Radioen

On air

Notturno  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spectatrice vum Liewen

Luxfilmfest

Spectatrice vum Liewen

Den hollännesch-belsche Familljendrama "Becoming Mona" erzielt d'Geschicht vun enger jonker Fra, déi weider net opfält, mee vill ze soen hätt. E schwieregen Typ vu Personnage gëtt hei visibel gemaach.

auto_stories

2 min

Mënschen, déi am Liewen net weider opfalen, sti seelen am Mëttelpunkt vu Fiktiounsfilmer. Wie sech bal ni ze Wuert mellt, näischt Spektakuläres erlieft, mol net an iergend enger Form Affer oder Täter ass, deen ass net grad telegen, a fir d'Filmindustrie ëmsou manner interessant. An iwwer genee esou e marginale Personnage geet et am belsch-hollänneschen Drama "Becoming Mona" vum Duo Sabine Lubbe Bakker an Niels Van Koevorden.

D'Haaptprotagonistin Mona gëtt an dräi verschiddene Liewensphase gewisen. Fir d'éischt emol als jonkt Meedchen, dat seng Mamm bei engem Autosaccident verluer huet. Iergendwa bréngt de Papp (Tom Vermeir) eng nei Fra (Wine Dierickx) mat heem, déi dem Mona seng nei Mamm soll ginn an eng Schwësterchen op d'Welt bréngt.

Duerno erliewe mer d'Mona als jonk Fra, an Tëschenzäit Dramaturgin an enger Theatercompanie, wéi si e Mann kenneléiert. Am drëtten a leschten Akt läit der Mona hire Papp um Stierwen - de kriibskranke Mann vertraut senger Duechter nach ee lescht wichtegt Geheimnis un.

Déi jonk Fra frësst alles a sech eran

D'Mona wierkt gréisstendeels wéi eng Black Box, déi enregistréiert, wat ronderëm se passéiert. Dobäi gëtt d'Famill vun enger Rei Problemer belaascht. Nieft dem Verloscht vun der Mamm ass et eng Stéifmamm, déi u manesch-depressive Stëmmungsschwankunge leit. D'Kamera fänkt hir sëlleg Krisen an, schwenkt eriwwer bei déi aner Familljemembere fir hir hir Reaktiounen ze filmen - um Mona bleiwe mer ëmmer nëmme kuerz hänken. Et schéngt net ze reagéieren, also kann et nees aus dem Bild verschwannen.

Änlech verhält et sech bei den Theaterprouwen. Wann den egozentresche Regisseur erëm iergend een zur Sau mécht, zitt hien déi ganz d'Opmierksamkeet op sech. D'Mona sëtzt dobäi an hält de Mond, d'Kamera zitt laanscht. Souguer bei hirem Liewenspartner, engem narzisstesche Schrëftsteller, dee sech an engem Stéck beschwéiert, kritt d'Mona praktesch kee Wuert eraus - a Wierklechkeet frësst et alles a sech eran.

Zréckhalung a Spuersamkeet

Déi flamännesch Actrice Tanya Zabarylo verkierpert d'Mona als jonk Fra mat der néideger Zréckhalung a Spuersamkeet. Mat liichte Verännerunge vum Gesiichtsausdrock gi positiv oder negativ Reaktiounen ugedeit. Et spiert een, datt déi Fra eppes ze soen hätt, mee sech net traut. An et waart een op de Moment, wou et aus em erausplatze muss.

"Becoming Mona" geléngt et, déi richteg Palette u filmesche Mëttelen ze fannen, fir e besonnesch komplexe Perséinlechkeetstyp visibel ze maachen. E groussen Deel vum Merite kënnt sécherlech der schauspillerescher Leeschtung vun der Haaptactrice zegutt.