arrow_back_ios

article

article

/ Fermeture vun de Filmland-Studioen: Verschidden Handwierker wiere besonnesch betraff

Kultur

|
reading time

1 min

Fermeture vun de Filmland-Studioen: Verschidden Handwierker wiere besonnesch betraff

D’Fermeture vun de Filmland-Studioen zu Kielen Enn Juli dierft eng Partie Handwierker, déi am Filmberäich schaffen, besonnesch haart treffen. Dat sot de Carlo Thiel, Tountechniker a Preisdent vun der Alta, der Associatioun, déi déi Concernéiert vertrëtt, de Moien am 100,7-Interview.

reading time

1 min

Carlo Thiel | © 100,7
Carlo Thiel (Foto: 100,7)

Fir déi betraffen Handwierker, déi am Filmberäich schaffen, wier d'Fermeture vum de Filmland-Studioen net just eng Fro vun Opträg, mee och vu Lokalitéiten. Well grad Usträicher, Schräiner oder och Leit déi am Dekor schaffen, hätten d'Studioen als hir "Homebase" benotzt, fënnt de Carlo Thiel.

"Also si haten en Atelier do. Do hu Leit dann hiert Geschier och stoe gelooss, well si wossten, si komme jo geschwë rëm fir en anere Film ze maachen. A fir déi ass et e grousse Verloscht, well déi elo einfach eidel do stinn.”

Fir Beruffer wéi Beleuchter, Maschinist oder Persounen, déi am Maquillage oder als Costumier schaffen, wier dat elo net esou tragesch.

Net méi rentabel 

D’Filmland war eng Privatinitiativ vu sechs Gesellschaften, déi 2012 gegrënnt gouf. Iwwer 80 Filmer goufen do gedréit. D’Fermeture ass aus wirtschaftleche Grënn decidéiert ginn. Ënner anerem hätt misste vill an d’Technik investéiert ginn, wat sech awer – de Produktiounsfirmaen no – net gelount hätt. 

De ganzen Interview kënnt Dir hei lauschteren.