huet den Eric Baudelaire d'Adachi-Technik direkt zweemol nei en Valeur setze kënnen: beim Film "Also Known as Jihadi" huet hie versicht, de Wee vun engem jonke Fransous aus dem Val-de-Marne bis bei de Front al-Nusra a Syrien ze retracéieren, ënner anerem, well hien dem franséische Premier seng Ausso no de Paräisser Attentater "Jihadismus erkläre wëllen ass e bësse wéi en excuséieren" zimmlech deplacéiert fonnt hat.

Fir den zweete Projet war hie vun enger Schoul am Paräisser Banlieue-Quartier Saint-Denis ugeschwat ginn: och do existéiert d'Gesetz, datt bei ëffentleche Bauaarbechten ee Prozent vun de Käschte a Konscht investéiert gëtt. De Lycée Dora Maar huet beim Eric Baudelaire keng Skulptur fir an d'Entréeshal, mee e Kënschtler-Schüler-Filmprojet bestallt. De Baudelaire ass komm, huet gekuckt an ass véier Joer bliwwen.

Et geschitt näischt

No den éischten zéng Minutten hänke Verschiddener bei "Un film dramatique" eventuell an. Et geschitt näischt, Gespréicher, déi näischt erginn, léisst de Baudelaire bis un de Wupp auslafen. Mee no an no ergëtt alles Sënn.

Dës Jonker ënnerscheede sech duerch näischt vun anere Jugendlechen an hirem Alter, dat wat si mat der Kamera afänken hätt warscheinlech och op enger anerer Plaz am Weste gefilmt kënne ginn, esouguer an enger anerer Zäit.

Ofgestempelt

Et ass den Entourage, dee si zu Saint-Denis-Aussesäiter mécht. Méi wéi eemol am Film ziele si, datt si ofgestempelt sinn. Mat der Kamera am Grapp entdeckt awer zum Beispill eng Schülerin, datt et no ënne keng Grenze ginn: op enger Aart Dreckstipp um Wee fir an hire Musekscours, dee si schonn x-mol gemaach huet, falen hir eng éischte Kéier SDFen op.

Am off diskutéiert si mat hirem Papp doriwwer. Immens poetesch och déi Zeen, wou d'Schüler en Ausfluch un d'Mier maachen, duerch déi vill Impressioune vergiessen, de Sound opzehuelen an zu Paräis versichen, dat iergendwéi kreativ nozehuelen. "Wat ass eis Aarbecht? A wat ass d'Intersektioun tëschent der chaotescher Uerdnung, déi mir haut erliewen, zum Beispill d'Attentater zu Berlin, Beirut, Aleppo, Nice, Nairobi, Paräis, an der Aarbecht, déi mir maachen?" ass eng vun den Haaptfroen, déi den Eric Baudelaire mat senger Konscht stellt. Wéi no oder wéi wäit ass hien haut un enger Äntwert drun?