Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Subtil a verstoppt

Pol Schmoetten - Holland träumen

Subtil a verstoppt

De Pol Schmoetten ass keen Auteur, dee permanent Neies publizéiert. Ëmsou méi freet ee sech dann op en neit Buch vum Gewënner vum Servais-Präis 2000. An datt et derwäert war erëm e puer Joer op Literatur vum Pol Schmoetten ze waarden, dovun ass d'Valeija Berdi iwwerzeegt. Dat neit Buch huet den Titel "Holland träumen".

auto_stories

3 min

Tage laufen - Worte finden - Holland träumen - Zeiten sehen - leben erinnern - Abschied nehmen

Sechs Kapitelen, sechs Zyklen vu Gedichter huet de Pol Schmoetten a sengem neie Band mam Numm "Holland träumen" publizéiert.

Dës sechs Kapitelen duerchlafen iergendwéi e Liewen, an esou wiesselt och d'Stëmmung, d'Faarwen, d'Gefiller, Betruechtungen an Iwwerleeungen. Et sinn net déi eenzel Altersetappen, mee d'Prozesser, déi e Liewen ausmaachen, et sinn emotional a visuell Momentopname vum Gelieftem an Erlieftem, Gedreemten a Gefaartem, vum Erënneren a vum Sichen. Sichen no Wierder:

"Komm Muse und Schwinge

Den Rohrstock prügele Sinn

Worte die tragen und klingen

In Kopf und Fleisch"

De "Rohrstock" huet de Schmoetten gebeetscht an hien huet genee déi Wierder fonnt, déi droen a klengen.

Méi Dimensiounen

Alles ass beim Schmoetten subtil, verstoppt. Seng Gedichter hu sproochlech an inhaltlech méi Niveauen, méi Dimensiounen, näischt ass linear, näischt ass direkt, an esou ass dës Lyrik och näischt, wat een einfach mol niewebäi liest oder séier iwwerflitt.

Et ass eng Lyrik, déi Zäit an e sech drop aloossen verlaangt a wat op den éischte Bléck kuerz a knapp erschéngt, ass eng Erausfuerderung, well den nächste Vers och mol en neie Sënn mécht also och en neit Gedicht oder et kann een och soen, datt sech hanner engem Gedicht en anert Gedicht verstoppe kann.

"Und trinken deinen Duft

Hoffnung hängt einen Mond

Mir ins Bild. Schwellendes Wasser

Legt den Traum einen Teppich

Ich liege allein am Ufer

Der Nacht und höre die Stille

Gedanken drönen"

Nieft der Natur an Emotioune fanne mer awer och ganz expressiv, pointéiert Zeenen vun enger Stad, engem Duerf, engem Moment aus dem Alldag, sou am Kapitel "Holland träumen":

"Regen fällt

Vom Glockenturm ein Entertainer

Um acht beginnt die Welt wo Regen

Spült den Kopf von der Nacht

Schafft Leere für neue Bilder

Lange Weile schon fallen

Schleier vor dem Fenster. Nässe"

An dann erginn och nei Verszeilen och en neie Sënn, e weidere Sënn, en anere Sënn. Weider am selwechten Gedicht:

"Gebückt gehen Nachbarn die Morgen

Parade. Lassen freche Bäckersglocke

Optimismus klingen. Winken

Herein mit Tüten bewährt und

Lächeln. Kein Vorhang trennt

Fremde Welten. Und schnell

Zum Frühstück zurück."

Et ass e permanent Spill mat de ganz koherent ausgewielte Wierder, déi wéi e Wandspill mateneen harmonéieren, mol méi duuss, mol méi fest kollidéieren, mee all neie Klang bréngt eng nei Atmosphär.

D'Faarwen sinn och ëmmer erëm decisiv Stëmmungselementer, zemools do, wou d'Gedichter op der Rees sinn.

Et ass sécherlech keng innovativ Lyrik, déi de Pol Schmoetten hei op genee 100 Säiten zesummebruecht huet, dofir accaparéiert si awer mat alle Sënner an an alle Sënner.