Radioen

On air

De Moien  |  Balthazar - I'm Never Gonna Let You Down Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spirituell a pragmatesch

Cineast

Spirituell a pragmatesch

Eng spirituell a mystesch Welt mécht d'Grenze vum Kino méi grouss op, esou de Rainer Sarnet am 100,7 Interview. Am Kader vum Cineast Filmfestival huet den estnesche Realisateur säin neie Film "November" virgestallt. An do fënnt een dann effektiv ee Mäerche mat Geeschter, Werwëllef, Kierchen a vill ellene Gesiichter.

auto_stories

3 min

"D'Mystik mécht och eist Denke méi op. Villäicht ass et net ganz logesch, vläicht brauch dëst Denken méi Intuitioun, méi Emotiounen". Trotzdeem war et dem Rainer Sarnet säin Zil eng realistesch an natierlech Geschicht z'erzielen.

"Ech wollt déi spirituell an déi pragmatesch Welt zesumme bréngen".

Fir sou no wéi méiglech un d'Realitéit ze kommen huet de Realisateur sech um estnesche Photograph Johannes Pääsuke inspiréiert. "Hien huet Photoen iwwert estnesch Bauere geholl ugangs dem 20te Joerhonnert. Sou krut ech eng anthropologesch Iwwersiicht doriwwer wei d'Mënschen deemools ausgesinn hunn a wei se gelieft hunn. D'Welt gesäit ganz realistesch aus mee iergendwéi och ongleeflech".

De Film baséiert um Andrus Kivirähk sengem Klassiker "Rehepapp". E bekannten Atheist an Estland. Dem Rainer Sarnet säin Zil wier et awer net een atheistesche Message ze senden. Am Géigendeel, den Zuschauer daucht dee ganzen Zäit an eng spirituell Welt an. "Ech hoffen datt de Jesus zum Schluss wäert gewannen". Estland wier zwar dat atheisteschst d'Land op der Welt, mee d'Leit géifen u Séile gleewen an hätten eng Staark Verbindung zur Natur. "Ech selwer gleewen un den hëllege Geescht".

"Ech gleewen un den hëllege Geescht"

"November" ass ee Film deen eng egoistesch a giereg Societéit erëmspigelt. Dat géif net nëmmen op Estland passe mee op déi ganz Welt esou de Rainer Sarnet. "Mir liewen all an enger giereger Welt. Se heescht "Kapitalismus".

Mir sichen alleguerten no eppes schéinem, eppes anerem, dat eis hëllefe kann an dëser Welt ze liewen".

November ass virun allem awer ee Film iwwert d'Léift. Et wier usech eng einfach Libesgeschicht iwwert eng Fra déi sech verléift, mee der hier Léift widdersprach gëtt. Obwuel d'Haaptprotagonistin ëmmer eleng ass, ass et hier Léift fir deen aneren déi am Mëttelpunkt steet. D'Léift ass deemno onofhängeg vun der Societéit esou de Rainer Sarnet.

Léift am Mëttelpunkt

Den estnesche Realisateur huet eng ganz Rei net-professionell Schauspiller a sengem Film benotzt. Si hätten him gehollef déi Einfachheet z'erhalen déi hie wollt. "Ech hu léiwer verzweiwelt Leit, wéi Leit déi spillen datt se verzweiwelt sinn. Ech wollt net datt d'Schauspillerei ze vill nuancéiert wier." Am Film "November" géif et eng ganz elle Welt ginn, deemno hätt de Rainer Sarnet och ganz elle Gesiichter gebraucht.

November fält virun allem duerch seng Visuell Konscht op. D'Biller kommen aus dem Mart Taniel senger Kamera. Ganz a schwaarz a wäiss kreéiert den estnesche Cinematographer eng perfekt Harmonie tëschent Dekor, Luucht an Aktioun. Hien spillt mat de Kontraster a kréieirt e visuellt Gedicht. Virum Storyboard hätt sech de Rainer Sarnet u Chineseschen a japanesche Geeschtergeschichten inspiréiert.

Schwaarz/wäiss Harmonie

Fir déi passend Musek huet de Rainer Sarnet mam jonke polnesche Komponist Michał Jacaszek geschafft. Et ass déi elektronesch akustesch Musek déi dem Film eng bestëmmte gruseleg Atmosphär gëtt.

"Ech hunn en Interview mat him gesi wou hie seet datt d'Musek an engem Film soll duerchsiichteg sinn. An dat huet mir gefall. De Jacaszek ass allerdengs ee ganz reliséiese polnesche Katholik. Am Ufank wollt hien net mat maachen, well lauter blasphemesch Seenen am film sinn."

Nodeems hien allerdéngs den éischte Ausschnëtt gesinn hätt hätt hien direkt zou gesot.

60 Deeg huet den Dréi gedauert. Well d'Crew huet missten op déi richteg Wiederkonditioune waarden. Virun allem déi vill Déieren déi matgespillt hunn wiere problematesch gewiecht. "D'Gees war zum Beispill en immens gudde Schauspiller. Mee dat schwaarzt Schwäin, do hu mir laang gebraucht".

Lauschteren : ITW Rainer Sarnetplay_arrow