Radioen

On air

Tockcity  |  The Mysterines - Stray

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Skurril an iwwerraschend Portraiten aus dem Alldag

Literatur

Skurril an iwwerraschend Portraiten aus dem Alldag

"Was habe ich verpasst" - an dat ouni Froenzeechen - ass den Titel vun den zwielef Kuerzgeschichten vun der Nora Wagener, déi bei Éditions Guy Binsfeld erauskomm sinn. D'Schrëftstellerin beschreift Alldagssituatiounen, andeem si eng weider Kéier hir reng a musikalesch Sprooch ënner Beweis stellt.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / Alla_Greeg & Editions Binsfeld

Am Kontext vun enger Participatioun um "Schreibkurs für kreative Köpfe" ass de Personnage an der éischter Geschicht "Der alte Schnee" op enger Liesung a waart op den Auteur an op de Brudder.

Iwwerdeems stellt sech de Protagonist sëlleg Froen iwwer de Prozess vum Schreiwen, de Prozess vum Denken an iwwer d'Liewen als Schrëftsteller, iert seng Gedanken an eng surreal Welt ofdriften, déi un dem Magritte seng Imaginatioun erënneren.

Realistesch an intim Momentopnamen aus dem Alldag

No dëse komplexen a laange Sätz an der éischter Erzielung féiert d'Nora Wagener an eng ganz realistesch Welt.

Et si Momentopnamen, déi un dem Friedo Lampe seng Geschichten am Buch "Septembergewitter" denke loossen. Hei ass da keng Vue aus engem Ballon, mee et huet een den Androck, eng Kamera géif net just Biller, mee och Gedanke vun de jeeweilege Figuren afänken an een op eng ganz intimistesch Manéier drun deel huele loossen.

Hei eng Botzfra, déi an enger Schoul schafft a Froen un d'Schwaarzt Briet, dat eigentlech fir Annonce geduecht ass, hänkt, do Geschichte vu Kanner, déi, um Wee zum Erwuesseginn, hir méi kleng a méi grouss Grenzen entdecken.

Skurril Personnagen an engem Bistro, Männer op der Flucht virum Alldag, hoffnungslos Relatiounen tëschent ganz ënnerschiddleche Mënschen - eben d'Matière, déi d'Liewe schreift.

An d'Nora Wagener schreift dës verschidde Liewen an der fir si typescher an awer ëmmer erëm iwwerraschend-erfrëschender Manéier. Et ass d'Prezisioun vun de Gedanken an den ausgewielte Wierder fir déi ëmzesetzen, déi der Schrëftstellerin hir Stäerkt fir Kuerzgeschichte weisen.

Eng iwwerzeegend prezis-musikalesch Sprooch

Och wann esou munch Protagonisten ëmmer erëmkommen, sinn d'Geschichte bal ni direkt matenee verbonnen. Et gesäit einfach no Zoufall aus, esou wéi de Choix vun de Situatiounen un e Flanéieren duerch d'Welt empfanne léisst.

En onwillkürlecht Stoebleiwen, Nokucken, Nolauschteren a Mathuelen... Iergendwou matzen dran an engem Liewen, an enger Stad, op engem Schoulhaff, bei Kanner, bei enger eelerer Koppel, bei Frënn, bei Mënschen, déi eleng sinn.

Et si keng positiv Erzielungen, mee duerch d'Musikalitéit an d'Rengheet vun hirer Sprooch, déi ee schonn an der Nora Wagner hirem Buch "Larven" entdecken a genéisse konnt, kréien all dës Liewenszeenen eng Liichtegkeet a Spannung, datt een agefaange gëtt, datt een déi dach éischter onglécklech a verzweiwelt Mënsche mat Empathie begleet an och erëm goe léisst.