Radioen

On air

Kultur um 5  |  Pilot-Projet "Perspectives" am Stater Conservatoire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ TNL: "Superspreader" mam Peter Lohmeyer

Theater

TNL: "Superspreader" mam Peter Lohmeyer

Den Owend steet eng leschte Kéier de Peter Lohmeyer am TNL op der Bün. Den däitsche Schauspiller, deen ënner anerem duerch de Film "Das Wunder von Bern" Bekanntheet erreecht huet, steet hei am Albert Ostermaier sengem Monodrama "Superspreader" op der Bün, an deem dem Kapitalismus ënner anerem pandemesch Zich ënnerstallt ginn.

auto_stories

4 min

D'Bünebild ass einfach gehalen. Lénks en Dësch an e Stull, riets e Kleederbigel, nieft oppe Valissen. Nach wärend deem d'Leit Plaz huelen an de Sall däischter gëtt, gesäit een an der Mëtt en Här op de Réck, dee mat Isoléierband e rechteckegt Stéck Kraftpabeier un der Mauer festmécht op dat hien elo gläich eng Silhouette mole wäert. Et ass eng perséinlech Ugewunnecht, déi de Schauspiller a Moler Peter Lohmeyer hei gläich am Ufank an d'Stéck afléisse léisst. Ofgestouss vun an der Reegel fade Biller déi d'Hotelszëmmeren alt esou dekoréieren, hätt hien iergendwann domadder ugefaangen se zouzepechen a schliisslech z'iwwermolen, wéi de Schauspiller a Moler eis spéider verréit.

Déi personifizéiert Finanzindustrie

Iwwerhaapt ass de Peter Lohmeyer, deen deenen allermeeschten aus Filmer wéi "Das Wunder von Bern" an awer och "Deep Frozen" vum Andy Bausch bekannt ass, deejéinegen deen eist Stéck "Superspreader" vum Münchener Schrëftsteller an Theaterauteur Albert Ostermaier eréischt esou richteg envisagéiere léist. Et ass hien, de fréieren Dominik Graf Schauspiller, deen een dee gutt annerhallef Stonn laange Monolog, deen dem Publikum elo gläich zougemutt gëtt duerchstoen a reflektéieren hëlleft a wéi Erënnerung dorunner ass, datt et hei em méi muss goen, wéi op den éischte Bléck ugeholl.

Marcel, wéilt hie sech nennen, gëtt de Mann op der Bün an enger Ouverture déi um Melville säi Moby Dick erënnert bekannt - deen Numm géif him einfach gefalen. Firwat hie sech da selwer e Numm gi muss, deen op de Krichsgott Mars verweist a firwat hien de Wonsch verspiert keng Wuerzelen ze hunn, dat gëtt een eréischt um Enn vum Stéck gewuer.

De Marcel wier Finanzberoder, frequent Flyer an ausserdeem en High Performer verréit de Klappentext - déi personifizéiert Finanzindustrie eben. Op senge sëllege Reese ronderëm d'Welt hätt hien dofir gesuergt, esouvill gëtt kloer, Entreprisen dovunner ze iwwerzeegen hir sougenannte "Minderleister" aus dem Betrib ze werfen, an sech op dësem Wee "ze optimiséieren", woubäi dat wier jo bekannt d'Saachen eréischt dann esou richteg de Bierg erof géingen, mengt de Marcel selbstsécher.

Kichepsychologie iwwer d'Pandemie

Fakt ass datt de Virus - wann och wéi de Marcel änlech effizient - hien elo zwéngt a sengem Hotelszëmmer ze bleiwen. Eng Zoumuddung fir deen zimmlech karikatural gerodene Yuppie, dee gäre vu sech behaapt upassungs- a wandlungsfäeg ze sinn. Opgereegt bëselt hien a sengem Zëmmer hin- an hir, mol ugedoen, mol ausgedoen, am Jogging a schliisslech esouguer am Kostüm, monologéiert, spruddelt nëmmen esou vu Wierder a rotéiert monoman ronderëm d'Erënnerung vun enger duerch emotional Vernoléissegung gepräägte Kandheet, aus där hien offensichtlech seng ganz Energie zitt, fir aneren ze schueden.

Et feelt dem gudde Mann kloer un Ausgang, dofir och wuel dee verbale Stullgank, deen den Zuschauer ouni Filter déi nächst annerhallef Stonn erdroe muss. Et ass kee liichten Text deen den Albert Ostermaier sengem Schauspiller awer och dem Zuschauer zoumutt: scheinbar onendlech, ermiddend, mat Momenter domm a blöd, léist hie säi Personnage a mat enger gudder Portioun Kichepsychologie ausgestatt, virun alle Blécker sech ausbreeden - super ausbreeden, wéi den zweedeitegen Titel vum Stéck et ukënnegt. Senger existenzieller Nichtegkeet kann de Marcel näischt aneres entgéint stellen, wéi eng impotent Roserei.

Beim Zuschauer stellt sech iergendwann e Sättegungsgefill an. Wëll een dat alles esou genee wëssen, an esou brooch zerwéiert kréien? Eigentlech net. An dach huet sech den Albert Ostermaier grad fir dës Form entscheet. Offensichtlech vertraut hien op dem Publikum säi Bullshit-Detektor, deen och nom Ausgang vun den amerikanesche Walen nach ëmmer funktionéiere sollt. Dat Wesentlecht bei dësem Theaterstéck fënnt net op der Bün, mee beim Zuschauer statt. Deementspriechend kann d'Uweisung nëmmen déi sinn, eis nees un d'Nolauschteren ze maachen, un Nodenken duerch dat eleng déi batter néideg Aktualiséierung vun eiser komfortabeler Positioun an enger Gesellschaft, déi auserneen drift, an an enger Welt déi soss ënnergeet, méiglech gëtt.