Radioen

On air

Tockcity  |  The Weeknd, Justice - Wake Me Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schreiwen als Waff géint de Krich

Literatur

Schreiwen als Waff géint de Krich

Zanter 2011 lieft déi syresch Schrëftstellerin a Journalistin Samar Yazbek am Exil. Weltwäit engagéiert si sech fir d'Rechter vun de Fraen, och an hirer Literatur. D'Valerija Berdi ass der Samar Yazbek um Literaturfestival Etonnants voyageurs begéint.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow

Wou et am Fréijoer 2011 a Syrien mat den ëffentleche Protester géint de Regime vum President Baschar-al-Assad lass gaangen ass, war si mat op der Strooss. Déi 1970 gebuer Samar Yazbek, Journalistin, Feministin, Schrëftstellerin an Dréibuchautorin huet Manifestatioune mat organiséiert an iwwer d'Revolutioun geschriwwen.

"Ce moment était très important pour moi, c'était comme une lumière dans ma vie."

Mëssbrauch vu Muecht an all senge Formen

Si wier festgeholl a gefoltert ginn, ass op verschiddenen Internetsäiten ze liesen. Des Aussoen dementéiert d'Samar Yazbek.

Hirt Engagement ass scho laang virun der Revolutioun a Syrien ugaangen. An hirem éischte Roman devoiléiert si Repressiounen, déi vun der Gesellschaft, der Famill an der Relioun, der Politik an dem Militär ausginn a gräift de Mëssbrauch vu Muecht an all senge Formen un.

Si selwer ass mat 16 Joer bestuet ginn an huet e Kand kritt. Datt forcéiert Bestietnesser och e Sujet an hirer Literatur sinn, läit dann och op der Hand. Zanter 2011 lieft d'Samar Yazbek zu Paräis.

Heemlech Reesen zréck a Syrien

A Syrien ass si net méi erwënscht. Trotzdeem geet si reegelméisseg dohinner zréck.

"Je n'ai pas le droit, mais je retourne de manière clandestine, pour faire mon travail, pour écrire."

D'Buch "Les portes du néant" ass d'Resultat vun dësen heemleche Reesen a Syrien. Hei bericht si ganz onbaarmhäerzeg iwwer d'Konsequenze vum Krich: Gewalt u Kanner, u Fraen, u Männer.

D'Aktualitéit verschaffen

Nieft hirer journalistescher Aarbecht ass fir d'Samar Yazbek och d'Literatur e Moyen, d'Aktualitéit ze verschaffen.

2012 grënnt d'Samar Yazbek Women Now for Development. Eng ONG, déi sech a ville Länner fir déi sozial an ekonomesch Stäerkung vu Fraen asetzt.

E Liewen am Exil

Trotz hirem groussen Engagement, hirer Literatur an internationaler Unerkennung, leit d'Samar Yazbek ënnert hirem Liewen am Exil. Et wier net einfach, awer gläichzäiteg eng Geleeënheet, d'Erfarung ze deelen.

"L'exil n'est pas un concept pour une vie humaine. En même temps, on doit réfléchir, comment donner de l'espoir et lutter et continuer la vie."

Den Ursaache vum Béisen op d'Spuer goen

An hirem leschte Roman "La demeure du vent" ass de Krich an déi syresch Gesellschaft natierlech och de Sujet. De Bléck gëtt eis erméiglecht duerch d'Ae vum jonken Zaldot Ali, deen um Buedem läit a sech wënscht op de Bam a sengem Duerf kënnen ze fléien. Op de Bam, dee schonn a senger Kandheet säi Refuge war. D'Natur als Kontrast zum Krich.

Obwuel si selwer vum Krich a vun der Ënnerdréckung betraff ass, gëtt et fir d'Samar Yazbek kee Schwaarz a Wäiss, an och dat Béist am Mënsch huet seng Ursaachen, deenen si ëmmer erëm op d'Spuer geet, och an dësem Roman.

"La demeure du vent" vun der Samar Yazbek ass bei Éditions Stock eraus komm.