Radioen

On air

Notturno  |  Joanna Sternberg - Without You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schrëftsteller:in sinn a Krisenzäiten

Déi wonnerbar VaLibrairie

Schrëftsteller:in sinn a Krisenzäiten

Kricher gouf et a ginn et permanent, de Krich an der Ukrain schéngt eis awer méi ze betreffen, net just vun de bewaffenten Ausenanersetzungen hier, net just am Kontext vun enger sougenannter Flüchtlingswell, mee och ekonomesch a sozial. Vill Mënschen hunn Ängschten, virun den finanziellen Auswierkungen awer och Angscht, dëse Krich kéint zu engem Drëtte Weltkrich féieren.

auto_stories

1 min

A Krisenzäite sinn et Kënschtler - sief et an der bildender Konscht, am Film, an der Musek an natierlech an der Literatur -, déi hir Andréck, hir Emotiounen artistesch verschaffen. Wéi geet et de Lëtzebuerger Autor:innen haut, wéi erliewen si d'Aktualitéit a wéi en Afloss huet dat op hiert Schreiwen?

Fir doriwwer ze diskutéieren sinn invitéiert an der wonnerbarer VaLibrairie: d'Lyrikerin Ulrike Bail, den Dichter a Schrëftsteller Jean Portante, a vu Berlin aus ass den Auteur Maxime Weber zougeschalt. Weider ass d'Professer Dokter Jeanne Glesener vun der uni.lu Invitée, fir iwwer eng rezent Konferenz ze schwätzen, déi si an Italien mam Sujet Literatur an der Militäroccupatioun organiséiert hat.