Radioen

On air

De Moien  |  James Carr - The Dark End of the Street

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tierkesch Postkaarte vum Guy Helminger - Dersim

Postkaart vum Guy

Tierkesch Postkaarte vum Guy Helminger - Dersim

De Schrëftsteller Guy Helminger ass an der Tierkei ënnerwee. Des Kéier zu Dersim, wou hien an d'Bierger spadséiere gaangen ass. Firwat dat geféierlech ka sinn a wat een do esou fënnt, dovunner erzielt seng nei Postkaart.

auto_stories

5 min

Gléck wëlle mir alleguerten hunn. An dofir gëtt et an der Tierkei och vill Amuletten oder Statuen ze kafen, déi genau dat verspriechen: Gléck.

Meeschtens muss een awer eppes fir säi Gléck maachen, eng Käerz kafen an ufänken oder wéi zu Derinkuyu aacht Stäck ënner dem Bueden am Krees duerch eng Hiel lafen, natierlech siwe Mol.

An och zu Dersim souz virun enger Mauer mat enge sëllege Lächer, déi all wéi en Uewen ausgesinn hunn, eng eeler Damm an huet Stécker Wues verkaf, fir datt den Damp dem do uewen an d'Ae goe sollt. D'Gléck géif hien da schonn op d'Äerd kräischen.

D'Bierger ronderëm Dersim

Ob ech elo Gléck hat, weess ech net, jiddefalls war ech an d'Bierger ronderëm Dersim wanderen. Dat heescht ech hunn et versicht, mee schonn den Taxischauffer war mat menger Fro, wou dann den Agang an de Munzur-Nationalpark wier, iwwerfuerdert.

Iwwerall, sot hien an huet mat den Äerm ronderëm gefuchtelt. D'Landschaft gesäit tatsächlech iwwerall fantastesch aus. Héich Bierger, deelweis voll Bësch, deelweis kal an aus roudem Buedem. Dertëscht de Munzur-Floss, dee sech béit a schlängelt, wéi wann e wéilt fir eng Postkaart poséieren.

Ech sinn also iergendwou aus dem Taxi geklommen a lass marschéiert bis ech eng kleng Bréck fir op déi aner Säit vum Floss fonnt hunn.

Mee op der anerer Säit hunn ech gemierkt, datt et net déi aner Säit wier, mee just eng Insel matten an der Stréimung. An op der Insel sinn op eemol iwwerall Hënn opgestanen, déi ech tëschent de Beem net gesinn hat, an hu mech beschnoffelt

Déieren, mee keng Mënschen

An der Tierkei gëtt et nawell vill wëll Hënn a Kazen, déi iwwerall an de Stroosse leien. An de Stied ginn se och gefiddert, mee hei an der Natur gesäit een d'Rëpper. A wa siwen, aacht vun deenen em dech erëm stinn, ass dat e blöd Gefill.

Ech also erëm gemittlech an net ewéi e Fluchtdéier, iwwer d'Bréck an d'Hënn hannendrun. Wat mech gewonnert huet, ech sinn kengem anere Mënsch begéint. Et sinn och, wou ech bis vun der Strooss erof war, keng Weeër ginn. Just Hënn, déi mat mer ënnerwee waren.

Heiansdo ass aus dem Näischt eng Camionsspuer opgedaucht an dann erëm verschwonnen. Ech duecht drun, hei ze investéieren an a Business fir dezente Wandertourismus opzezéien, well, wéi gesot, et ass wierklech schéin hei, wéi op eemol en terribele Gestank mer an d'Nues gaangen ass, mer d'Loft ewech geholl huet, datt ech direkt wosst, hei läit iergendwou e Kadaver. Komescherweis sinn d'Hënn stoe bliwwen an net drop ugesprongen.

Ech si wieder gaangen. An e bëssche méi wäit am Gebësch hunn ech dunn e Been vun engem Bier fonnt. Ech hunn direkt eng Foto gemaach an enger Frëndin geschéckt, déi doropshi gemengt huet, et kéinten d'Reschter vun engem Af sinn, mee Afe liewen hei net, Biere schonn. E Verglach mat Fotoen am Internet huet mech bestätegt. Fir de Geroch lass ze ginn, hunn ech dat Bierebee lénks leie gelooss a si wieder gaangen.

D'Geschicht vun der Géigend

Owes hunn ech eng Fra an engem Restaurant kennegeléiert, hei gebuer, elo Schoulmeeschtesch an Holland. An déi sot, et wier kee Wonner, dat ech kee Mënsch an de Bierger getraff hätt, do géif kee spadséiere goen. Dat wier traditionell d'Réckzuchsgebitt vun der PKK a géif als geféierlech agestuuft ginn. Wann d'PKK dech net akasséiert, dann ass et tierkesch d'Militär.

"Ech wosst net dat d'Tunceli esou geféierlech wier", sot ech, "dann hat ech wuel Gléck."

"Dat heescht net Tunceli", sot si, "mee Dersim. Just déi regierungstrei Tierke soen Tunceli." Op ech d'Fotoen un der Mauer fir eran an d'Stad net gesinn hätt?

Déi hat ech gesinn, Fotoe vu Gefaangener, mat Ketten un de Féiss, och eng Foto vun enger Fra, déi Besa Siae geheescht huet.

"Et si Fotoen vun 1937-38, wou d'Awunner hei ëmbruecht goufen", sot d'Madamm, "an d'Besa Siae huet ewéi vill anerer deemools zu de Waffe gegraff fir géint dat tierkescht Militär ze kämpfen. Den Numm Dersim steet fir Fräiheet, Tunceli fir Ënnerdréckung."

Ech hu mech drun erënnert, wéi ech mat menger Frëndin 1989 hei ukomm war. Em Mëtternuecht huet de Bus gehalen, mir si mat eise Rucksäck eraus geklommen a stounge virun engem Cordon Zaldoten, déi eis ugekuckt hunn, wéi wa mer vun engem anere Stär wieren.

Wat mer hei wëllten?, huet ee gefrot. "D'Stad ukucken", sot ech.

De Bus war fort an d'Militär wousst net, wat mat eis ufänken. No kuerzer Berodung hu véier Zaldoten eis an en Hotel eskortéiert. Deemools houngen déi Fotoen nach net un der Mauer fir an d'Stad eran.

"Nee", seet d'Madamm am Restaurant, "deemools hu mer hei näischt dierften. Haut däerfe mer no bausse méi, mee vill vun eis sinn alevitesch Kurden. Schonn eng vun deenen zwou Identitéite geet duer, fir dat Regierung dech am A behält. Déi zwou zesummen ... An da seet si eppes op Hollännesch, wat ech net verstinn, wärend si op de Plaffong kuckt, wéi wann do ee géif wunnen, dee méi wéisst.