Radioen

On air

Notturno  |  Friendship - Ugly Little Victory

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sophia, der Tod und ich

Theaterkritik

Sophia, der Tod und ich

Fussball, Béier an eng Portioun Matleed mat sech selwer. Esou gesäit d'Liewe vum Mann aus, deen an dësem Stéck keen Numm huet. Bis zu deem Moment, wou den Doud virun der Dier steet an op eemol alles anescht kënnt, wéi ee mengt. Souguer den Doud gëtt iwwerrascht. "Sophia, der Tod und ich" ass eng Theaterëmsetzung vum Roman mam selwechten Numm vum dätsche Museker Thees Ullmann.

auto_stories

3 min

Den Doud ass seelen en Theema, mat deem ee sech allzegäre beschäftegt, obwuel en de Meeschter an der Literatur, am Film an am Alldag ass. Obwuel mer wëssen, datt mir him alleguer enges Daags selwer begéinen. Enges Daags, awer wgl. net haut an eventuell och net muer.

Dräi Minutte fir Äddi ze soen

Wat mécht een dann, wann den Doud, ganz manéierlech, un der Dier schellt, net am schwaarzen Ëmhang an der Séissel am Grapp, mee am schicke Kostüm, an derbäi och nach jonk an attraktiv ass?

Esou ergeet et dem Mann ouni Numm am Stéck "Sophia, der Tod und ich". E Mëttdrësseger, dee sech virun allem fir Fussball a seng alldeeglech Fläsch Béier begeeschtert, sech e bësse selwer bematleet a soss net vill mat sengem Liewen unzefänke weess.

Wéi den Doud un der Dier schellt, léisst de Mann hien eran, an den Doud erkläert him, datt hie just nach dräi Minutten huet, fir sengem Liewen Äddi ze soen.

D'Liewen als Aventure

Mee och den Doud kann aus dem Konzept bruecht ginn an esou kënnt natierlech alles anescht wéi geplangt. An amplaz de Mann matzehuelen, léiert den Doud mol d'Liewe kennen a genéissen.

Zesumme mam Mann a mat senger zimmlech iwwerdréiter Ex-Frëndin Sophia stierzt den Doud sech an d'Aventure, dat Liewen heescht.

An hie mécht dat mat gréisste Genoss, entdeckt d'Raffiness vu Magie, vum Béier a weist, datt och den Doud just e Geschäft ass, wou een d'Konkurrenz ausschalte muss.

Pechschwaarzen Humor

Wann ee bis mierkt a wéi eng Richtung dëst Stéck geet, dem däitsche Indi-Pop Museker Thees Ullmann säi Roman mam selwechten Numm ass d'Virlag vun dësem Stéck, da kéint d'Suerg opkommen, et wier een enger annerhallwer Stonn Klamauk a platte Witzer ausgeliwwert. Virun allem, wann een als Zuschauer mol eng Fläsch Béier vun engem Boxershorts-bekleete Schauspiller ugebueden a Froen iwwer den däitsche Fussball gestallt kritt.

Ëmsou méi ass een dann iwwerrascht vun der intelligenter Komik. Dësen Doud huet enormen Humor, pechschwaarz natierlech, d'Noblesse oblige.

Tëschent total grotesken, knallhaarden an dann awer och absolut naiven Aussoen a Vuen, kommen ëmmer méi nodenklech Momenter dertëschent. Déi sinn dann net ganz originell a philosophesch, mee si huelen e bëssen den Tempo eraus, wat dem Stéck absolut guttdeet.

E wonnerbaren Optrëtt

Et ass schwéier ze soen, wie vun den dräi do de Star ass, well si sinn alleguer einfach wonnerbar an hire Rollen. Virun allem awer d'Anika Baummann an der duebeler Roll, mol als Sophie, d'Ex-Frëndin, déi eng ganz Palett vun oberschlaue Spréch drop huet, hiren Ex sou zimmlech wéi en aarme Geescht do stoe léisst, an dann nach méi iwwerzeegend, an der Roll vun der Mamm vum Mann. Do ass si einfach wonnerbar, mat hiren Hugenotten-Spréch.

Derbäi kommen nach e puer ganz originell Uspillungen un Esch 2022 an de Public gëtt och net verschount, mee dat ass ganz léif a harmlos.

D'Anika Baumann, den Henner Momann an de Julian von Hansemann an der Roll vum Doud si beim Mainzer Staatstheater ënner Kontrakt a wat een eben kloer mierkt, et stinn hei keng Amateuren op der Bün. Si dräi schreiwen sech och fir d'Regie an den Dekor responsabel.