Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Salvator Mundi", awer keen originalen Da Vinci?

Kultur

"Salvator Mundi", awer keen originalen Da Vinci?

Ass deen deiersten Tableau vun der Welt, "Salvator Mundi", awer keen echten Da Vinci? En Documentaire, deen d'nächst Woch op France 5 gewise gëtt, relancéiert d'Kontrovers ëm dat 450 Milliounen Dollar-Bild. De Michel Delage erkläert dës Affär, an där et ëm d'Derive vum internationale Konschthandel virum Hannergrond vun de franséisch-saudesche Bezéiunge geet.

auto_stories

3 min

Enn 2019 hätt de Christus-Portrait mam Titel "Salvator Mundi" (also Retter vun der Welt) sollen am Kader vun enger grousser Da Vinci-Ausstellung am Louvre gewise ginn. De saudesche Krounprënz Mohammed bin Salman hat d'Wierk zwee Joer méi fréi via e Vermëttler op enger Stee am New Yorker Auktiounshaus Christie's fir 450 Milliounen Dollar kaf - sou vill Suen hat bis dohin nach kee fir e Konschtwierk ausginn. Dobäi war de Wäert vun deem Tableau bannent ganz kuerzer Zäit spektakulär geklommen.

Vun den eppes iwwer 1.000 Dollar, déi en amerikanesche Gallerist nach 2005 fir dat an engem schlechten Zoustand erhalene Bild bezuelt hat, war de Präis 8 Joer drop schonn op 75 Milliounen Dollar geklommen - Keefer: deen hei zu Lëtzebuerg bekannte Schwäizer Yves Bouvier -, ier de russeschen Oligark Dimitri Rybolovlev 127,5 Milliounen op den Dësch gebliedert hat. Wéi konnt dat passéieren? An Tëschenzäit war de "Salvator Mundi" vun der Londoner National Gallery restauréiert an ausgestallt, a virun allem vun engem prominente britesche Konschtkenner als originalen Da Vinci authentifizéiert ginn. Am November 2017 huet dunn den "MBS" genannte saudesche Krounprënz mat senge 450 Milliounen Dollar sämtlech Rekorder gebrach. Zënter deem ass de Portrait vum Jesus a Renaissance-Gewand a viru schwaarzem Hannergrond net méi an der Ëffentlechkeet gewise ginn - anescht ewéi geplangt gouf den Tableau nämlech net wärend der Da Vinci-Expo am Louvre ausgestallt. An do kënnt d'Politik an d'Spill.

Macron: Keen 100 prozentegen Da Vinci

En Documentaire vum franséische Journalist Antoine Vitkine, deen den Dënschdeg 13. Abrëll op France 5 gewise gëtt a sech mat den Derivë vum internationale Konschthandel beschäftegt, werft wéi et schéngt serieux Froen op iwwer d'Authentizitéit vum "Salvator Mundi", déi iwweregens och virdrun net onëmstridde war.

Dem Documentaire no hätt de saudesche Krounprënz eng ganz präzis Virstellung gehat, wéi säi Milliounen-Invest am Louvre sollt placéiert ginn: nämlech direkt nieft dem Da Vinci senger Joconda, mam Hiwäis, datt et sech och beim "Salvator Mundi" ëm en 100 prozentegen Da Vinci géif handelen - en extrem raren Artikel, deemno. Et versteet sech vum selwen, datt den Invest esou zousätzlech geséchert gi wier, besonnesch och en vue vun der prestigiéiser Konschtsammlung, déi Saudi Arabien aus "soft power"-Zwecker op d'Bee stelle wëllt a vun där de "Salvator Mundi" d'Käerstéck soll sinn.

Déi franséisch Regierung soll de saudesche Fuerderunge géigeniwwer positiv agestallt gewiescht sinn, wéinstens am Ufank. Ëmmerhinn hätt een domat d'Relatioune mat Saudi-Arabien, engem wichtege Klient vun der franséischer Waffenindustrie, gestäerkt. Wieren do net d'Experte vum Louvre gewiescht, déi op eemol Zweiwelen ugemellt hätten: de "Salvator Mundi" wier net wierklech vum Meeschter selwer gemoolt ginn, mee vu sengen Assistenten. Doropshinn hätt de franséische President Macron d'Saach zugonschte vum Louvre entscheed: also keen 100 prozentegen Da Vinci. Ënnert deene Konditiounen hätt Saudi Arabien d'Bild och net méi wëllen zur Verfügung stellen.

Vill Froe bleiwe weider op

Virausgesat, deen Zeenario, deen den Documentaire entwéckelt, ass richteg, bleift nach muneches an där Affär ze klären. Zum Beispill, ob et dem Emmanuel Macron wierklech nëmmen ëm d'Reputatioun vum Louvre gaangen ass, oder ob nach aner Facteure bei senger Decisioun matgespillt hunn. Onkloer bleift och d'Expertise vum Louvre. Der spezialiséierter Publikatioun The Art Newspaper no hätten d'Spezialiste vum Paräisser Musée de "Salvator Mundi'' nämlech duerchaus als en echten Da Vinci ausgewisen, an zwar an engem Bichelchen, dat am Kader vun der Expo virbereet gi war, dann awer séier aus dem Verkéier gezu gouf... A wat soll ee vun der Ausso vum Journalist Antoine Vitkine op France Inter halen, datt deen Tableau - ëmmerhin deen deiersten op der Welt - ni um leschte Stand vun der Wëssenschaft iwwerpréift gi wier, op d'mannst emol virun der Analys am Louvre?