Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Through the wire" vun der Anne-Mareike Hess

Dänzerin a Choreographin

"Through the wire" vun der Anne-Mareike Hess

"Through the wire" heescht den aktuelle Projet vun der Dänzerin a Choreographin Anne-Mareike Hess. Si ass zanter dem leschte Joer Artiste associée an der Abtei Neimënster. Wat huet d'Zäit vum Confinement fir si bedeit, wéi schafft si elo ënnert de Restriktiounen, a wéi gëtt de Publikum an den aktuelle Projet involvéiert?

auto_stories

5 min

Valerija Berdi: D'Joer 2020 sollt e grousst Joer fir Iech ginn, fir Är Aarbecht, do koum awer de Covid dertëschent. Wou et kloer ginn ass, datt mer an d'Confinement ginn, do waart Dir just an enger Residence an Dänemark. Wéi war dat deemools fir Iech?

Anne-Mareike Hess: Dat war total surreal, ech war an enger Residenz vum Bora Bora Research-Center, dat war eng grouss Opportunitéit, do hat ech mech beworben a war ausgesicht ginn. Et war fir ee Mount a wierklech super Konditiounen, ech war iergendwou um Land placéiert ginn an do ware Schof, et war immens schéin, do krut ech iwwerhaapt näischt vun der Welt mat an ech hat mech direkt an d'Aarbecht era gestierzt an do no zéng Deeg: Ok, muer ginn d'Grenzen zou, du muss hei fort goen.

En plus hat ech nach eng Musekerin matbruecht, den Owend virdrun war mäin Dramaturg agereest, mir waren all prett fir ze schaffen an dunn op eemol: mir mussen heem. Et war e grousse Schock. Mir sinn iergendwéi heem komm an do wosst ech net wat maachen. Mäi Partner war zu där Zäit a Südamerika, déi éischt Wochen hunn ech domat verbruecht, mech ze sortéieren an ze probéieren hien an Europa zeréck ze kréien, dat huet mech gutt beschäftegt.

Virun engem Joer ass Är Residenz als Artiste associée an der Abtei Neimënster ugaangen. Wat huet des Residenz an dësen Zäiten fir Iech bedeit?

2019 hate mir dat entscheet, datt ech da vun 2020 u sollt Artiste associée sinn. Dat ass eppes Neies fir den Neimënster. Ech sinn och Artiste associée an engem Theater ze Stockholm, mee do ass et e ganz anere System, et kann een et net vergläichen, a mir hate ganz vill Iddien a ganz vill Ambitiounen, dann huet awer d'Realitéit gewisen, datt éischtens, de Covid, dann awer och d'Zäit, alles brauch immens vill Zäit an op eemol ass ee Joer schonn erëm, well mer och Zäit gebraucht hunn fir ze verstoen, wat iwwerhaapt méiglech ass.

Zesumme mat der Pandemie huet et fir mech nach méi ënnerstrach, deen Artiste associée gëtt mir wierklech eng Stabilitéit, eng Kontinuitéit, och e Support, dee wierklech kontinuéierlech ass, mir probéieren am stännege Kontakt ze bleiwen, eis iwwer d'Aarbecht an iwwer d'Haus auszetauschen. Et ass eben net, ech kommen, ech maachen eppes an ech ginn erëm, sou wéi ech dat iwwerall anescht an enger Residenz ka maachen, mee mir probéiere wierklech Weeër ze fannen, wéi ech ka méi an d'Haus implizéiert sinn, vläicht och eng aner Dynamik ënner de Kënschtler am Haus ze schaffen an dat fannen ech extrem interessant an extrem wichteg.

Foto: Lynn Theisen

Dat ass eng nei Perspektiv, well als Independant kënnt een ëmmer an et geet et erëm, et ass een e bëssen esou wéi eng Méck, déi duerch d'Géigend flitt an hei hunn ech d'Opportunitéit fir dräi an e halleft Joer mech méi breet ze maachen an och Input ze ginn, deen iwwer meng perséinlech Aarbecht eraus geet.

Dat ass jo dann den Ënnerscheed tëschent enger normaler Kënschtlerresidenz, wou ee seng Recherche mécht, u sengem Wierk schafft an iergendwann eng Kéier erëm geet, hei ass och Matgestaltung vun der Programmatioun, de Choix vum Programm awer och vun den Artisten, déi do mat maachen. Elo ass de Covid dertëschent komm, mee et ass jo nach net ofgeschloss, dir sidd jo nach eng Zäit derbäi.

Jo, genau, dat geet nach weider bis Mëtt 2023.

Proximitéit an de Kontakt zum Publikum ass Iech immens wichteg an Ären Performancen an dofir hutt der jo och elo aktuell e Projet a der Abtei Neimënster lafen.

Et ass déi Nähe an de Kontakt a wierklech de Kontakt zum Publikum, déi mer wichteg sinn an dofir hunn ech elo deen neie Projet entwéckelt, wou ech grad dëse Mount derbäi sinn deen auszeschaffen, wou och d'Première de 27. Mäerz ass. "Through the wire" heescht deen an et ass am Fong e Projet, en Telefonsgespréich tëschent mir an enger Persoun aus dem Publikum oder déi sech umellt, just mir zwee, déi matenee schwätzen an duerch eis Wierder en Danz kreéieren. Just an der Imaginatioun. Just duerch Wierder.

Wat fir mech wichteg war, wann ech net op d'Bün kann, da looss eis wéinstens e Gespréich maachen, fir datt ech wierklech Kontakt hunn an net just iwwer Screen, wou ech net weess, wie sech do ugemellt huet, mee da zoome mer einfach ganz eran eent zu eent an da weess ech, ech hunn ee begéint. Well et ass déi "Begegnung", déi mir wierklech wichteg ass.

Et ass déi éischte Kéier, datt ech net ka mäi Kierper asetzen, mee mat Wierder am Dialog mir wäerten eppes zesummen erschaffen. Et ass ganz spannend, ech freeë mech schonn drop.

D'Leit kënne sech dann nach mellen, fir mat Iech dat Telefonsgespréich kënnen ze féieren?

Genau! Mir hu momentan zéng Sessiounen elo am Mäerz an am Abrëll geplangt, op der Websäit vun Neimënster kann ee sech eng Sessioun buchen, da kënnt de Participant, dee sech dat gebucht huet an Neimënster, an e Raum, dee mer speziell gestalt hunn, do kritt hien eng kleng Introduktioun, gëtt empfaangen, ka sech do hi sëtzen a wäert dann dat Gespréich mat mir hunn.

Ech sinn net do, ech sinn iwwer de Sound derbäi, an dat dauert da 40-45 Minutten an zum Schluss gëtt et dann nach déi Méiglechkeet, datt déi Persoun hier Gedanken opschreift, mir hunn do eng Pinnwand, sech entspaant a kuckt wat do resonéiert, dat ganzt dauert dann insgesamt eng Stonn. An dann... dann war et dat!