Radioen

On air

9 bis 1  |  Depeche Mode - Personal Jesus

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Steve Karier: "Ech hat kee Plang B"

Sot emol

Steve Karier: "Ech hat kee Plang B"

De Monodrama, oder anescht gesot d'Solo-Performance, ass eng Büneform déi eng ganz speziell Atmosphär bitt. Deem ass sech och de Lëtzebuerger Acteur Steve Karier bewosst an hien huet viru Joren de "Fundamental Monodrama Festival" an d'Liewe geruff.

auto_stories

4 min

Lauschterenplay_arrow


An dëse Fundamental Festival hat 2023 schonn seng 13. Editioun, an op en Neits ass de Steve Karier mam Festival méi wéi zefridden. Dat och well ganz vill Aarbechten, déi um Festival gewise goufen, Uropféierunge waren.

"Dat sinn Aarbechten, déi mir an där Form guer net gesinn hu virdrun. Wou mir net wëssen, wat doraus gëtt. Mir entdecke mam Festival genausou wéi Zuschauer. Et ass eng Situatioun, an där een de Kënschtler:inne Vertraue schenkt. Et huet ee geschwat mat hinnen an da seet een: maach eppes. Ee Fräiraum schafen, dat ass dat wou et eis drop ukënnt."

Am 6. Schouljoer war de ganz richtegen Ufank

Wou huet de Steve Karier seng éischt Schrëtt am Theater gemaach? Meeschtens kënnt engem den Escher Jongelycée an de Kapp an d'Theatergrupp ronderëm de Ed Maroldt. Mee de richtegen Ufank läit awer an der Primärschoul, wou e puer Jongen an der Klass e Film wollten dréien, an ee vun de Bouwe wollt dofir sengem Papp seng Super-8-Kamera klauen.

"Do hu mir séier festgestallt, datt mir esou vill Chance hätten, wéi eng Moundrakéit ze bauen aus Dixans-Këschten. Dat hu mir dunn opginn. An dunn déi nächst Iddi war Theater a mir duechten, dat kéint eppes ginn."

Am éischten an zweeten Trimester am 6. Schouljoer huet de Steve Karier zwee Projete mat Klassekomeroden op d'Bee gesat.

"Déi mir ëmmer an der Paus geprouft hunn an iergend eng Kéier, dat waren 10 Minutte Stécker, datt mir dat dann opgefouert hunn. Dat ass de ganz richtegen Ufank."

Ee Mouvement ass entstanen

De Steve Karier erënnert sech un déi Zäit dono am Jongelycée zu Esch, wou ronderëm Proffe wéi Ed Maroldt, Ad Deville a Gast Rollinger een Theatergrupp lancéiert gouf. Se si wéi de Steve Karier seet, ëmmer méi maans ginn an et ass ee Mouvement entstanen, deen aus dem Theater-Milieu komm ass, d'JIV, de Jugendintresseveräin.

"Mat Fuerderungen, déi politesch waren, awer net vereinahmt politesch, déi kenger Partei ënnerstanen huet. Dat war tatsächlech e bësse sou eng anarchesch Zäit vu jonke Leit, déi net nëmme fir Discoen 1.200 Leit zesumme kritt huet, mee och fir Maniffen."

Ech hu mir net zougetraut Schauspiller ze ginn

Op der Première huet sech am Fong dem Steve Karier säi Wonsch Schauspiller ze ginn méi a méi konkretiséiert. Hien hat awer Bedenken de Schratt ze maachen, esou datt hien och emol dru geduecht huet, fir Theaterwëssenschaften ze studéieren.

"Also esou Häh firwat dat? Also ech wollt dohinner an ech hu mir et net zougetraut. An et ass u sech eréischt am Premièresjoer wou dat gewuess ass."

Do krut de Steve Karier awer eng Roll mat grousse Bünepresenz am Frank Hoffmann senger Mise en scène vun "Trommeln in der Nacht" am Kasemattentheater.

Et wär net komplett sënnlos!

An dësem Stéck huet de Lëtzebuerger Acteur André Jung, dee grad ewéi de Steve Karier, just e puer Joer éischter, zu Stuttgart seng Schauspillformatioun gemaach huet, d'Haaptroll gespillt. An de Steve Karier huet sech mam Änder Jung gutt verstanen. An een Dag wou hie beim André Jung am Haus geschlof huet, koum et Moies zu dësen Ament mam Änder Jung

"Moies beim Kaffi hunn ech mech getraut fir ze froen, wat hien dann dovu géif halen, wann ech him elo géif soen, zum Beispill datt ech géif Schauspiller ginn. Do kuckt hien a sot: Hie géif dat net komplett sënnlos fannen!"

An dat ass duergaangen. Dat war fir de Steve Karier d'Signal: Maach et! An dat war och gutt esou, well de Steve Karier kee Plang B hat, wéi dat meeschtens bei him esou ass.